lb | fr | pt | en | de |
Als Minister déngen!
Wegweiser zum 29. Sonndeg am Joreskrees vum Fränk Strock (21.10.2018)
No de Wahlen sëtzen d’Politiker vu verschiddene Parteien zesummen fir eng Regierung op Been ze kréien. An da geet et dorëms, fir d’Ministeschposten ze verginn. Wie gëtt wat? E puer hunn da Chance an anerer ginn eidel aus.
Am Evangelium vun dësem Sonndeg ass et net anescht: Déi helleg Jang a Jacques komme bei de Jesus a froen hien, fir di béschte Posten an sengem Räich ze kréien. Si gehéieren zu sengen éischte Jünger. Do hu si jo e Recht op eng gutt Plaz. Wa Jesus Kinnek zu Jerusalem gëtt, d’Réimer op d’Schëff schéckt a si dann e Ministerposten kréien.
Déi aner Jünger gesinn dat natierlech net mat engem gudden An, well och si haten op dës Plaze gehofft.
„Kënn dir de Kielech drénken, aus deem ech drénke muss?” Jo, ma versti si wierklech? Jesus säi Kielech besteet aus Gott an Demut déngen, d’Muecht net auszenotzen, ma fir anerer do ze sinn. D’Weltgeschicht, an och déi vun der Kierch, weist eis, dass, wa Mënsche Muecht kréien, si se séier verfouert, dës och fir sech auszenotzen, mat der Gefor, anere Mënsche wéi ze doen. E rezent schmäerzhaft Beispill ass de Mëssbrauch vu Kiercheleit.
Jesus am Beispill vun engem demütegen Dénger nofollegen, ass fir eis Mënsche schwéier. Hien schenkt eis dofir den Hellege Geescht, deen eis hëlleft, Minister am eigentleche Sënn vum Wuert ze ginn, an zwar en Dénger. Wann dëse Geescht an eis wierken dierf, léiere mir, eis manner an deen anere méi wichteg ze gesinn.
Sinn ech bereet dozou?
Quell: wort.lu