lb fr pt en
Priedegten  
27. Abrëll 2018

Maria sot: Däi Wëll soll geschéien – Dein Wille geschehe / Gen 3,9-15.20

Freideg, 27. Abrëll 2018 – Pontifikalandacht

Hinführung zur Predigt

Wir Menschen sind für das Paradies geschaffen. Alles andere ist zu wenig. Der Mensch ist bestimmt für das Beste und das Schönste. Gott hat den Menschen geschaffen, um mit ihm in Gemeinschaft zu sein. Alles andere ist unserer nicht würdig. Gott hat uns berufen, dass wir sein Gegenüber sind. Um es mal mit der Bibelsprache auszudrücken: Gott will mit uns Menschen im Garten des Paradieses spazieren gehen. In Augenhöhe mit Gott sein, darin besteht unser Glück. Leider kennt die Bibel zur Genüge, dass Gottes Wunsch seitens des Menschen nicht immer erfüllt wird. Der Mensch läuft vor Gott weg. Er hat anderes im Sinn. Und dann geht es schief. Panik. Der Mensch schämt sich und versteckt sich. Aber Gott wird nicht müde , nach dem Menschen zu rufen. Der Mensch braucht sich nicht zu fürchten und kann sagen: Hier bin ich!


Léiwen Här Äerzbëschof,
Léif geeschtlech Matbridder,
Léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral,
Léif Leit, déi dir dobausse mat eis verbonne sidd.

Papp am Himmel, däi Wëll soll geschéien. Muncher ee vun eis stellt sech dat esou vir: esou wéi bei den Eisebunnsschinnen, gëtt Gott eis de Wee fir d’Liewe vir. A wéi d’Weiche gestallt ginn, doriwwer hu mir keen Afloss. D’Lokomotiv op der Schinn kann nëmmen dohinner fueren, wou d’Schinnen hiféieren. An de Lokomotivführer huet keen Afloss. Dat kann net dem Herrgott säi Wëlle sinn. Awer wat ass dann elo dem Herrgott säi Wëllen?

Mir Mënschen, mir si fir d’Paradies geschafen. Alles aneschter ass ze wéineg. Mir si fir dat Héchst a fir dat Bescht bestëmmt. Gott huet eis geschafen, fir dass mir mat him a Gemeinschaft sinn. Alles aneschter ass ënnert eiser Würd. Gott huet eis beruff, fir dass mir säi Vis-à-Vis sinn. Fir mat der Sprooch vun der Bibel ze schwätzen: Gott wëllt mat eis am Gaart vum Paradies spadséiere goen, well hien un eis hänkt. Mat Gott op Anhéicht ze sinn, dat ass eist Gléck. Alles aneschter entsprécht net eisem Wiesen.

D’Buch Genesis erzielt eis vun zwee Momenter an der Mënschheetsgeschicht, wou de Mënsch NEE seet. Een Nee, dee Konsequenze mat sech bruecht huet. Net Gott huet Konsequenze mat sech bruecht, mee de Mënsch huet mat sengem Nee selwer Konsequenze geschafen. Een Nee bréngt ëmmer eng negativ Konsequenz mat sech. Et geet hei ëm den éischten Nee vum Mënsch vis-à-vis vu Gott. De Mënsch huet virgezunn, fir d’éischt emol eng Kéier nëmmen u sech ze denken. Mat sengem Nee huet dëse Mënsch sech vun der Gemeinschaft selwer a gewollt ausgeschloss. De Mënsch stoung dunn op eemol aleng do. Hien hat Angscht, huet sech verlooss gefillt. Hien huet ugefaangen sech ze verstoppen an ugefaangen deenen aneren d’Schold ze ginn, déi eigentlech him ganz no waren.

Hei entsteet déi éischte Kéier d’Sënd. Mir doen eis oft schwéier mat dem Begrëff Sënd. An dir frot mech villäicht elo: Wat ass Sënd? D’Sënd ass dat, wat eis vun eis selwer trennt, do wou mir eis selwer net méi trei sinn. D’Sënd ass dat, wou mir Nee soen, wou mir un eis selwer denken, an als Konsequenz eis vun eise Matmënschen, déi eis gutt gesënnt sinn, trennen. D’Sënd ass dat, wou mir mat eisem Nee, eis vu Gott trennen. D’Sënd ass ëmmer ee Symptom vun eisem Nee, ee Symptom vu mengem Egozentrismus. Dat bréngt och als Konsequenz mat sech, dass ech aner Mënsche beschëllegen. Mat mengem Nee ginn ech op Distanz – op Distanz vu mir selwer, vu mengem Vis-à-Vis an op Distanz vis-à-vis vu Gott.

