lb | fr | pt | en |
Feierlech Jubiläumsmass an Ernennung vu Chanoines-honorairen
Ofschloss vun der marianescher Woch an der Kathedral
Als Danksagung fir 150 Joer Diözes Lëtzebuerg an als Ofschloss vun der marianescher Woch ass an der Kathedral den 18. Oktober eng feierlech Pontifikalmass gefeiert ginn. An deem Kader huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich véier nei Chanoines-honorairen ernannt. Et handelt sech ëm folgend Geeschtlech: Abbé Georges HOFFMANN, Curé-modérateur vun der Par Steesel-Walfer Sainte-Trinité; Abbé Jos. ROEMEN, Curé-modérateur vun der Par Clierf Saint-Benoît; Doumkapitular Gregor KAULING, Paschtouer a Wallfahrtsrektor vu Kevelaer St. Marien a Mgr. Franz-Joseph GEBERT, Weibëschof zu Tréier.
Wärend der Feier kruten si, no der Priedegt vum Kardinol, vun him a vum Doumpropst Georges Hellinghausen d’Mozetta ugeluecht an d’Ernennungsurkunde iwwerreecht. Zesumme mat Vertrieder vum Doumkapitel hunn si an der Mass assistéiert, de Weibëschof Gebert huet, esou wéi di aner Bëscheef, konzelebréiert.
- Francis Erasmy und Massimo Tellan zu Ehren-Domherren ernannt
- De Generalvikar Patrick Muller an den Deche Claude Bache goufen an d’Doumkapitel opgeholl
- Feierlech Jubiläumsmass an Ernennung vu Chanoines-honorairen
- Doumkapitel . Chapitre cathédral
- Chanoine Jean Ehret und Chanoine hon. Andreas Heinz offiziell eingeführt