lb fr pt en de
Wegweiser Jahr B (2017-2018)  
10. November 2018

Schein oder Sein?

Wegweiser zum 32. Sonndeg am Joreskrees vum Fränk Strock (11.11.2018)

Virun engem gudde Joer war ech op eng Priisterwei op Barcelona. Fir dësen Ulass hat ech mol eng Kéier en Hiem mat réimeschem Col ugedoen. Glunge ware fir mech déi sëllechen Dieren, déi mir mat däer Kleedung opgaange sinn. „Kleider machen Leute!”

Wa Kleedung den Ausdrock vu menger Perséinlechkeet ass, da stellen ech mir d’Fro: Sinn ech dat?

Jo, zum Deel sinn ech dat och!

D’Evangelium vun dësem Sonndeg invitéiert eis, eis net drop anzeloossen, de Schäin iwwer d’Sinn ze stellen: Eigentlech dierfe mir an der Gemeinschaft vun de Frënn vu Jesus sinn, wéi mer sinn. Déi aarm Fra, déi dat Bëssen affert, wat se huet, ass éierlech mat sech a Gott.

An eiser Zäit a Gesellschaft gëtt oft vun eis verlaangt, verschidde Rollen z’iwwerhuelen: an der Famill, am Beruffsliewen, an enger Associatioun, a verschidde Frëndeskreesser, am Stroosseverkéier an an eiser Kierch. Dee Spagat bréngen déi eng besser fäerdeg an anerer manner gutt. An dach stellt sech erëm d’Fro: Si mir dat wierklech? Dierfe mir eis eege Personalitéit liewen? A wéi gi mir mat deem ëm, dee keng friem Roll wëll spillen?

Am Naziprisong huet den Dietrich Bonhoeffer e Gedicht mam Titel geschriwwen: „Wer bin ich?” (vertount vum Siegfried Fietz - Von guten Mächten 1). De Kontakt am Prisong mat Matgefaangenen, Giischtercher a Pengeger, ma och d’Elengsinn an d’Gebied, hunn hie méi no u Gott bruecht, a sou hält dat Gedicht op mat de Wieder:

„Wer bin ich? Einsames Fragen treibt mit mir Spott. Wer ich auch bin, DU kennst mich, Dein bin ich, o Gott!”

Source: wort.lu

Fränk STROCK
frank.strock@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu