lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
19. Dezember 2017
D’Sonndesmass gouf vu Colmer-Bierg iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um 4. Advent, de 24. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vu Colmer-Bierg iwwerdroen. D’Chorales réunies Colmer/Bierg-Vichten hunn ënnert der Leedung vum Henri Bissen gesongen, op der Uergel huet den Aly Schartz begleet.
Säit e puer Joer besteet eng intensiv Zesummenaarbecht tëschen de Choralle vu Colmer-Bierg a Viichten ënnert der Direktioun vum Henri Bissen. Dat erméiglecht deenen 2 Chéier bei gréissere reliéisen Uläss zesummen opzetrieden an op e breet gefächerte Repertoire zréckzegräifen. Duerch d’Zesummeschaffe kënnen och weltlech Optrëtter vun Zäit zu Zäit ageplangt ginn.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Nun komm, der Heiden Heiland - BWV 599 | J.S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Vierge sainte, Dieu t’a choisie | LD 518 |
Kyrie | Seigneur, entends ma prière | Leo Nestor |
Zwëschegesank | Dein Erbarmen o Herr | Magnificat 527,2 |
Alleluja | Alleluia Madrigal | Donald Moore |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Wir warten auf das Licht | Klaus Heizmann |
Sanctus | Prière eucharistique | |
Akklamatioun | Christ est venu | Michel Wackenheim |
Vater unser | Notre Père qui es aux cieux | |
Agnus Dei | Voici l’agneau de Dieu | Claude Duchesneau |
Kommuniounslidd | Pain des merveilles | J. Clanché |
Schlusslidd | Beth’lem hörst den Heiland du | |
Sortie: Uergel | Je suis l’Archange de Dieu (Noël N. X) | Louis-Claude Daquin |
Chouer: Chorales réunies Colmer/Bierg-Vichten
Dirigent: Henri Bissen
Organist: Aly Schartz
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique