lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

3. Faaschtesonndeg A

Joh 4,5-42

5 De Jesus ass bis bei eng Stad a Samaria komm, déi Sychar heescht an déi no bei deem Stéck läit, dat de Jakob sengem Jong Jouseph ginn hat.

6 Do war de Jakobsbur. Well de Jesus midd war vun der Rees, huet hien sech bei de Bur gesat; et war ëm déi sechst Stonn.

7 Du koum eng Fra aus Samaria, fir Waasser ze schäffen. De Jesus sot zu hir: “Gëff mir ze drénken!”

8 Seng Jünger waren nämlech fort an d’Stad gaang, fir eppes z’iessen ze kafen.

9 Du sot déi samaritesch Fra zu him: “Wéi kënnt et, datt s du, e Judd, mech, eng samaritesch Fra, fir eppes ze drénke frees?” – D’Judden halen sech nämlech net mat de Samariter op. –

10 De Jesus huet hir geäntwert: “Wann s du dem Herrgott seng Gof kenne géifs a wann s du wéisst, wien et ass, deen zu dir seet: ’Gëff mir ze drénken!’, da géifs du hie froen, an hie géif dir liewegt Waasser ginn!”

11 D’Fra sot zu him: "Här, du hues näischt fir ze schäffen, an de Pëtz ass déif. Wou hues du dann dat liewegt Waasser hier?

12 Bass du éire méi dichteg wéi eise Papp, de Jakob, deen äis de Pëtz ginn huet a selwer draus gedronk huet, grad ewéi seng Jongen an all säi Véi?”

13 De Jesus huet hir geäntwert: "Jiddereen, dee vun dësem Waasser drénkt, gëtt nees duuschtereg.

14 Wien awer vun deem Waasser drénkt, dat ech him ginn, dee gëtt an all Éiwegkeet net méi duuschtereg, ma dat Waasser, dat ech him ginn, gëtt an him eng Quell mat spruddelegem Waasser, dat éiwegt Liewe schenkt.”

15 D’Fra sot zu him: "Här, gëff mir däers Waasser, fir datt ech net méi duuschtereg ginn an net méi heihinner ze komme brauch, fir Waasser ze schäffen!”

16 Hie sot zu hir: "Géi, ruff däi Mann a komm nees zréck!”

17 D’Fra huet him geäntwert: “Ech hu kee Mann.” De Jesus sot zu hir: "Dat hues du gutt gesot: ’E Mann hunn ech net.’

18 Fënnef Männer hues du nämlech gehat, an deejéinegen, deen s du elo hues, ass net däi Mann. Dat, wat s du gesot hues, ass wouer.”

19 D’Fra sot zu him: "Här, ech gesinn, datt s du e Prophéit bass.

20 Eis Pappen hunn op dësem Bierg ugebiet. Dir awer sot, datt Jerusalem déi Plaz ass, wou een ubiede muss.”

21 De Jesus sot zu hir: "Gleef mir es, Fra, d’Stonn kënnt, wou dir de Papp weder op dësem Bierg nach zu Jerusalem ubiet!

22 Dir biet un, wat dir net kennt; mir bieden un, wat mir kennen. D’Rettung kënnt nämlech vun de Judden.

23 Ma et kënnt eng Stonn – an se ass elo schonn do –, wou déijéineg, déi wierklech ubieden, de Papp am Geescht an an der Wourecht ubieden, well där Mënschen, déi hien esou ubieden, sicht de Papp.

24 Den Herrgott ass Geescht, an déijéineg, déi hien ubieden, mussen am Geescht an an der Wourecht ubieden.”

25 Du sot d’Fra zu him: “Ech weess, datt de Messias kënnt, dee Christus genannt gëtt. Wann hie kënnt, da verkënnegt hien äis alles.”

26 De Jesus sot zu hir: “Ech sinn et, ech, dee mat dir schwätzt.”

27 Iwwerdeems waren dem Jesus seng Jünger zréckkomm. Si hunn sech gewonnert, datt hie mat enger Fra geschwat huet. Trotzdem huet kee gefrot: “Wat sichs du?” oder “Wat schwätz du mat hir?”

28 D’Fra awer huet hire Waasserkrou stoe gelooss an ass fortgaang, hannescht an d’Stad. Do sot si zu de Leit:

29 “Kommt kucken! Do ass e Mënsch, dee mir alles gesot huet, wat ech gemaach hunn! Soll hien éiren de Christus sinn?”

30 Dueropshi sinn d’Leit aus der Stad erausgaang a bei de Jesus komm.

31 An der Tëschenzäit hunn dem Jesus seng Jünger him gefléift: “Rabbi, iess eppes!”

32 Hien awer sot zu hinnen: “Ech hunn e Kascht, deen dir net kennt.”

33 Dunn hunn d’Jünger een deen anere gefrot: “Soll éiren een him eppes z’iesse bruecht hunn?”

34 De Jesus sot zu hinnen: "Mäi Kascht ass et, dat ze maachen, wat deejéinege wëllt, dee mech geschéckt huet, an säi Wierk fäerdeg ze maachen.

35 Sot dir net: ’Et sinn nach véier Méint, an da kënnt d’Rekolt’? Ech awer soen iech: Hieft äre Bléck a kuckt d’Felder, wéi se zeideg si fir d’Rekolt!

36 Scho kritt deen, deen d’Rekolt eranhëlt, säi Loun a sammelt Fruucht fir d’éiwegt Liewen, esou datt si sech allebéid freeën: deen, dee séit, an deen, deen d’Rekolt eranhëlt.

37 An dësem Sënn ass d’Spréchwuert wouer: Deen ee séit, an deen aneren hëlt d’Rekolt eran.

38 Ech hunn iech geschéckt, fir eng Rekolt eranzehuelen, fir déi dir iech net midd gemaach hutt. Anerer hunn sech midd gemaach, an dir profitéiert vun hirer Méi.”

39 Vill vun de Samariter aus där Stad hunn un de Jesus gegleeft wéinst der Fra hirem Wuert. Si hat jo bezeit: “Hien huet mir alles gesot, wat ech gemaach hunn.”

40 Wéi d’Samariter elo bei hie koumen, hunn si hie gebieden, bei hinnen ze bleiwen, an hien ass zwéin Deeg do bliwwen.

41 An et hunn der nach vill méi gegleeft wéinst sengem eegene Wuert,

42 an zu der Fra soten si: “Et ass net méi wéinst denger Ausso, wou mir gleewen – mir hu jo selwer héieren a mir wëssen, datt deen heite wierklech de Retter vun der Welt ass.”

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu