lb | fr | pt | en |
Eng diakonesch Koppel fir d’Gebiet vum Poopst
De Michele Camposeo a seng Fra sinn zu Koordinatore vum Weltwäite Gebietsnetz vum Poopst ernannt ginn
Déi Ernennung koum vum Jesuite Pater Frédéric Fornos, internationalen Direkter vum Weltwäite Gebietsnetz vum Poopst. De Kardinol Jean-Claude Hollerich hat seng Zoustëmmung zu dëser Ernennung ginn.
Den Michele Camposeo gouf den 28. Januar 2017 zum Diakon geweit; hie bleift weiderhin an der Por Iewescht Syr Saint-Esprit am Déngscht. De Michele Camposeo versteet seng Missioun an enger oppener Dynamik
Am Prozess vun dëser Ernennung gouf der Fra vum Diakon eng Plaz zouerkannt: d’Isabella Camposeo gouf zusumme mat hirem Mann Michele zur Koordinatorin ernannt, wat een och als Unerkennung vun der Roll vun der Fra an der Kierch ka verstoen.
D’Aufgab vum Gebietsnetz vum Poopst ass, fir d’Uleies vun der Weltkierch ze bieden. D’Koordinatore maachen dës Uleies, déi d’Erausfuerderungen vun der Mënschheet a vun der Missioun vun der Kierch ausdrécken, bekannt.
Dem Poopst François no mécht d’Gebiet fir den Déngscht verfügbar; sou bitt d’Gebietsnetz de Persounen an de Gruppen, déi schonn an dëser Missiounen engagéiert sinn, seng Ënnerstëtzung un. (Kuckt d’Gebietsintentioune vum Poopst fir all Mount (2022) - Réseau mondial de prière du Pape).
D’Weltwäit Gebietsnetz vum Poopst ass ee peepstlecht Wierk – rechtlech gesinn eng vatikanesch Stëftung –, dat der Gesellschaft Jesu (Jesuiten) uvertraut gouf; d’diakonesch Koppel kann also op d’Jesuiten zielen, fir dës Aufgab ze erfëllen.
Déi nei Aufgab ass en Déngscht vun der Weltkierch a gläichzäiteg vun der Kierch zu Lëtzebuerg.
Dir kënnt mat den neie Koordinatoren iwwer d’Adress prieredupape@cathol.lu Kontakt huelen.
Homepage: https://web.cathol.lu/prieredupape
- Familljepastoral . Pastorale familiale
- Spezifesch Pastoral . Pastorale spécialisée
- Gleewen – Glawenszeien & Beruffungen . Croire – Témoins de la foi & Vocations
- Katechumenat . Catéchuménat
- Gemeinschaften & Kongregatiounen . Communautés & Congrégations
- Heefeg gestallte Froen (FAQ)
- Frequently Asked Questions (FAQ)
- Perguntas Frequentes (FAQ)
- Foire aux questions (FAQ)
Kuckt och…
Kontakt
prieredupape@cathol.lu