lb fr pt en de
Wegweiser Jahr B (2017-2018)  
4. November 2018

Gott di éischt Plaz ginn!

De Wegweiser zum 31. Sonndeg am Joreskrees vum Fränk Strock (4.11.2018)

Eng Geschicht huet mol erzielt, datt e Paschtouer a senger Kierch e Kand erwëscht hat, dat mam Vëlo ronderëm den Altor gefuer ass. Hien huet d’Kand natierlech ugehalen an zerieds gestallt. Äntwert: „Ech dréinen Éireronne fir den Härgott!“

Och haut kann ech nach ëmmer iwwer dës Geschicht schmunzelen, well se opweist, wéi kleng mer dach denken a wéi grouss e Kand vum Härgott kann denken: Mir gesinn oft just d’Fassade vun deem, wat helleg ass, an d’Kand gesäit den HELLEGEN hannendrun.

Stelle mer eis d’Fro, wa mer an eng Kierch ginn, sief et fir e Gottesdéngscht oder fir eng Visit: Wat ass eis méi wichteg, d’Konschtwierk oder deen, fir deen et gebaut, skulptéiert oder gemoolt gouf? Wa mer ronderëm den Altor stinn, ass deen Dësch eis méi léif wéi deen, deem mer eis Gowen an eis selwer duerbréngen, deem mer Merci soen an dee mer luewen?

Munchmol hunn ech erlieft, wi Leit d’liturgescht Material méi helleg behandelt hu wéi Gott.

Dat wichtegst Gebot, seet Jesus eis dëse Sonndeg, ass Gott mat allem, wat mer hunn a sinn, gären ze hunn. Gott soll dee Wichtegste fir eis sinn. Vun deem, wou eis d’Häerz voll ass, schwätzt de Mond (Mt 12,34b). Wat oder wien huet di éischt Plaz an eisem Häerz?

Wann et Gott ass, da sollte mer alles drusetzen, mat him a Verbindung ze sinn an ze bleiwen. An da kënne mer seng Léift an eis ophuelen, an och weiderginn. An net manner wichteg: Och déi ronderëm eis huet Gott eis geschenkt, fir eist Liewe méi liewenswäert ze maachen.
Bréngen ech et fäerdeg, de Schöpfer a seng Geschöpfer iwwer dat Materiellt ze setzen?

Quell: wort.lu

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu