lb fr pt en
Sonndesmass  
11. Abrëll 2024

D’Sonndesmass um 3. Sonndeg an der Ouschterzäit gouf vu Weiler-la-Tour iwwerdroen

De 14. Abrëll gouf d’Houmass vu Weiler-la-Tour iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Weiler & Haassel huet ënnert der Direktioun vum Horatiu Dragan gesong a gouf op der Uergel vum Simone Appelbaum-Goebel begleet. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile Weiler & Haassel

D‘Chorale Ste Cécile Weiler&Haassel, zanter 1969 e gemëschte Chouer an der Nofolleg vum 1890 gegrënnte Männerchouer, kennt mat sengen 13 aktive Memberen 2 fest Aarbechtsplazen. Am Proufsall zu Haassel am Veräinshaus frëscht d‘Chorale mëttwochs owes vun 19:45 bis 21:15 Auer ënnert der Uleedung vum Dirigent Horatiu Dragan liturgesch Lidder aus dem veräinseegene Repertoire op a studéiert nei Kierchegesäng an. Um Duxall an der Porkierch St Sébastien iwwerhëlt de Chouer den Optrag, begleet a gefouert vun der Organistin Simone Appelbaum-Goebel, all 14 Deeg de Massen a Gottesdéngschter um Sonndegmoien oder um Feierdag, de regelméissegen Trauerfeieren oder enger Hochzäitszeremonie eng wierdeg Beräicherung ze ginn. All nei Stëmm ass iwweraus wëllkomm - Kontakt: André Welfring (Tel. 691 840 262)

An d‘gesellschaftlecht Duerfliewen bréngen sech d’Sängerinnen an d‘Sänger an duerch hir Bedeelegung un offizielle Manifestatiounen an d’Organisatioun vu Verkaafsstänn bei en etlech Fester. Sozialen Engagement beweist d’Chorale duerch substantiell Donen bei diverse Geleeënheeten.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Plein Jeu (Suite du deuxième Ton) Jean-Nicolas CLÉRAMBAULT
Agangslidd Chantons sans fin le Nom du Seigneur Jean-François LÉOST
Kyrie Dans nos silences Jean Noël KLINGUER
Gloria Au plus haut du ciel d’après un chant de J. BERTHIER et D. RIMAUD
Alleluia Et aujourd’hui, Seigneur Pier A. SEQUER
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Regina Coeli Vladimir GODAR / arr. Matthew MARTIN
Sanctus I sing Holy Lorenz MAIERHOFER
Anamnes (sur l’air de “Amazing Grace” Arr.: Claire LEBERT-LAUVERGNE
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Agneau de Dieu, Agneau Vainqueur Jacques BERTHIER / Didier RIMAUD
Kommiounslidd Je cherche le visage du Seigneur Odette VERCRUYSSE / Jean-Pierre SCHMIT
Schlusslidd Esprit de lumière, Esprit créateur Léah PAVAGEAU
Uergel: Sortie Toccata Léon BOËLLMANN

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu