lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Mäertert iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 19. November um 9 Auer aus der Kierch vu Mäertert iwwerdroen. D’Chorale Mixte Ste Cécile Mertert huet ënnert der Leedung vum Albena Petrovic gesongen, op der Uergel huet den Emile Hau begleet.
Chorale Mixte Ste Cécile Mertert
De Gesangveräin «Chorale Mixte Ste Cécile Mertert» ass den 11. September 1970 gegrënnt ginn, wéi den «Cäcilienveräin» an de Kierchechouer, allen zwee Männerchéier, fusionéiert hunn. Wor de Gesang bis dato de Männer virbehale, sou konnten vun elo un och Fraen dem nei gegrënnte Veräin bäitrieden.
Mat onsem stëmmege Gesang an mat Freed gi mir de kierchleche Fester dee richtege Klang. Spirituell a weltlech Concerten stinn all Joer bäi ons um Programm. Wie Spaass um Gesank a Gesellegkeet huet, ass bäi ons häerzlech wëllkomm.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Prélude solennelle | Paul Wachs |
---|---|---|
Agangslidd | Jubilate Deo | Lecot |
Kyrie | Messe de la grâce divine | Camille Rodenbour |
Gloria | Gloria de Taizé | |
Alleluja | Alleluia byzantin | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Herr deine Güte reicht so weit | Grell |
Sanctus | Messe de la grâce divine | Camille Rodenbour |
Anamnèse | Il est vivant | arr. Marcel Weis |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe de la grâce divine | Camille Rodenbour |
Kommuniounslidd | Tibie paiom | Dmytro Bortnianski |
Schlusslidd | Caecilia, wie lieblich klingt | |
Sortie: Uergel | Ite missa est: Toccata in Honorem Sanctae Caecilia | Emile Hau |
Chouer: Chorale Mixte Ste Cécile Mertert
Dirigent: Albena Petrovic
Organist: Emile Hau