lb fr pt en
Jahr C (2018-2019)  
30. Oktober 2019

Komm op d’Graf…

Gedanke fir Allerhelljen- an Allerséilendag

Foto: Monique Hermes

 

Wann d’Blieder falen
an d’Natur eng Paus mécht,
wann den Niwwel um Flouer läit
an d’Nuechte laang ginn,
wa faarweg Hierschtblummen
de Kierfecht rëschten,
dann ass et Zäit,
fir zu Rou ze kommen.

 

Rou a Fridden hunn déi fonnt,
déi dir zu Féiss leien.
Si, déi grad dës Zäit
am Mëttelpunkt stinn.
Si, déi dir op esou Deeg
eppes iwwer d’Vergänglechkeet soen.
Si, déi e Bou spanen
tëscht gëschter an haut.

 

Si sinn nees do,
an denge Gedanken.
Si sinn dir no,
wéi deemools,
wéi si dir d’Hand gereecht
an dech begleet hunn,
wéi s du mat hinne gaang bass
a si gär has.

 

Si tréischten dech,
wann d’Verlaangere grouss ass,
wann s de mengs,
et kënnt net sinn.
Komm bei si,
déi dir eppes bedeit hunn.
Komm an erfuer,
datt d’Léift verbënnt.

 

Monique Hermes

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu