lb fr pt en
Muttergottesoktav . Octave Notre-Dame  
21. Mee 2017

D’Isabelle Bernard-Lesceux an de Jacques Schneider goufen ausgezeechent

Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet hinnen d’Verdéngschtmedaille vun der Äerzdiözes iwwerreecht

Am Kader vum Schlussoktavsonndeg huet den Här Äerzbëschof zwou Persounen mat der “Médaille du mérite” vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg ausgezeechend.

D’Mme Isabelle Bernard-Lesceux krut d’Medaille fir hiren groussen Engagement am Kader vun der schéiner Ausstellung “Notre-Dame de Luxembourg - Dévotion et Patrimoine” am Musée en Piconrue zu Baschtnech (September 2016 - Mee 2017), de Jacques Schneider fir seng Konschtausstellung an der Kathedral “Périple marial contemporain”, déi d’lescht Joer fir d’éischt gewise gouf an déi och dëst Joer am hënneschten Deel ze gesinn ass.

Allen zwee huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich a sengem perséinleche Numm an am Numm vun der Kierch villmools merci fir hiren Engagement am Kader vun der Oktav an der Marieveréierung hei zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus gesot.

Fotoen

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu