lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

32 Sonndeg am Joereskrees A

Mt 25,1-13

1 De Jesus huet senge Jünger dat heite Gläichnes erzielt: "D’Himmelräich ass ze vergläiche mat zéng Jongfraen, déi hir Uelegluuchte geholl hunn an sech op de Wee gemaach hunn, fir dem Bräitchemann entgéintzegoen.

2 Fënnef vun hinne waren topeg, a fënnef waren der lous.

3 Déi Topeg hunn nämlech hir Luuchte geholl, ouni Ueleg matzehuelen;

4 déi Lous awer hu mat hire Luuchten och nach Kréi voll Ueleg matgeholl.

5 Wéi de Bräitchemann net erbäikomm ass, sinn si alleguer enttompt an hu geschlof.

6 Matzen an der Nuecht goung e Gejäiz lass: ’De Bräitchemann kënnt! Gitt him entgéint!’

7 Du sinn d’Jongfraen alleguer waakreg ginn, an si hunn hir Luuchte preparéiert.

8 Déi Topeg soten zu deene Lousen: ’Gitt äis vun ärem Ueleg, well eis Luuchte ginn aus!’

9 Ma déi Lous hu geäntwert: ’Dat kënnt net a Fro! Den Ueleg geet net duer fir äis a fir iech. Gitt léiwer bei d’Kréimer a kaaft iech es!’

10 Wéi déi Topeg awer fort waren, fir es ze kafen, ass de Bräitchemann ukomm, an déi, déi prett waren, si mat him eran op d’Hochzäit gaang. Duerno ass d’Dier zougespaart ginn.

11 Méi spéit koumen och déi aner Jongfraen, an si soten: ’Här, Här, maach äis op!’

12 Hien awer huet geäntwert: ’Amen, ech soen iech: Ech kennen iech net!’

13 Duerfir waacht, well dir kennt weder den Dag nach d’Stonn!"

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu