lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

3. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 4,12-23

12 Wéi de Jesus héieren huet, datt de Johannes an de Prisong gehäit gi war, huet hien sech a Galiläa zréckgezunn.

13 Hien ass do awer net zu Nazareth bliwwen, ma huet sech zu Kapharnaum um Séi niddergelooss, am Gebitt vu Sebulon an Naphtali,

14 fir datt sech dat erfëlle géif, wat de Prophéit Isaias gesot hat:

15 Land Sebulon a Land Naphtali, wou d’Strooss laanscht d’Mier féiert, déisäit vum Jordan, dat heednescht Galiläa:

16 Dat Vollek, dat an der Däischtert lieft, huet en hellt Liicht gesinn, a fir déi, déi am Schieträich vum Doud liewen, fir déi ass e Liicht opgaang.

17 Vun deem Ament un huet de Jesus ugefaang ze priedegen: “Denkt ëm, well d’Himmelräich ass um Kommen!”

18 Wéi hien du laanscht de Séi vu Galiläa gaang ass, huet hien zwéi Bridder gesinn, de Simon, dee Péitrus genannt gouf, an den Andreas, säi Brudder. Si hu grad hiert Netz am Séi ausgehäit, si waren nämlech Fëscher.

19 Hie sot zu hinnen: “Kommt mir no! Ech maachen aus iech Mënschefëscher.”

20 Dunn hunn si direkt hir Netzer leie gelooss a sinn him nogaang.

21 Wéi hie vun do weidergoung, huet hien zwéin aner Bridder gesinn, de Jakobus, dem Zebedäus säi Jong, an de Johannes, säi Brudder. Mat hirem Papp, dem Zebedäus, waren si am Naachen amgaang, hir Netzer an d’Rei ze maachen. De Jesus huet si geruff,

22 an direkt hunn si den Naachen an hire Papp zréckgelooss a sinn dem Jesus nogaang.

23 An hien ass duerch ganz Galiläa gaang, huet an de Synagogen d’Leit geléiert, d’Evangelium vum Räich verkënnegt an all Krankheet an all Gebriechen am Vollek geheelt.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu