lb | fr | pt | en |
18. Sonndeg am Joereskrees A
Mt 14,13-21
13 Nodeems de Jesus héieren hat, datt de Johannes gekäppt gi war, huet hien sech an engem Naachen op eng ofgeleeë Plaz zréckgezunn, wou hie fir sech war. D’Leit, déi dat gewuer goufen, sinn him aus de Stied zu Fouss nogaang.
14 Wéi hien aus dem Naache geklomm ass an all déi Leit gesinn huet, huet et him am Häerz wéigedoe fir si, an hien huet hir Krank geheelt.
15 Géint der Owend koumen d’Jünger bei hien a soten: “Déi Plaz hei ass ofgeleeën, an ’t ass scho spéit; schéck d’Leit fort, fir datt si an d’Dierfer ginn an sech eppes z’iesse kafen!”
16 De Jesus awer sot zu hinnen: “Si brauchen net fortzegoen. Gitt dir hinnen z’iessen!”
17 Si soten zu him: “Mir hu soss näischt hei wéi fënnef Brout an zwéi Fësch.”
18 Du sot hien: “Bréngt mir se heihin!”
19 Nodeems hien de Leit gebueden hat, sech op d’Gras ze setzen, huet hien déi fënnef Brout an déi zwéi Fësch geholl, huet an den Himmel opgekuckt an huet se geseent. Dunn huet hien d’Brout gebrach an de Jünger et ginn, an d’Jünger hunn de Leit et ginn.
20 Si hunn alleguer giess a goufe gesiedegt, an si hunn déi Stécker, déi rescht waren, opgeraaft – zwielef Kierf voll.
21 Et waren ongeféier 5.000 Mann, déi giess haten – ounst d’Fraen an d’Kanner.