lb fr pt en
Octave 2018 . Oktav 2018  
5. Abrëll 2018

De “Lëtzebuerger Missiounsveräin” an der Oktav

D’Missiounszelt ass all Dag op vun 8.30 bis 18 Auer

D’Oktav rifft ons all Joer an d’Kathedral bei eis léif Tréischterin. Nom Gebiet virum Gnodebild, geet et dann traditionnel op de Mäertchen oder an d’Bicherzelt am Bannenhaff vun der Kathedral.

Wat nët esou bekannt ass: D’Missiounszelt ass e puer Schrëtt vum Bicherzelt ewech. Do kritt Dir, nieft der Tombola an den Handaarbechten, Kaarten, vill reliéis, artistesch a soss schéin Artikelen ugebueden. Op eise Stänn fannt Dir Geschenker fir all wichtig Evenementer am Liewen. Et lount sech eraluussen zekommen. D’Zelt ass op vun 8.30 bis 18 Auer.

De “Lëtzebuerger Missiounsveräin” ass deen eelste Veräin an der Stad a mir sinn houfreg op säin 115-jäeregt Bestoen. Dee Veräin ass gegrënnt ginn fir déi lëtzebuergesch Missionaren a Missionärinnen uechter d’Welt ze ënnerstëtzen. Vun hinnen sinn der haut nach 18 a 16 verschiddene Länner op der Welt. Si si frou an dankbar fir all Geste vu Solidaritéit aus hirer Heemecht.

Am Veräin sinn elo nach 18 aktiv Memberen aus allen Ecken vum Land engagéiert. Nieft der Oktavspräsenz, dem Inventar, dem Opriichten an Ofriichten huet de Veräin 3-4 mol am Joer eng Versammlung. Nei Membere sinn ëmmer wëllkomm! Kommt eran an d’Missiounszelt fir eis do ze begéinen!

De “Lëtzebuerger Missiounsveräin” wënscht Iech eng schéin Oktav.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
Twitter
Instagram
Facebook
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu