lb | fr | pt | en |
Wou ass de Problem?
E perséinleche Kommentar zur aktueller Diskussioun ëm d’Sprangprëssessioun
Op Plaz 10 vun den “20 raisons pour visiter le Luxembourg” stinn um offizielle Site vum Grand-Duché - www.luxembourg.public.lu - “les fêtes traditionnelles”... a kuck do, vill Reliéises ass do derbäi. Jo, och eis Sprangprëssessioun gëtt hei opgefouert, mat ë.a. engem Link op Artikelen iwwer dëse “patrimoine culturel de l’humanité”. Net wéinech houfreg schéngt een iwwer dësen Unesco-Titel ze sinn. Ma, wann een d’Diskussioun gëscht ëm den net méi schoulfräie Päischtdënschdeg 2019 e bësse suivéiert huet, kommen engem eescht Zweifel. Et schéngt, dësen eemolege Patrimoine gëtt zu enger “Iechternacher Saach” dégradéiert (d’Iechternacher Schüler hu jo fräi, all di aner net), d’Saach ass net national, net emol regional, ma lokal... e banalt Event ënner villen. En éischter enkt Verständnis vum Wuert “humanité”... Ech kéint mir virstellen, datt d’Unesco mat der “Mënschheet” net nëmmen d’Leit vun Iechternach gemengt hunn.
All Joer op Päischtméindeg a Päischtdënschdeg komme Journalisten aus dem Ausland op Invitatioun vum LFT (fréier ONT) op Iechternach, am Kader vun enger Unesco-Rees “Festung Lëtzebuerg - Sprangprëssessioun - Family of Man”. Si sinn an der Regel ganz beandrockt, verschiddener sprangen esou guer mat duerch d’Gaasse vun der Abteistad bei d’Graf vum hl. Willibrord, erzielen dovunner... a mir si schonn nees houfreg, wéi mir et als Lëtzebuerger all Kéiers sinn, wann am Ausland ee positiv iwwer eis schreift a fir eng Kéier de Klischee vum Steierparadäis net beméit. No baussen Nation branding, an no bannen? Wéi e Bild hu mir vun eis selwer? A virwat gëtt alles, wat iergentwéi mat Relioun ze dinn huet, op eemol zu engem Problem? Virwat muss e Kand (oder seng Elteren) sech elo schonn “excuséieren”, wann hatt op d’Sprangprëssessioun wëll (mat)goen? Huet hatt eppes verbrach...? Et ass mir, wéi wann eenzelner net nëmmen den Norden, ma och den Oste verluer hätten.
Wou ass de Problem? freet de Minister - onschëlleg oder naiv “au choix” - op Twitter. Jidderee ka jo goen, ma de Schoulbetrib leeft virun - dat iwwerleeë sech d’Elteren dann awer zweemol, op si hier Kanner aus der Schoul eraushuelen... wëll et verpasst een ëmmer eppes a gëtt e Stéck wäit pénaliséiert. An d’Enseignanten? Sinn déi da manner fräi wéi d’Kanner? Virwat däerfen déi net un dësem eenzegaartege Weltkulturiewen deelhuelen an esou dës Traditioun weiderféieren? De Minister huet entweder de Communiqué vum Willibrordus-Bauveräin net gelies oder net verstanen. Dat éischt wier schued, dat zweet franchement schlecht. D’Argumenter op Säite vum Schoulministère sinn dënn, nee falsch, net ee richtegt Argument hunn ech gelies... firwat deen Dag net schoulfräi si kann. (Firwat sollt d’Fro vun de Betreiung vun de Kanner, déi net op Iechternach ginn, 2019 e Problem sinn, wann et bis elo keen Thema war?)
Et ginn der, net wéinech, di soen, d’Politik wier konsequent, et geet ëm d’Trennung. Ma et ginn där anerer, opmannst net manner wéinech, di soen, hei geet et net nëmmen ëm Relioun, ma ëm Kultur, ëm Patrimoine, ëm Lëtzebuerg, ëm d’Unesco an ëm eng Manifestatioun zu där all Joer zegdausende Leit kommen, vun hei, aus den Nopeschlänner a vu nach méi wäit hir... a vu verschiddene Confessiounen oder och ouni. Wat solle si all vun eis denken, wa si gesinn, wéi eescht et eis mat eisem Patrimoine ass. Jo, den Titel droe mir gären, ma d’Obligatiounen, déi heimadder verbonne sinn, schénge verschiddene Décideuren - aus wéi enge Grënn och ëmmer - net esou wichteg. Dee Leschten huet dat Spill duerchkuckt. Dat ass de Problem... an dat ass traureg.