lb fr pt en
Priedegten  
1. Mee 2018

Maria, d’Mamm vun der Freed – Und vergib uns unsere Schuld / Mt 6,1-6.16-18

Dënschdeg, 1. Mee 2018 – Pontifikalandacht

Hinführung zur Predigt

Bei dieser Bitte kann man von Schuld und Schulden reden. Schuldig werden ist uns nicht fremd. Wir wissen, dass wir auf Verzeihung angewiesen sind, wie aber auch andere auf unsere Verzeihung. Aber wir stehen oftmals auch selbst in der Schuld. Ohne unser Zutun haben wir empfangen. Wir wurden beschenkt. Es drängt uns, uns zu revanchieren. Auf jeden Fall, wir werden uns klar darüber, ob Verzeihung oder beschenkt zu werden, wir werden immer zum Empfänger. Und wer empfängt kann nicht anders, als auch etwas von sich mitzugeben. Wer Verzeihung empfängt, kann nicht anders als auch selbst Verzeihung zu schenken. Maria ist die Mutter Gottes. Gott, der verzeiht. Maria wird somit auch zur Mutter der Verzeihung. Maria hat miterlebt, wie Christus selbst am Kreuz verziehen hat. Ein Verzeihen ohne Grenzen. Möge Maria uns auf dem Weg der Verzeihung begleiten.


Léiwen Här Äerzbëschof,
Léif geeschtlech Matbridder,
Léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral,
Léif Leit, déi dir dobausse mat eis verbonne sidd.

Wat kënnt aus den Drauwen, wann se an d’Press kommen? Wann d’Drauwen ënner Drock kommen, dann entsteet Drauwesaaft. Ënner Drock kënnt dat eraus, wat dran ass. Et gëtt eng Méiglechkeet, eis selwer kennenzeléieren an ze mierken, wat bei eis bannendran ass. Mir mussen eigentlech just nëmmen op Situatioune kucken, an deene mir ënner Drock geroden. Ënner Drock, do léiere mir eis selwer kennen. Do kënnt eise wierklechen Ech zum Virschäin. Do kann et sinn, dass do net de Mënsch zum Virschäin kënnt, deen ech mir virstellen. Do kann eppes zum Virschäin kommen, wat batter ass. Mir schéngt et, wéi wa mer do oft méi enger Pëll, engem Medikament ähnlech sinn, wéi enger gudder séisser Drauf. Wie schonn emol Medikamenter am Mond hat, zum Beispill eng Pëll, dee weess, dass no e puer Momenter den Zockergoss ronderëm d’Pëll sech opléist, an da kënnt eng Mass zum Virschäin, déi eis awer guer net schmaacht. Wa bei eis dat Äusserlecht bréckelt, ewechfällt, da kënnt de wierkleche Kär zum Virschäin, eventuell deen, deen eis guer net gefällt. Jesus weess, wéi et an eis bannendran ausgesäit, duerfir léiert hien eis ze bieden: Eise Papp, verzei eis eis Schold.

All Mënsch kennt dat Gefill, wann ee schëlleg ginn ass, wann ee Schold op sech gelueden huet. Engem reliéise Mënsch ass et och net friem, Gott ëm Verzeiung ze froen, wann een eng gréisser Schold op sech gelueden huet. A mir wëssen och selwer, wéi schwéier et ass, engem ze verzeien, wann dat eegent Häerz blesséiert ginn ass. Et passt zesummen, dass ee Gott net gudde Gewëssens ëm Verzeiung ka froen, wann een net selwer bereet ass, ze verzeien. Dat ass eisen Dilemma, an deem mir eis oft befannen. Also lount et sech, dëse Vers „und vergib uns unsere Schuld“, nei ze betruechten, fir eise Bléck ze korrigéieren, jo méi déif ze maachen.

Interessant ass, dass mir am Text vum Matthäus näischt liese vu Schold, mee éischter vu Scholden. Scholden huet een, wann een sech eppes geléint huet. An dat ass jo nach laang net falsch. Mir dierfen dervun ausgoen, dass den Urtext vu Scholde schwätzt: Abba, Du, erlass uns unsere Schulden, so wie auch wir untereinander unsere Schulden erlassen.

Am Vollek Israel war et normal, dass ee bei engem anere Scholden hat, an datt een deem aneren Scholden erlooss huet. Deem aneren eppes léinen, an et op der anerer Säit net zréckzefroen, dat war ee wichtegen Aspekt vun der deemoleger jüddescher Relioun. Hat den Noper kee Brout oder keng Suen, fir sech dat Néidegst fir ziessen ze kafen, esou war et selbstverständlech dësem Mënsch an senger Nout ze hëllefen. An et huet een et herno net zréckgefuerdert, wa sécher war, datt déi Persoun dann nach méi an Nout géif rutschen. Dat hat eppes mat Matgefill ze dinn. Dëst Bild vun Hëllefen, engem Scholden ze erloossen, fënnt een an der Bibel op méi ville Plazen. (Mt 18, Lk 7 a 16)

Awer wat wëllt dat heeschen, wa mir am Vater unser bieden: Und vergib uns unsere Schuld?

Wien esou biet, geet dervun aus bei Gott Scholden ze hunn. Hie weess, dass Gott him am Liewe villes geschenkt huet. Mir sinn eigentlech déi, déi mir ëmmer erëm vu Gott beschenkt ginn. An dat, wat Gott eis schenkt, dat kënne mir him nimools zréckbezuelen. Jesus wëllt eis soen: Dat alles wat mir sinn a wat mir hunn u Capacitéiten: alles ass ee Geschenk. Eis ganz Existenz ass ee Geschenk Gottes. Aleng schon, dass ech liewen, kënnt net vu mir selwer. Och meng Eltere sinn net déi leschten Ursaach, dass et mech gëtt. Mäi Läif, meng Séil, mäi Geescht, mäi Verstand, meng Begabungen: alles hunn ech kritt, et empfaangen, ouni selwer eppes derfir hu missten ze maachen. Meng Frënn, d’Mënschen déi sech fir mech interesséieren a mech gären hunn, d’Kultur an déi ech eragebuer gi sinn, all dat hunn ech net kaaft: et ass mir geschenkt ginn. Kucke mir weider: Alles, wat een sech am Liewen erschafft huet, mäi Wëssen, meng Erfahrungen, mäi Liewensstand, mäi Liewensstandard, a wa mir nach méi déif kucken op d’Viraussetzungen, déi all dat méiglech gemaach hunn, ass net alles selbstverständlech an net alles mäin eegene Verdéngscht. Wéi soen d’Philosophen: D’Tatsaach, dass et iwwerhaapt eppes gëtt an net näischt, ass scho Grond genuch fir ze staunen.

Wien eng Kéier dëse Gedanken nogeet, gëtt sech der Realitéit vu senger Existenz nei bewosst. Dann entwéckelt sech ee Gefill vun Dankbarkeet géintiwwer dem grousse Geheimnis vum Liewen. Do fillt een sech ugeholl, gewollt. Do kann ech net aneschter, wéi dat Geschenk vum Liewen unzehuelen a gläichzäiteg op der anerer Säit eppes vu mir matzeginn. Ech verdanke Gott mäi Liewe mat allem, wat zu mengem Liewe gehéiert, ech kann net aneschter, wéi mech do ze revanchéieren.

Domadde kréien dës Wierder vum Vater unser eng ganz aner Richtung.

Wa mir awer elo dës Wierder nëmme géife bieden, am Sënn vu verzeien, dass Gott eis nëmmen da géif verzeien, wa mir och eisem Géintiwwer verzeien, da wiere mer séier an enger Zwéckmillchen. Jiddweree weess, dass ënner gewëssen Ëmstänn verzeie guer net esou einfach ass. Déif Blessuren an Enttäuschunge brauche munchmol vill Zäit, bis ee schlussendlech ka soen: ech hu verzien. De Meister Eckhart sot emol, dass et wichteg ass, dass eis hei net opgezwonge gëtt, eis Feinde gären ze hunn. Gott wëllt, dass mir verzeien, esou wéi och Gott eis verzeit. Gott verzeit eis, wa mir hien ëm Verzeiung froen. Esou sollen och mir da verzeien, wa mir ëm Verzeiung gefrot ginn.

Gott ass vill méi grouss an hie weess alles. Da gëtt mir kloer: Gott ëm Verzeiung ze froen ass keng Fro, keen Uleies: Gott huet mir scho verzien, ier ech hien iwwerhaapt drëms froen. Gott huet mir scho verzien, ier ech iwwerhaapt emol verzeie kann. Dat weist op dat grousst Vertraue vu Gott u mech hin. Dat soll mech stäerken, dat Béist ze meiden, vollkommen ze liewen, net a Matleed mat mir selwer ze falen an als Konsequenz mengem Vis-à-vis méi séier verzeien.

Mir dierfen net vergiessen, dass deen, dee verzie kritt, och selwer besser ka verzeien. Wéi schreift de Poopst Franziskus: « Seul celui qui se sent pardonné, peut pardonner à son tour. Je pardonne parce que, auparavant, j’ai été pardonné. Songez aux docteurs de la loi, à ceux qui faisaient la guerre au Christ : ils croyaient être des justes, ils n’avaient pas besoin de pardon et ne comprenaient pas pourquoi le Christ pardonnait les pécheurs et allait manger avec eux […]. Il pardonnait tout le monde, et eux ne le comprenaient pas car ils se sentaient tellement justes qu’ils ne pouvaient pas connaître cette expérience magnifique. »

Kucke mir op de Judas: Hätt hien nom Verrot vum Jesus, Maria, d’Muttergottes begéint, dann hätt säi Liewe villäicht eng aner Richtung geholl. Mee deen Aarmen huet keng aner Sécherheet gesinn wéi déi, sech d’Liewen ze huelen.

An der Basilika zu Vézelay ginn et wonnerschéi Kapitolen, mat verschiddenen Duerstellungen, esou och eng vum Judas, deen sech erhaangen huet. Interessant ass, dass de Christus, de gudden Hiert optaucht, an den doudege Judas op senge Schëlleren dréit. An nach ee klengen Detail: Jesus huet ee klengt Laachen op senge Lëpsen. Hien hëlt de Judas mat, iwwerléisst hien net dem Chaos vum Doud, mee hëlt hie mat op de Wee vum Liewen. Besonnesch an der Hoffnungslosegkeet heescht et ze hëllefen, fir nees de gudden a richtege Wee ze fannen.

Kucke mir op Maria. Si ass d’Mamm Gottes, Gott, dee verzeit, dee Verzeiung schenkt. Duerfir ass Maria och d’Mamm vun der Verzeiung. An domadden gi mir op d’Fruucht vun eisem chrëschtleche Glawen opmierksam gemaach. Wien net weess ze verzeien, huet d’Liewen net richteg verstanen. A wien de Wäert vum Liewen erkannt huet, ass och à même ze verzeien a léisst net zou, dass Beleidegungen weiderhin Gëft verbreeden a Liewen zerstéieren. Ënnert dem Kräiz kuckt Maria op hire Jong Jesus, deen Zeechnis ofgëtt iwwert Gottes Léift: „Vater vergib ihnen, denn sie wissen nicht, was sie tun.“ Genau an dësem Moment ass Maria d’Mamm vum Verzeie ginn. Nom Beispill vum Jesus a mat senger Hëllef, ass Maria fäeg ginn, deenen ze verzeien, déi Jesus ëmbruecht hunn.

Fir eis gëtt Maria zu engem Bild, wéi d’Kierch d’Verzeiung muss ausdeenen a verbreeden, wéi d’Kierch deene Mënsche Verzeiung dierf schenken, déi dorëms froen. Maria weist mam Fanger op Golgota. Golgota léiert eis, dass Verzeie keng Grenze kennt. Klengkaréiertheet huet hei keng Plaz. Et gëtt keng aner Alternativ, fir am Verzeien ouni Grenzen ze sinn. Grad dowéinst huet den Hellege Geescht d’Apostelen zu Instrumenter vun der Verzeiung gemaach, fir Mënschen op alle Plazen an zu alle Momenter Verzeiung ze schenken, duerch d’Beicht. Och haut ass d’Kierch an der Welt ënnerwee, fir virun allem och d’Sakrament vun der Versöhnung ze spenden.

Maria gëtt bezeechent als „Mamm vun der Hoffnung, Mamm vun der Gnod, Mamm vun der Freed.“ Dës dräi Eegeschafte passen enk beieneen. Hoffnung, Gnod a Freed si Gowe vu Jesus un eis. Et sinn déi Gowen, déi d’Liewe vu Christus charakteriséieren. Maria weist eis haut d’Geschenk vun der Vergebung, vum Verzeien. Domadden hëlleft Gott eis, d’Freed vum Liewen erëmzefannen. An et ass dat, wat Zukunft versprécht. Och an de Psalmen wéi zum Beispill am Psalm 51, fënnt sech dëse Gedanken erëm: „Erschaffe mir, Gott, ein reines Herz, und gib mir einen neuen, beständigen Geist. Mach mich wieder froh mit deinem Heil.“

D’Kraaft vum Verzeien ass d’Géigemëttel zur Trauregkeet, déi oft duerch sech rächen a verbruet ze sinn ervirgeruff gëtt. Verzeien hannerléisst Freed a Geloossenheet, well si mécht d’Séil fräi vun de Gedanke vum Doud. All dat anert bréngt nëmmen Duerchernee mat sech.

Biede mir zu Maria, dass mir dat Schéint vum Liewe wouerhuelen a léieren, dass net alles selbstverständlech ass. Biede mir awer och zu Maria, dass mir d’Schéinheet vum Verzeien nei entdecken, awer dass mir och selwer erliewen, wéi gutt et deet, vu Gott verzien ze kréien.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu