Nei liturgesch Iwwersetzung vum “Notre Père”
Matdeelung vun der diözesaner Liturgiekommissioun
Mat der neier franséischer Bibeliwwersetzung gëtt di 6. Demande vum Notre Père an de franséischsproochegen Diözese geännert. Aus der Formuléierung “Et ne nous soumets pas à la tentation” gëtt dann “Et ne nous laisse pas entrer en tentation” .
Dee franséischsproochegen Deel vun der Belscher Bëschofskonferenz huet dës nei Versioun scho Päischten 2017 agefouert a mam Ufank vum neie Kierchejoer, den 1. Adventssonndeg 2017, trëtt dës nei Iwwersetzung dann och an alle franséischen Diözesen a Kraaft.
Well d’Oktav 2018 ënnert dem Thema vum Vater unser wäert stoen, féiert d’Äerzdiözes Lëtzebuerg di nei Versioun vum Notre Père eréischt an der Ouschterzäit 2018 an alle Poren an. Dëst geschitt am Kader vun der OKTAV 2018, déi vum 21. Abrëll bis 6. Mee 2018 stattfënnt. Déi kommend Méint kënne genotzt ginn, fir sech mam Vater unser als zentraalt Gebiet fir all Chrëschten ausenanerzesetzen. Impulser heizou fënnt ee vun elo u regelméisseg um Site vu www.cathol.lu.
http://www.eglise.catholique.fr/app...
D’Iwwersetzunge vum Vater unser op däitsch, lëtzebuergesch, portugisesch, spuenesch, italienesch asw. bleiwen am Moment onverännert.
- Gemeinschaften & Kongregatiounen . Communautés & Congrégations
- Spezifesch Pastoral . Pastorale spécialisée
- Sakramenter . Sacrements
- Héichschoulpastoral . Pastorale universitaire
- Ökumen & Interreliéisen Dialog . Oecuménisme & Dialogue interreligieux
- Foire aux questions (FAQ)
- Frequently Asked Questions (FAQ)
- Perguntas Frequentes (FAQ)
- Heefeg gestallte Froen (FAQ)