lb fr pt en
Oktav 2018 . Octave 2018  
20. Abrëll 2018

Maria – dem Härgott säi Geschenk!

Gedanke fir d’Oktav 2018 vum Monique Hermes

Ave spes nostra – sief gegréisst, du eis Hoffnung,
Mamm vum Erléiser, Patréinesch vu Lëtzebuerg!
Bei däi Bild pilgere mir als Vollek vum Härgott:
Jonker an Aler, Gesonder a Kranker, Frouer an Traureger...

Däi ganzt Liewe war e Pilgergank.
Stéi äis bäi op deem dacks géie Pilgerwee vum Glaf.

Du hues Jo gesot zu Gott an zum Onbegräiflechen.
Léier äis dee Jo zum Härgott an zum Matmënsch.

Du bass mat dengem Kand an d’Friemd geflücht.
Hëllef äis, d’Flüchtlingen an eiser Mëtt opzehuelen.

Däi Liewenswee ass duerch däischter Tunnelle gaang.
Stäip äis, wann et emol schwéier ass.

Du bass dem Leed an dem Schmäerz net aus de Féiss gaang.
Beschütz d’Mënschen an de Krichs- a Krisegebitter.

Du stoungs trei ënner dem Kräiz an hues matgelidden.
Looss äis Mënschen am Leed wierksam begleeden.

Du hues eng Plaz an där neier Welt, déi den Härgott versprach huet.
Reech deene Mënschen d’Hand, déi doudkrank sinn.

Ave spes nostra – Sief gegréisst, du eis Hoffnung!
Mat Dir gutt Mamm, trei Beschützerin a staark Vermëttlerin
si mir räich beschenkt vum Papp am Himmel!

Monique Hermes

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu