lb fr pt en
Sonndesmass  
1. Oktober 2021

D’Mass vum 3. Oktober gouf vu Sëll iwwerdroen

D’Sonndesmass vum 3. Oktober gouf aus der Kierch vu Sëll iwwerdroen. Et séngt d’Chorale Sainte Cécile Sëll ënnert der Direktioun vum André Wio. Op der Uergel begleed de Raoul Schmit. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Bei dëser Mass gëtt den CovidCheck-System ugewannt, d.h. d’Leit, déi gären un der Mass deelhuelen, sollen w.e.g. hiren Certificat matbréngen.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte Cécile Sëll

Gegrënnt ginn ass d’ « Chorale Sainte Cécile vun Sëll » em 1860 als kierchlechen Männerchouer; 1996 ass dunn decidéiert gi fir aus dem Männerchouer en gemëschten Chouer ze maachen. Am Joer 2009 hunn mer eisen 150ten Anniversaire gefeiert.
Haut sinn mer zesummen mat eisem Dirigent, dem André Wio, zu 12 Memberen (7 Damen an 5 Hären). Aktiv sinn mir weider als Kirchenchouer. Fir Leit déi interesséiert sinn: eis Prouwen sinn all Mëttwochs vun 8 Auer owes un an der Kierch ; jiddereen ass häerzlech wëllkomm fir bei eis matzemaachen.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Liebster Herr Jesu J.S. Bach
Agangslidd Nous sommes le corps du Christ LD 104
Kyrie Meine engen Grenzen LD 123
Gloria Gloria LD 146
Alleluja Alléluia LD 208
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Ave Verum W.A. Mozart
Sanctus Saint, saint est le Seigneur LD 246
Agnus Dei Agneau de Dieu LD 282
Kommiounslidd C’est toi, Seigneur LD 294
Schlusslidd Ein Haus voll Glorie schauet
Sortie Schaff’s mit mir, Gott, nach deinem Willen J.S. Bach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu