lb | fr | pt | en |
Härläichendag C
Lk 9,11b-17
11b De Jesus huet de Leit vum Herrgott sengem Räich geschwat an huet déi gesond gemaach, déi eng Heelung néideg haten.
12 Wéi den Dag esou lues op en Enn gaang ass, sinn déi Zwielef dohi komm a soten zu him: “Schéck dach déi vill Leit fort, fir datt si an d’Dierfer an d’Häff ronderëm ginn, do akéieren an eppes z’iesse fannen, well hei si mir op enger ofgeleeëner Plaz!”
13 Hien awer sot zu hinnen: “Gitt dir hinnen z’iessen!” Ma si soten: “Mir hunn net méi wéi fënnef Brout an zwéi Fësch, et sief dann, mir géingen hin a géife fir dëst ganzt Vollek eppes z’iesse kafen.”
14 Et waren nämlech ongeféier 5.000 Mann. De Jesus sot zu senge Jünger: “Dot si sech a Gruppe vun ongeféier hirer 50 niddersëtzen!”
15 Dat hunn si och gemaach, an si hunn se all gedoen sech niddersëtzen.
16 De Jesus huet déi fënnef Brout an déi zwéi Fësch geholl, huet an den Himmel opgekuckt an huet se geseent. Dunn huet hien se gebrach an de Jünger se ginn, fir se un d’Leit auszedeelen.
17 Si hu giess a goufen all gesiedegt. Déi Stécker, déi si rescht haten, sinn opgeraaft ginn – zwielef Kierf voll.