Firwat mécht deen dat?
Sonntagskommentar zum 32. Sonntag im Lesejahr C - Gérard Kieffer (09.11.2025)
Show time! Dee soss esou gefaasste Jesus kënnt am Evangelium vun dësem Sonndeg zimmlech aggressiv eriwwer. Et ass déi eenzeg Zeen am Evangelium, wou een de Jesus gewalttäteg gesäit. Do muss him wuel gewalteg eng iwwer d’Liewer gelaf sinn!
Dobäi ass am Tempel just dat geschitt, wat ëmmer ëm dës Zäit lass war. Schliisslech huet ee fir déi verschidde Kulthandlungen ënnerschiddlech Déiere gebraucht. Well d’Tempelsteier net a réimesche Mënze mee an enger eegener Tempelwärung bezuelt huet misse ginn, waren am Viirhaff vum Tempel och fir eng kuerz Zäit Wiesseldëscher opgestallt.
Alles war ganz normal, wéi ëmmer.
Mee dat schéngt de Jesus ze stéieren: „Ganz normal, wéi ëmmer” muss net ëmmer richteg sinn.
De Jesus freet net, dass e bëssen opgeraumt soll ginn. E schléit och net vir, d’Prioritéiten e bëssen ze änneren. Et geet hei net ëm méi Uerdnung. E schwätzt Kloertext. Geheit eraus, wat hei keng Plaz huet. Besonnesch sensibel oder schounend wierkt dat net.De Johannes erzielt direkt virun dëser Episod am Tempel vum Wäi-Wonner zu Kanaa, dem éischten Zeeche vum Jesus. Aus Waasser gëtt Wäin, e bedéngungsloost Geschenk vu Gott, fir dass dat Hochzäitsfest, d’Fest vun engem neie Liewen, eng Reussite ass. Am Uschloss vun der Tempelepisod erzielt de Johannes vun engem Gespréich tëscht dem Jesus an dem Nikodemus. An dësem Gespréich mécht de Jesus däitlech, dass nëmmen deen, dee nei gebuer gëtt - wien also Ales hannert sech léisst, dem Härgott säi Räich gesi wäert.
Tëscht dës zwee Momenter - dem fräie Geschenk vu Gott an der Noutwendegkeet, nei ze Denken - setzt de Johannes d’Geschicht vum Raume vum Tempel.
Bei den aneren 3 Evangeliste kënnt dës Episod och vir, de Johannes ergänzt awer mat enger Bemierkung iwwer d’Zerstéierung vum Tempel a verännert ee Wuert: wärend déi aner Evangelisten dem Jesus d’Wuert vun der « Raiberhiel » an de Mond leeën, schwätzt de Jesus am Johannes senger Erzielung vun enger « Maarthal ». Dëst Wuert ass entscheedend, fir d’Motiv vum Jesus ze verstoen.
Kann ech mir dem Härgott seng Léift, säi Verzeien, seng Hëllef kafen? Dës Fro kléngt absurd - an awer: ass et net genau dat, wat als Gefor ëmmer erëm optaucht? Ich kafe mir Gott! Am Tempel gëtt peinlech genau drop opgepasst, dass kee réimescht oder heednescht Geld erakënnt; d’Opferdéieren musse ‘koscher’ sinn, d’Geschäftsleit - déi e gutt Geschäft maachen - brauchen eng Zertifizéierung. Dat alles bréngt Suen an d’Keess. Awer firwat? Fir dass Mënschen, déi Gleeweg, sech domat dem Härgott seng Zouwendung erkafe kënnen. Ass dat net den Zweck vun esou Tempelen: dass de Mënsch a Verhandlung mat Gott kënnt?
Hei en Opfer an hei eng Hëllef; hei e Gebiet an do en Agräife vum Härgott; hei e Verspriechen an do eng Verännerung vun de Verhältnesser?
Nee! Dir maacht aus dem Haus vu mengem Papp eng Maarthal! Dir kënnt dem Härgott seng Léift net kafen.
De Johannes setzt dës Episod un de Ufank vum Wierke vum Jesus - och fir däitlech ze maachen, wourëms et dem Jesus geet: et geet em eng grondsätzlech Verännerung vun de Verhältnesser. An dës Verännerung kënnt nëmmen doduerch, dass de Mënsch seng Verantwortung iwwerhëlt a selwer am Rumm vu senge Méiglechkeeten aktiv gëtt.