lb fr pt en
Sonndesmass  
25. Mee 2023

D’Mass vum Päischtsonndeg gouf vun Ëlwen iwwerdroen

Den 28. Mee gouf d’Sonndesmass vun Ëlwen iwwerdroen. Et hunn d’Chorale Sainte-Cécile Troisvierges an d’Jugendchorale Adesso Special gesong; Dirigent war de Ferdi Kreins, Organisten d’Marie-Josée Hengesch an de Ferdi Kreins. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile Troisvierges

Di Ëlwenter Chorale Ste Cécile an d‘ Chorale Adesso Spécilale han di gruuss Ier Télésmass va Pëngstsonndig, den 28. Mai ze gestalten.Eis Chorale sängt an der Kirrich St. André van Ëlwen, Hauptkirrich van der Por Saint François Ëlwen –Wäiswampich. De Veréng besteet schon iwert 120 Joer. No villen Hikten an Déiften së mer lo zu 17 Aktiver, 15 Damen an 2 Männer. Ferdi Kreins, eisen Organist, prouft mat eis. D’Sonndesmassen, d’Fester an di anner Déngster begleet heen op der historischer Barock Uargel, iwrigens di älst aus dem Lann (1660). D’Festdeeg sange märr mistëmmig. De Nationalfeierdaag an d’Journée de la Commémoration Nationale sangen Sängerinnen a Sänger aus de Nopischverenger mat. D’Foto (Alice Enders) ass va no der Caeciliendagmass November 2022.

D’Jugendchorale Adesso Special

D‘Jugendchorale Adesso Special sengt reliés a modern Lidder. Mat hirem Gesank wëllen d’Sängerinnen de chrëstlechen Glawen verkënnegen a virum allem Jonk Leit erreechen. Geprouft gëtt eemol de Mount samsdes vu 16.30 bis 18.00 Auer ënnert der Direktioun vum Ferdi Kreins. Den Adesso Special engagéiert sech bei Jugendmassen, Firmungen Jugendgebieder a bei aneren Geleeënheeten,wou si gefrot gin.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Toccata P. Giovanni Batista Martini
Agangslidd Ströme lebendigen Wassers Albert Frey
Kyrie Send uns deines Geistes Kraft Heinrich Rohr / M.L. Thurmair, Mg. 246
Gloria Louez-le Glorious
Zwëschegesank Heiliger Geist Timo Langner
Alleluja Alléluia, Alléluia Taizé / LD 210
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Pour moi Tu l’as fait Glorious
Sanctus Heilig Albert Frey
Agnus Dei Agneau de Dieu B. et Th. Pouzin / AELF
Kommiounslidd In Christus ist mein ganzer Halt Keith Getty / Stuart Townend
Schlusslidd Komm Schöpfer Geist Heinrich Bone / LD 470
Uergel: Sortie Komm Schöpfer Geist Albert Leblanc

Chéier: Chorale Sainte-Cécile Troisvierges a Jugendchorale Adesso Special
Dirigent: Ferdi Kreins,
Organisten: Marie-Josée Hengesch a Ferdi Kreins


Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu