lb | fr | pt | en |
D’Mass um 11. Sonndeg am Joreskrees gouf den 13. Juni vu Berdorf iwwerdroen
Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 13. Juni aus der Kierch vu Berdorf iwwerdroen. D’Mass gouf als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl. D’Kommiounskanner hunn ënnert der Leedung vum Josiane Mirkes ép. Osborne gesongen a goufe begleet um Keyboard vum Libby Kramer an op der Gitarre vum Tom Osborne.
D’Kommiounskanner sangen
D’Kommiounskanner vu Berdorf, en Deel vun de Kommiounskanner vu Befort, vun Hemstel (Bech) a vu Consdorf fréen sech fir d’Tëleesmass fir Iech ze sangen an hëllefen, ze gestalten. Zesumme si mer staark, och an dëser Zäit wou d’Pandemie nach net eriwwer ass. D’Kanner wëllen e Stéck Gemeinschaft schenken an zesumme mat Iech feieren, mat de Mëttelen, déi mir an dëser Zäit hunn.
De Kanner hire Glawen an hir Freed solle fir eis all en Hoffnungszeeche sinn. Aus dem klenge Somkär kann eppes Grousses entstoen. Mir mussen e fleegen, mir musse fir säi Wuesse suergen. Mee en Deel vum Wuesstëm ass och einfach geschenkt. Mir brauche just Gedold. Maacht Iech mat de Kanner op de Wee.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée / Uergel | Jesus, Name Above All Names | Naida Hearn |
---|---|---|
Agangslidd | Gottes Liebe ist so wunderbar | S. Sommerland/K. Glück |
Kyrie | gëtt gebiet | |
Gloria | Gloria, Ehre sei Gott | Kathi Stimmer-Salzeder |
Alleluia | Hallelu, hallelu, hallelu, hallelujah, preiset den Herrn | traditional spiritual |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Lasst uns miteinander singen, loben, danken dem Herrn | Peter van Woerden |
Sanctus | Gott ist heilig | Kanon no der Melodie vu Frère Jacques |
Anamnes | Il est vivant | Mag 1138, N. Colombier |
Agnus Dei | Der gute Gott schenkt Frieden | Reinhard Horn |
Kommioun | Love Grows Here | Don Besig |
No der Kommioun | Entdecke das Geheimnis in Brot und in Wein | Robert Haas |
Schlusslidd | Halte zu mir, guter Gott | R. Krenzer/L. Edelkötter |
Sortie | Come Christians, Join to Sing | Arr. Becki Slagle Mayo |
Et sangen d’Kommiounskanner vu Berdorf, Befort, Hemstel (Bech) a Consdorf
Leedung: Josiane Mirkes ép. Osborne
Keyboard a Gesang: Libby Kramer
Gittar a Gesang: Tom Osborne