lb fr pt en
Priedegten  
3. Mee 2018

Maria léisst den Himmel zu äis schwätzen – Ne nous laisse pas entrer en tentation / Lk 15,11-33

Donneschdeg, 3. Mee 2018 – Pontifikalandacht

Hinführung zur Predigt

Der Sinn dieser Bitte besteht darin, dass wenn das Böse, das Chaos mich in Versuchung bringt, mein Ruf zu Gott dringen soll: Gott, komm mir zu Hilfe. Lass mich nicht fallen. Nimm mich bitte an der Hand. Damit kommen wir wiederum zu unserem Ursprung. Gott ist unser Vater, der sich um uns sorgt. Es tut gut dies zu wissen. Gott sieht uns anders und nicht wie die Welt uns betrachtet. Befinden wir uns im Fall, so überkommt uns der Eindruck, als wenn die Welt uns weiter fallen ließe, weiter in den Abgrund ziehe. Doch Gott kann nicht anders, als uns aufzufangen, unseren Fall zu stoppen. Schlussendlich kann Gott nicht ohne den Menschen sein. Das ist mit das größte Mysterium unseres christlichen Glaubens – unsere Quelle der Hoffnung. Wenn wir also Hilfe benötigen, dann ermuntert uns Jesus nicht aufzugeben und uns zu verschließen, sondern uns mit Vertrauen an ihn zu wenden.


Léiwen Här Äerzbëschof,
Léif geeschtlech Matbridder,
Léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral,
Léif Leit, déi dir dobausse mat eis verbonne sidd,

Unser Vater, und führe uns nicht in Versuchung
Eise Papp, a féier eis net a Versuchung
Notre Père, ne nous soumets pas à la tentation

Schonn am Joer 1996 huet déi kathoulesch Wochenzeitung ’Christ in der Gegenwart’ Lieserbréiwer verëffentlecht, wou Leit eng méi verständlech Iwwersetzung oder besser gesot, eng besser Formuléierung konnte verëffentlechen, wat dëse Vers betrëfft „a féier eis net a Versuchung.“ Déi Diskussioun gëtt et also scho méi laang, an och haut scheeden sech d’Geeschter, wat dann elo déi beschten Iwwersetzung ass.

Hei e puer Beispiller vu Leit aus dem alldeegleche Liewen:

  • Halte mich fest in jeder Versuchung.
  • Und führe uns in der Versuchung – wat esou vill heescht: féier mech op de gudde Wee, wann ech an d’Versuchung geroden.
  • Und lass uns in der Versuchung nicht fallen.

D’Diskussioun ass déi, ob esou Formuléierungen dat erëmginn, wat Jesus gebiet huet. Oder ass et dach richteg, wann an engem Glacebuttek, dee méi wéi 30 Glacenzorte verkeeft, do geschriwwe steet: „Lieber Gott, führe mich in Versuchung – aber richtig.“

Et schéngt op der Hand ze leien, dass Jesus net esou gebiet kann hunn, wéi mir haut de Vers bieden. Schonn den Tertullian huet am 2. Joerhonnert geschriwwen: „Fern sei der Schein, als versuche der Herr!“ An och am Buch vum Jakobus, deen ëm 60 no Christus zu der jüddesch-chrëschtlecher Gemeinschaft geschriwwen huet, kënne mir liesen: „Keiner der in Versuchung gerät, soll sagen: Ich werde von Gott in Versuchung geführt“ (Jak 1,13)

Wann een sech an d’Spiritualitéit vum Jesus eraversetzt a wann een dem Jesus seng Relatioun zu sengem Papp betruecht, da kann ee wierklech net dervun ausgoen, dass Jesus eng Virstellung vu Gott hat, deen eis an d‘Versuchung wëllt féieren, nëmme fir eis op d’Prouf ze stellen. Well esou kéinte mir et verstoen. Et wier interessant ze wëssen, wee vun eis heibanne villäicht schonn an der Vergaangenheet Problemer mat dësem Vers hat: Und führe uns nicht in Versuchung.

Fir awer am Jesus sengem Denken ze bleiwen, misst et éischter heeschen: „Lass uns der Versuchung nicht erliegen, bewahre uns in der Versuchung.“ Esou ass déi franséisch Bëschofskonferenz dann och op de Punkt komm fir et folgendermoossen ze iwwersetzen: et ne nous laisse pas entrer en tentation. Dës Iwwersetzung ass dunn och den 1.Advent, d’lescht Joer a Kraaft getrueden.

An och mir iwwerhuelen ab dëser Muttergottesoktav fir d’Zukunft dës Iwwersetzung: et ne nous laisse pas entrer en tentation. Mee wat ass dann elo hei mat Versuchung, mat Tentatioun gemengt? Konkret Beispiller vu Versuchunge ginn eis net genannt. Et schwätzt een hei net vu Versuchungen, mee vun der Versuchung selwer.

Do musse mir als Chrëschten eng Gewëssenserfuerschung maachen, oder aneschter gesot: mat Éierlechkeet op mäin eegent Liewe kucken. An dat ass eng ganz perséinlech Saach, fir d’Versuchung a mengem Liewen erauszefannen. Et kann een d’Fro och aneschter stellen: Wou stécht a mir de Wuerm? Wat ass d‘Versuchung, wat sinn d‘Versuchunge vu mengem Liewen? Wéi bei all deenen anere Versen am Vater unser, gëtt et och hei een „uns“. Unser tägliches Brot, unsere Schuld, vergeben unseren Schuldigern, ne nous laisse pas entrer en tentation. Dësen „uns“ riicht eise Bléck och op eis Famill, eise Frëndeskrees, eis Gebietsgemeinschaft, eis Aarbechtsteam, eis Kierch, eis Weltgemeinschaft an däer mir liewen, wierken a schaffen. Wou also ass bei mir a bei eis alleguerten de Wuerm dran?

D’Teresa vun Ávila huet dobäi een interessante Gedanken. Et sinn net Versuchunge vun dobaussen, déi op eis erawierken. Deene soll een sech tapfer géintiwwer stellen, encouragéiert si eis. Villméi soll ee Gott ëm Hëllef froen, staark ze sinn, géint Versuchungen, déi vu banne kommen. D’Teresa vun Ávila huet hei éischter hire Konvent am Bléck mat all hire Matschwësteren: wann een sech als vollkomme virkënnt an domadden d’Demut verléiert, da schuet dat dem Gemeinschaftsliewen oder wann een op eemol Zweifel u senger chrëschtlecher Beruffung huet. Dat huet da Konsequenzen fir dat geeschtlecht Liewen. Dat kann d’Bezéiung zu Gott zerstéieren.

Fir Jesus war et ee grousst Uleies, dass d’Mënschen net an d’Versuchung geroden, fir als Konsequenz sech vu Gott ze trennen. A sengen Aen war dat dat Schlëmmst, wat engem Mënsch kéint geschéien. An et gëtt déi Versuchung, zwar nach iwwer Gott nozedenken an iwwer Gott ze schwätzen, mee net méi MAT Gott ze schwätzen. Wéi schnell gëtt aus engem Mystiker een Dogmatiker. Wéi schnell gëtt ee vun engem Gottesmann just nach ee Kierchemann. Wéi schnell kënnt et derzou, dass sech mäin Ego duerchsetzt, sech alles just nach ëm mech dréit, dass ech de Moossstaf vun alle geeschtlechen, kierchlechen a weltleche Saache sinn. De Bëschof Joachim Wanke aus Erfurt huet am Joer 1991 a sengem Faaschtebréif seng Suerg vun der Versuchung vun der Gottvergiessenheet ausgedréckt, besonnesch dat ënnert den engagéierte Katholiken. Och Jesus huet dës Versuchung kannt. Do gouf et d’Versuchung vum Dämon an der Wüst, Jesus vu Gott ze trennen.

Notre Père, ne nous laisse pas entrer en tentation. Eise Papp, looss eis net zréckfalen an d’Eidelkeet, wou et dech Gott net gëtt. Et geet schlussendlech ëm d’Häerzensuleies, dass Gott eis net fale léisst an eis mat eisem ënnerleche Kampf géint dat Gottloost net aleng léisst. Well déi gréisste Gefor an dëser Welt fir eis Chrëschte besteet doranner, dass mir géifen zouloossen, vu Gott getrennt ze ginn.

Awer ee Papp wëllt net, dass mir vun him lassgerappt ginn. Wann de Satan eis a Versuchung bréngt, dann dierfe mir zu Gott eis Hand ausstrecken a ruffen: Wann ech gelift. Herrgott, hëllef mir. Et ass wéi beim Péitrus um Waasser, dee riskéiert ënnerzegoen an zu Jesus rifft: Hëllef mir, ech ginn ënner, gëff mir w.e.g. deng Hand. Christus ass an eisem Liewen eis Hoffnung, eisen Anker. Denke mir awer och un d’Bild vum barmhäerzege Papp, wou ee vu senge Jongen sech mat der ganzer Ierfschaft duerch d’Bascht mécht, an herno vu lauter Dropgängerei mat näischt méi heem kënnt, an dobäi nach ganz verlodert ausgesäit. Do begéine mir dem Papp, deen net och nach zousätzlech draschléit, mee mat Léift a Barmhäerzegkeet doheem op säi Jong waart. Mir Mënsche bréngen dat net fäerdeg, mee awer Gott, fir och an esou engem Moment nach barmhäerzeg ze bleiwen. De Papp hei gëtt sengem Jong ze verstoen, dass säi Papp op de Jong gewaart huet, dass de Papp déi Péng vum Verlaangeren huet missten aushalen. Dat kann nëmme Gott. Mir Mënschen hätten do scho längst aneschter gehandelt.

Esou gekuckt: Mir sinn ni aleng. Och kënne mir wäit ewech sinn, och kënne mir eis zu engem Liewen ouni Gott bekennen. Awer d’Evangelium vu Christus seet eis, dass Gott net ouni eis ka sinn. Aleng schonn dat ass ee Mystère. Gott kann net Gott sinn, wann et bei him keng Plaz fir de Mënsch gëtt, och dann, wann de Mënsch sech aus dem Stëbs mécht, well d’Versuchung ze grouss ass. Dat ass d’Quell vun eiser Hoffnung. Dat ass de Sënn vum ganze Gebiet vum Vater unser. Gott kann net ouni de Mënsch sinn.

A wa mir am Liewen emol Hëllef brauchen, dann äntwert Jesus eis net: selwer Schold oder interesséiert mech net oder kuck, dass du eens gëss. Hien encouragéiert eis, net ze resignéieren, mee hien encouragéiert eis, eist Gebiet u Gott ze riichten. Gott léisst eis net falen an eisen alldeegleche Suergen an och veruerteelt hien eis net.

Jiddweree vun eis huet seng Suergen a seng Alldagsproblemer. Denke mir driwwer no an iwwert dat, wat an eisem Liewe wierklech néideg ass a wou mir eis onnëtz anhuele loossen a biede mir zu Gott, dass hien eis festhält, an dass mir de Versuchungen net noginn. Et hëlleft am Liewe mam Herrgott senger Präsenz ze rechnen. Et hëlleft mam Herrgott am Gespréich ze bleiwen. Et hëlleft den Herrgott als Coach op eiser Säit ze hunn.

Am Allgemenge kann ee soen, dass d’Versuchung doranner besteet, eis selwer opzeginn, eis falen a matrappen ze loossen, an um Schluss ouni Gott do ze stoen. Do brauche mir een Anker, fir dass mir am Sog net matgerappt ginn. Den Anker ass Gott. Hie léisst eis net lass. Awer och Maria ka fir eis, wéi een Anker sinn. Maria ass op eiser Säit, och da wann däischter an haart Momenter am Liewen ze iwwerstoe sinn. Maria léiert eis eng Tugend: Trei sinn, trei bleiwen, net opginn, net fortlafen, sech net aus der Verantwortung erauszéien, bleiwen, ënnert dem Kräiz bleiwen. Hei kënne mir kommen, bei d’Gnodebild, bei eisen Anker, fir ze kräischen, fir nozedenken, fir den nächste Schrëtt ze iwwerleeën. Hei bei Maria ass och déi Plaz, wou mir mat Gott kënnen unecken, well mir wëssen, dass d’Liewen an eise Glawen net ëmmer einfach sinn. Duerfir kënne mir hei ëm Kraaft bieden, fir dass mir der Versuchung fir opzeginn, widderstoen. Maache mir et wéi Maria. Gi mir trei eise Wee mat Gott weider. Huele mer d’Helleg Schrëft mat op dëse Wee. D’Bibel ka fir eis Encouragement sinn, fir dass mir virum Eescht a virun de Kante vum Liewen net fortlafen. Au contraire, dass mir zesumme mat Maria an der Spur vum Jesus bleiwen: Trei, mat Gedold, fest decidéiert.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu