lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

Pällemsonndeg A

Mt 21,1-11 + Mt 26,14-27,66

Pällemweih

1 Wéi de Jesus an déi Leit, déi mat him ënnerwee waren, an d’Géigend vu Jerusalem koumen an op Bethphagee an op den Olivebierg duergaang sinn, huet hien zwéi Jünger virgeschéckt

2 a sot zu hinnen: "Gitt an d’Duerf, dat vis-à-vis vun iech läit! Do fannt dir eng Ieselsmier, déi ugestréckt ass, a bei hir e Fillen. Maacht se lass a féiert se bei mech!

3 A wann een eppes zu iech seet, dann äntwert: ’Den Här brauch se. Hie schéckt se gläich nees zréck.’"

4 Dat hei ass geschitt, fir datt sech dat erfëlle géif, wat duerch de Prophéit gesot gi war:

5 Sot der Duechter Zion: Kuck, däi Kinnek kënnt bei dech. Hien ass duuss, an hie sëtzt op enger Ieselsmier an op engem Fillen, engem Schaffdéier sengem Klengen.

6 D’Jünger sinn dohi gaang an si hunn dat gemaach, wat de Jesus si ugestallt hat.

7 Si hunn d’Ieselsmier an d’Fille bei hie gefouert an en d’Kleeder op de Réck geluecht. Dunn huet de Jesus sech op se gesat.

8 Eng Abberzuel Leit hunn hir eege Kleeder op dem Wee ausgebreet; anerer hunn Äscht vun de Beem erofgeha an déi op dem Wee ausgebreet.

9 Déi vill Leit, déi virum Jesus gaang sinn, an déi, déi nokomm sinn, hu geruff: “Hosanna dem David sengem Jong! Geseent sief deen, deen am Här sengem Numm kënnt! Hosanna héich do uewen!”

10 Wéi de Jesus a Jerusalem erageridde komm ass, huet déi ganz Stad geziddert an sech gefrot: “A wien ass dat doten?”

11 D’Leit, déi mat dem Jesus koumen, soten: “Et ass de Prophéit Jesus vun Nazareth a Galiläa.”

Mass

14 Ee vun deenen Zwielef, dee Judas Iskarioth geheescht huet, ass bei d’Hohepriister gaang

15 an huet si gefrot: “Wat gitt dir mir, wann ech iech de Jesus ausliwweren?” Si hunn him 30 Sëlwermënzen ofgezielt.

16 Vun deem Ament un huet de Judas eng Geleeënheet gesicht, fir de Jesus auszeliwweren.

17 Deen éischten Dag an der Woch vum Matesbrout sinn d’Jünger bei de Jesus komm a soten: “Wou wëlls du, datt mir d’Pessach fir dech virbereeden?”

18 Hien huet hinne geäntwert: “Gitt an d’Stad bei deen an deen a sot zu him: ’De Meeschter léisst dir soen: Meng Zäit ass geschwënn do; ech wëll mat menge Jünger d’Pessach bei dir halen.’”

19 D’Jünger hunn dat gemaach, wat de Jesus si ugestallt hat, an si hunn d’Pessach virbereet.

20 Owes war de Jesus mat deenen Zwielef bei Dësch.

21 Wéi si giess hunn, sot hien: “Amen, ech soen iech: Ee vun iech liwwert mech aus.”

22 Du sinn si ganz traureg ginn an hunn hien een nom anere gefrot: “Ech wäert et dach net sinn, Här?”

23 Hien huet geäntwert: "Deejéinegen, dee mat mir seng Hand an d’Schossel zappt, dee liwwert mech aus.

24 De Mënschejong muss wuel säi Wee goen, esou wéi et iwwer hie geschriwwe steet, ma gare deem senger, duerch deen de Mënschejong ausgeliwwert gëtt! Et wär besser fir dee Mënsch, wann hien ni op d’Welt komm wär."

25 Och de Judas, deen hien ausliwwere sollt, huet gefrot: “Ech wäert et dach net sinn, Rabbi?” De Jesus sot zu him: “Du hues et gesot.”

26 Iwwerdeems si giess hunn, huet de Jesus Brout geholl an den Herrgott gelueft; hien huet d’Brout gebrach, a wéi hien de Jünger et ginn huet, sot hien: “Huelt an iesst! Dat hei ass mäi Läif.”

27 Dunn huet hien e Kielech geholl an dem Herrgott merci gesot; hien huet hinnen e ginn a sot: "Drénkt alleguer draus,

28 well dat hei ass mäi Blutt, d’Blutt vum Bond, dat wéinst ville vergoss gëtt, fir datt d’Sënnen nogelooss ginn.

29 An ech soen iech: Vun elo un drénken ech net méi vum Drauwestack senger Fruucht bis deen Dag, wou ech a mengem Papp sengem Räich op en Neis mat iech dervun drénken."

30 Nodeems si dunn d’Luefpsalme gesong haten, sinn si erausgaang, op den Olivebierg.

31 Du sot de Jesus zu hinnen: "Hënt huelt dir alleguer Ustouss u mir. Et steet nämlech geschriwwen: Ech erschloen den Hiert, an d’Schof aus dem Trapp ginn auseneegejot.

32 Ma nodeems ech aus dem Doud erwächt gi sinn, ginn ech iech viraus a Galiläa.”

33 De Péitrus huet him dorop geäntwert: "A wann se och alleguer Ustouss un dir huelen – ech maachen dat nimools!”

34 De Jesus sot zu him: "Amen, ech soen dir: Hënt, nach éier den Hunn kréit, hues du mech dräimol verleegent.”

35 De Péitrus sot zu him: “An esouguer wann ech mat dir stierwe misst – ech verleegnen dech nimools!” E Dat nämmlecht hunn och all déi aner Jünger gesot.

36 Dunn ass de Jesus mat hinnen op eng Plaz gaang, déi Gethsemani genannt gëtt, an hie sot zu de Jünger: “Sëtzt iech hier, iwwerdeems wou ech dohannenhinner biede ginn!”

37 Hien huet de Péitrus an dem Zebedäus seng zwéi Jonge matgeholl. Dunn huet hien ugefaang, ganz traureg an onroueg ze ginn,

38 an hie sot zu hinnen: “Meng Séil ass doudtraureg. Bleift hei a waacht mat mir!”

39 Hien ass e Stéck méi wäit gaang, huet sech niddergehäit, mat dem Gesiicht op de Buedem, an huet gebiet: “Mäi Papp, wann et méiglech ass, da soll dëse Kielech laanscht mech goen! Et soll awer net esou goen, wéi ech et gär hätt, ma wéi s du et wëlls.”

40 Wéi hien hannescht bei d’Jünger komm ass, waren si amgaang ze schlofen. Du sot hien zum Péitrus: "Waart dir dann net emol amstand, eng eenzeg Stonn mat mir ze waachen?

41 Waacht a biet, fir datt dir net a Versuchung gerot! De Geescht huet zwar gudde Wëll, ma d’Fleesch ass schwaach.”

42 Hien ass nees fortgaang, fir d’zweete Kéier, an huet gebiet: “Mäi Papp, wann dëse Kielech net laanschtgoe kann, ouni datt ech en drénken, da soll dat geschéien, wat s du wëlls!”

43 Wéi hien hannescht komm ass, waren si op en Neis amgaang ze schlofen; d’Ae waren hinnen zougefall.

44 Hien huet si schlofe gelooss, ass erëm fortgaang an huet fir d’drëtte Kéier gebiet, mat deene selwechte Wierder wéi virdrun.

45 Dunn ass hien hannescht bei d’Jünger komm a sot zu hinnen: "Schlooft roueg virun a rascht! Kuckt, d’Stonn ass do. Elo gëtt de Mënschejong an d’Hänn vu Sënner ausgeliwwert.

46 Stitt op, loosse mer goen! Kuckt, do kënnt deen, dee mech ausliwwert."

47 Iwwerdeems hien nach amgaang war ze schwätzen, ass de Judas, ee vun deenen Zwielef, dohinner komm, a mat him eng ganz Häerd Leit mat Schwäerter a Knëppelen – si ware vun den Hohepriister an deenen Eelste vum Vollek geschéckt ginn.

48 De Judas, deen de Jesus ausliwwere sollt, hat mat hinnen en Zeechen ofgemaach a gesot: “Deen, deem ech e Kuss ginn, deen ass et. Huelt hie mat!”

49 Hien ass elo direkt op de Jesus duergaang a sot: “Ech gréissen dech, Rabbi!” Dunn huet hien him e Kuss ginn.

50 De Jesus awer sot zu him: “Jo, Frënd, duerfir bass du also heihinner komm!” Du sinn si op de Jesus duergaang, hunn Hand un hie geluecht an hie festgeholl.

51 Ma ee vun deenen, déi beim Jesus waren, huet d’Hand ausgestreckt, säi Schwäert gezunn, op dem Hohepriister säi Kniecht lassgeschlo an him d’Ouer erofgeha.

52 Du sot de Jesus zu him: "Stiech däi Schwäert hannescht op seng Plaz, well all déi, déi nom Schwäert gräifen, kommen duerch d’Schwäert ëm!

53 Oder mengs du, ech kéint net mäi Papp drëms bieden, an hie géif mir direkt méi wéi zwielef Legiounen Engele schécken?

54 Wéi sollten d’Schrëften, no deenen dat heite geschéie muss, da soss erfëllt ginn?”

55 An där Stonn sot de Jesus zu deene ville Leit, déi dohi komm waren: "Wéi géint e Raiber sidd dir mat Schwäerter a Knëppele lassgezunn, fir mech ze verhaften? Dag fir Dag souz ech am Tempel an hunn iech geléiert, an dir hutt mech net festgeholl.

56 All dat heiten awer ass geschitt, fir datt de Prophéiten hir Schrëften erfëllt géifen." Dunn hunn alleguer d’Jünger hien am Stéch gelooss a si fortgelaf.

57 Déi, déi de Jesus festgeholl haten, hunn hien ofgefouert bei den Hohepriister Kaiphas, duer, wou d’Schrëftgeléiert an déi Eelst sech versammelt haten.

58 De Péitrus ass him vu Wäitem bis bei den Haff vum Hohepriister sengem Haus nogaang. Hien ass an den Haff eragaang an huet sech matzen ënner d’Dénger gesat fir ze kucken, wéi d’Saach ausgoe géif.

59 D’Hohepriister an de ganze Sanhedrin hu falsch Zeienaussoe géint de Jesus gesicht, fir hien doutmaachen ze kënnen,

60 ma si hu keng fonnt, obschonns vill falsch Zeien opgetratt sinn. Zu gudder Lescht sinn der zwéin opgetratt,

61 déi soten: “Hien hei huet gesot: ’Ech kann dem Herrgott säin Tempel ofrappen an en an dräi Deeg nees opriichten.’”

62 Dunn ass den Hohepriister opgestan a sot zum Jesus: “Äntwers du näischt op dat, wat si géint dech aussoen?”

63 De Jesus awer huet de Mond net opgedoen. Den Hohepriister sot zu him: “Ech beschwieren dech bei deem liewege Gott: So äis: Bass du de Messias, dem Herrgott säi Jong?”

64 Dueropshi sot de Jesus zu him: “Du hues et gesot. Ech awer soen iech: Vun elo u gesitt dir de Mënschejong op där rietser Säit vun deem Allmächtege sëtzen an op de Wolleke vum Himmel kommen !”

65 Dunn huet den Hohepriister seng Kleeder zerrass a sot: "Hien huet den Herrgott gelästert! Wat brauche mir nach Zeien? Kuckt, elo hutt dir d’Gotteslästerung selwer héieren!

66 Wat mengt dir?" Si hu geäntwert: “Hien huet den Doud verdéngt!”

67 Dunn hunn si him an d’Gesiicht gespaut an hie geschloen; anerer hunn him der op de Bak ginn

68 a soten: “Dajee, Messias, weis, datt s du e Prophéit bass, a so äis, wien dech geschloen huet!”

69 De Péitrus awer souz dobaussen am Haff. Dunn ass eng Mod bei hie komm a sot: “Och du waars mat dem Jesus, dem Galiläer, zesummen!”

70 Ma hien huet et bei hinnen all zou geleegent a sot: “Ech weess net, vu wat s du schwätz!”

71 Wéi hien erausgoe wollt, op d’Paart zou, huet eng aner Mod hie gesinn a sot zu deenen, déi do waren: “Hien hei war mat dem Jesus, dem Nazoräer, zesummen!”

72 An op en Neis huet de Péitrus geleegent a geschwuer: “Ech kennen dee Mënsch net!”

73 E bëssche méi spéit koumen déi, déi do stoungen, bei hien a soten zu him: “Et ass wouer, och du bass ee vun hinnen, deng Sprooch verréit dech!”

74 Dunn huet hien ugefaang mat Fluchen an huet geschwuer: “Ech kennen dee Mënsch net!” Am selwechten Ament huet en Hunn gekréit.

75 Dunn huet de Péitrus sech un dat erënnert, wat de Jesus gesot hat: “Nach éier den Hunn kréit, hues du mech dräimol verleegent.” An hien ass erausgaang an huet batter Tréine gekrasch.

1 Wéi et Muerge ginn ass, hunn alleguer d’Hohepriister an déi Eelst vum Vollek d’Decisioun geholl, de Jesus doutmaachen ze loossen.

2 Nodeems si hie gebonnen haten, hunn si hien ofgefouert an un de Pilatus, de Gouverneur, ausgeliwwert.

3 Wéi de Judas, deen hien ausgeliwwert hat, du gesinn huet, datt de Jesus veruerteelt ginn ass, huet hien et bereit. Hien huet den Hohepriister an deenen Eelsten déi 30 Sëlwermënzen hanneschtgedroen

4 a sot: “Ech hu gesënnegt: Ech hunn onschëllegt Blutt ausgeliwwert!” Si awer hunn him geäntwert: “Wat geet dat äis un? Du muss kucken, domadder eens ze ginn!”

5 Dueropshin huet de Judas d’Sëlwermënzen an den Tempel gehäit an ass erausgaang, an hien ass higaang an huet sech erhaang.

6 D’Hohepriister awer hunn d’Sëlwermënze geholl a soten: “Et ass net erlaabt, se an den Tempelschaz ze leeën, well et ass Bluttgeld.”

7 Dunn hunn si sech ënnerenee beroden, an si hu vun de Suen dem Dëppemécher säin Aker kaaft, fir do déi Friem begruewen ze kënnen.

8 Dowéinst gëtt deen Aker bis haut “Blutt-Aker” genannt.

9 Deemools gouf dat erfëllt, wat duerch de Jeremias, de Prophéit, gesot gi war: An si hunn déi 30 Sëlwermënze geholl – dat ass de Präis vun deem, dee vun de Jonge vun Israel esou ageschat ginn ass –,

10 an si hunn se fir dem Dëppemécher säin Aker ginn, esou wéi den Här mech et ugestallt hat.

11 De Jesus awer ass virun de Gouverneur gefouert ginn. Deen huet hie gefrot: “Bass du de Kinnek vun de Judden?” De Jesus sot: “Du sees et.”

12 Wéi hien duerno vun den Hohepriister an deenen Eelsten ugeklot ginn ass, huet hien näischt geäntwert.

13 Du sot de Pilatus zu him: “Héiers du net, wat si alles géint dech aussoen?”

14 De Jesus awer huet him net emol mat engem eenzege Wuert geäntwert, esou datt de Gouverneur méi wéi verwonnert war.

15 De Gouverneur hat d’Gewunnecht, dem Vollek fir d’Fest e Gefaangene fräizeginn, deen si sech eraussiche konnten.

16 Deemools gouf et e bekannte Gefaangenen, dee [Jesus] Barabbas geheescht huet.

17 Wéi d’Vollek dunn zesummekomm war, sot de Pilatus zu hinnen: “Wie wëllt dir, datt ech iech fräiginn, de [Jesus] Barabbas oder de Jesus, vun deem gesot gëtt, hie wär de Messias?”

18 Hie wousst nämlech, datt de Jesus aus Näid ausgeliwwert gi war.

19 Wéi de Pilatus um Riichterstull souz, huet seng Fra ee bei hie geschéckt an him soe gelooss: “Vergräif dech net un deem Gerechten do! Wéinst senger hat ech nämlech hënt am Dram vill ze leiden!”

20 D’Hohepriister an déi Eelst awer hunn d’Leit iwwerriet, si sollten sech de Barabbas froen an de Jesus veruerteele loossen.

21 Wéi de Gouverneur si du gefrot huet: “Wie vun deene béid wëllt dir, datt ech iech fräiginn?”, soten si: “De Barabbas.”

22 De Pilatus sot zu hinnen: “Wat soll ech da mat dem Jesus maachen, vun deem gesot gëtt, hie wär de Messias?” Si soten alleguer: “Looss hie kräizegen!”

23 De Pilatus sot: “Wat huet hien da Schlechtes gemaach?” Ma si hunn nach méi haart gejaut: “Looss hie kräizegen!”

24 Wéi de Pilatus gesinn huet, datt et näischt gedéngt huet, ma datt nëmmen nach méi Oprou entstan ass, huet hie Waasser geholl an sech bei de Leit zou d’Hänn gewäsch. Hie sot: “Ech sinn onschëlleg un dësem Blutt. Dir musst kucken, domadder eens ze ginn!”

25 Dat ganzt Vollek huet geäntwert: “Säi Blutt [soll] op äis an op eis Kanner [kommen]!”

26 Dueropshin huet de Pilatus hinnen de Barabbas fräiginn, an nodeems hien de Jesus gäissele gelooss hat, huet hien den Uerder ginn, hien ze kräizegen.

27 Dunn hunn dem Gouverneur seng Zaldoten de Jesus mat an de Prätorium geholl, an si hunn déi ganz Kohort ëm hie versammelt.

28 Si hunn hien ausgedoen an him e rouden Zaldotemantel ëmgeluecht,

29 si hunn aus Dären eng Kroun gebonnen, déi si him op de Kapp gesat hunn, an si hunn him e Bengel an déi riets Hand ginn. Duerno sinn si virun him op d’Knéie gefall an hunn de Spott mat him gedriwwen, an si soten: “Vive de Kinnek vun de Judden!”

30 Dunn hunn si op de Jesus gespaut, him de Bengel ofgeholl an hien dermat op de Kapp geschloen.

31 Nodeems si esou de Spott mat him gedriwwen haten, hunn si him den Zaldotemantel ausgedoen an him seng Kleeder nees ugedoen. Dunn hunn si de Jesus fortgefouert, fir hien ze kräizegen.

32 Wéi si erausgaang sinn, sinn si op e Mann vun Zyrene gestouss, dee Simon geheescht huet; dësen hunn si gezwongen, dem Jesus säi Kräiz ze droen.

33 Wéi si dunn op déi Plaz koumen, déi Golgotha genannt gëtt – dat heescht Plaz vum Doudekapp –,

34 hunn si dem Jesus Wäin ze drénke ginn, dee mat Gal gemëscht war. De Jesus huet e geschmaacht, wollt en awer net drénken.

35 Nodeems si hie gekräizegt haten, hunn si seng Kleeder opgedeelt, andeems si d’Lous gezunn hunn,

36 an si hunn sech gesat an hien do bewaacht.

37 Dat, wat si als säi Verbrieche festgehal haten, hunn si [op engem Schëld] iwwer sengem Kapp opgehaang: Dat hei ass de Jesus, de Kinnek vun de Judden.

38 Zesumme mat him goufen zwéi Raiber gekräizegt, een op där rietser an een op där lénkser Säit.

39 Déi, déi laanschtgoungen, hunn hie gelästert; si hunn de Kapp gerëselt

40 a soten: “Du, deen s du den Tempel ofrapps an an dräi Deeg nees opbaus, rett dech selwer, wann s du dem Herrgott säi Jong bass, a klamm vum Kräiz erof!”

41 Op déiselwecht Manéier hunn och d’Hohepriister de Spott mat him gedriwwen, zesumme mat de Schrëftgeléierten an deenen Eelsten, an si soten:

42 "Anerer huet hie gerett, sech selwer kann hien net retten! Hien ass dach de Kinnek vun Israel, hie soll elo vum Kräiz erofklammen, da gleewe mir un hien!

43 Hien huet op den Herrgott vertraut, dee soll hien elo retten, wann hie Gefalen un him huet ; hien huet jo gesot: ’Ech sinn dem Herrgott säi Jong.’"

44 Gradesou hunn och d’Raiber, déi mat him gekräizegt gi waren, him Frechheete gemaach.

45 Vun där sechster Stonn un awer gouf et am ganze Land däischter – bis déi néngt Stonn.

46 Ëm déi néngt Stonn huet de Jesus haart geruff: “Eli, Eli, lema sabachthani?” Dat heescht: “Mäi Gott, mäi Gott, wuerfir hues du mech verlooss?”

47 E puer vun deenen, déi do stoungen an et héieren hunn, soten: “Hie rifft den Elias!”

48 An eenzock ass ee vun hinnen dohi gelaf, huet e Schwamp geholl, e voll Esseg gemaach, en op e Bengel gestach an dem Jesus ze drénke ginn.

49 Déi aner soten: “Looss gewäerden! Mir kucken emol, ob den Elias kënnt an hie rett.”

50 De Jesus awer huet nach eng Kéier haart gejaut an huet de Geescht ausgehaucht.

51 A kuck, de Riddo vum Tempel ass vun uewe bis ënnen an zwee gerass, d’Äerd huet geziddert, d’Fielse si gebascht,

52 d’Griewer goungen op, a vill Läiwer vun deenen Hellegen, déi entschlof waren, goufen erwächt;

53 si koumen aus de Griewer eraus, nodeems de Jesus aus dem Doud erwächt gi war, an si goungen an déi helleg Stad eran an hunn sech ville Leit gewisen.

54 Wéi awer de Centurio an déi, déi mat him de Jesus bewaacht hunn, d’Äerdbiewen an all dat anert gesinn hunn, ass eng freeschlech Angscht an si gefuer, an si soten: “Wierklech, deen dote war dem Herrgott säi Jong!”

55 Et waren och vill Fraen do, déi vu Wäitem nogekuckt hunn; si waren dem Jesus vu Galiläa aus nogaang an haten him gedéngt.

56 Ënner hinne waren d’Maria vu Magdala an d’Maria, dem Jakobus an dem Jouseph hir Mamm, an och dem Zebedäus senge Jongen hir Mamm.

57 Géint der Owend koum e räiche Mann vun Arimathäa, dee Jouseph geheescht huet an deen och selwer e Jünger vum Jesus gi war;

58 hien ass elo bei de Pilatus gaang an huet dem Jesus seng Läich gefrot. Dueropshin huet de Pilatus den Uerder ginn, [him se] z’iwwerloossen.

59 Nodeems de Jouseph d’Läich geholl hat, huet hien se an e proppert léngen Duch gewéckelt

60 an se an säin neit Graf geluecht, dat hien an de Fiels hae gelooss hat. Hien huet e grousse Stee virun de Agank vum Graf gerullt an ass fortgaang.

61 Och d’Maria vu Magdala an déi aner Maria waren do; si souze vis-à-vis vum Graf.

62 Deen Dag drop – dat war deen nom Virbereedungsdag – sinn d’Hohepriister an d’Pharisäer beim Pilatus zesummekomm.

63 Si soten: "Här, mir hunn äis drun erënnert, datt dee Ligener do zu senge Liefzäite gesot hat: ’No dräi Deeg ginn ech aus dem Doud erwächt.’

64 Gëff duerfir den Uerder, datt d’Graf bis deen drëtten Dag gutt bewaacht gëtt, net datt seng Jünger kommen an hie stielen an dann zum Vollek soen: ’Hien ass aus dem Doud erwächt ginn. ’ An dann ass dës lescht Ligen nach méi schlëmm wéi déi éischt!”

65 De Pilatus huet hinne geäntwert: “Dir kritt eng Wuecht! Gitt, bewaacht esou gutt wéi dir kënnt!”

66 Du sinn si dohi gaang an hunn, zesumme mat der Wuecht, de Stee versigelt an d’Graf gutt bewaacht.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu