lb | fr | pt | en |
D’Mass um 3. Ouschtersonndeg gouf aus der Kierch vu Weiler-la-Tour iwwerdroen
Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um 3. Ouschtersonndeg, dem 18. Abrëll aus der Kierch vu Weiler-la-Tour iwwerdroen. D’Choralen Ste Cécile Weiler zum Tuerm / Haassel hunn ënnert der Direktioun vum Horaţiu Drăgan gesongen. Op der Uergel huet d’Simone Appelbaum-Goebel begleet.
D’Choralen Ste Cécile Weiler zum Tuerm / Haassel
Zanter 1890 huet d’Chorale Ste Cécile Weiler-Haassel an 130 Joer Veräinsgeschicht ëmmer nees Verännerungen an Upassunge kannt, fir déi historesch Ereegnesser, dat gesellschaftlecht Ëmfeld, déi wiesselend liturgesch Virgaben, d’Usiichten an d’Besetzung vum Gesangsensembel ënner een Hutt ze kréien.
Am Zäitgeescht vum 21. Joerhonnert wielt den 1969 gegrënnte Gemëschte Chouer mat Virléift Gesäng aus, déi sech duerch gefälleg Melodien, flott Arrangementer, expressiv Texter auszeechnen. Déi nei Normalitéit mécht deen Optrag schwéier: eenzel Plaze bleiwen onbesat, eis Maske schlécken d’Wierder, d‘Distanz mécht d’Ofstëmmung schwéier, wéineg Prouwen bedeit wéineg nei Gesäng.
Déi nei Normalitéit ass beim Weiler Gesank awer kee Grond, deen Optrag net Sonndeg fir Sonndeg weiderzeféieren.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg hei am Live-Stream an duerno de Replay
De musikalische Programm vun der Mass
Prélude | Allegro moderato maestoso | Felix Mendelssohn-Bartholdy |
---|---|---|
Agangslidd | Rendons gloire à notre Dieu | Jean-François Léost |
Kyrie | Kyrie eleison - Missa in honorem Sancti Rochi | Carlo Hommel |
Gloria | Gloire à Dieu, Seigneur des univers | Jean-Pierre Kempf / Charles Singer |
Alleluia | J’ai vu les fleuves d’eau vive | Markus Wittal |
Credo | gëtt gebied | |
Gowelidd | Nahet dem Herrn im Festgewande | Walter Mugglin |
Sanctus | Sanctus | Jean-Paul Lécot |
Anamnes | Anamnèse sur l’air de ’Amazing grace’ | arr. Claire Lebert-Lauvergne |
Vater unser | gëtt gebied | |
Agnus Dei | Agnus Dei - Missa in honorem Sancti Rochi | Carlo Hommel |
Kommioun | With grateful heart, I thank you, Lord | Mary Kay Beall |
Schlusslidd | Si la mer se déchaîne | Lydia Lelong |
Sortie | Toccata | Douglas E. Wagner |
Et sangen d’Chorale Sainte Cécile Weiler-Haassel
Dirigent: Horaţiu Drăgan
Uergel: Simone Appelbaum-Goebel