Am Buch Genesis ass net nëmme riets vum éischten Nee vum Mënsch. Mee am Genesis ass och riets vum Herrgott sengem Jo zum Mënsch. Wa Gott den eenzelne Mënsch duerch säin Nee verluer huet, dann ass et Gott, deen sech op d’Sich mécht. Hie rifft: Wou bass du? Dat ass de Ruff vun der Léift. Wou bass du? Dat ass de Ruff vum Schmäerz, vum Verlaangeren: Wou bass du? Gott léisst net zou, dass ee vun eis verluer geet. Gott tobt ënnerlech géint d’Sënd, géint den Däiwel, géint d’Schlaang, déi eis vu Gott wëllt ewechrappen. Gott gëtt net op. Hie rifft eis esouguer mam perséinlechen Numm. Daniel, wou bass du? A wéi eng Situatioun bass du erageroden? Et kléngt wéi bei engem Papp, deen no sengem Kand rifft. Ee Papp, dee vill Léift a Gedold opweist.

Dem Herrgott säi Wëllen ass, dass de Mënsch net seng Würd verléiert. Dem Herrgott säi ganze Wëllen ass doropper ausgeriicht, dass kee Mënsch verluer geet. Dat ass schonn ee staarken Akt vu Barmhäerzegkeet, wa Gott op eemol esou aktiv gëtt, a sech op d’Sich nom Mënsch mécht an dësen dobaussen an der Eidelkeet rifft. Barmhäerzegkeet ass de Wëlle vu Gott. Gott wëllt de Mënsch an senger Würd ëmmer erëm nei opriichten, wann et néideg ass.

Gott sicht de Mënsch ëmmer erëm nei. Duerfir ass Gott Mënsch ginn. Duerfir wierkt Gott als Mënsch ënnert de Mënschen. Souzesoe vu Mënsch zu Mënsch. Dat ass dem Herrgott seng beschte Léisung. Dat konnt hien awer net aleng maachen. Dat war nëmme méiglech duerch de Jo vu Maria. Mam Jo vu Maria huet dem Jesus säi Wee an dëser Welt säin Ufank geholl. Wéi den Engel bei Maria komm ass, do huet et geheescht: „Sei gegrüßt du Begnadete, der Herr ist mir dir.“ Dat war méiglech, well et am Liewe vu Maria keng Plaz fir een Nee gouf, vis-à-vis vu Gott. Au contraire, bei Maria gëllt de JO zu Gott. Si äntwert: „Siehe, ich bin die Magd des Herrn.“ Awer passe mir op. De Jo vu Maria ass ee kloere Jo. Maria äntwert net: Bon, ech soen emol fir dës Kéier Jo. Jo, da maachen ech, wat Gott sech virstellt, an da kucke mir emol weider. De Jo vu Maria ass een definitive Jo, ee Jo fir dat ganzt Liewen. An et fällt op, Maria stellt keng Konditiounen. Et ass ee Jo, dee keng Plaz léisst fir Egoismus oder fir et mat Wierder ze soen: Et war schon ëmmer esou. Duerch de Jo vu Maria huet Maria zum Heel fir eis alleguerten, mat derzou bäigedroen.

D’Geschicht vun der Mënschheet ass geprägt vu Jo a vun Nee ze soen. An d’Mënschheet ass och geprägt dovunner, fir Expert ze sinn, andeems mir „Jo“ soen, awer hannendrun, „jo awer“, „kucke mir emol“. Also een halwe Jo. Mir maache munchmol, wéi wa mir Gott net géife verstoen, ënnert dem Motto: „Ech kann elo net, net haut, mee muer“, „Pardon, ech verstinn net“. Dat sinn déi Momenter, déi eis vu Gott ewechféieren. Eise Problem ass oft deen, dass mir net richteg eng Decisioun kënnen huelen. Dass mir einfach net richteg JO kënne soen. Mir hunn ëmmer Excusë parat. D’Mënschheet ass wierklech Spezialist an den Excusen ze sichen, ee ganze Katalog voll. An dobäi verpasse mir dann esou vill Chancen, fir JO ze soen.

Vergiesse mir net: Ee Jo, mécht ëmmer eng Dier op. Eng oppen Dier ass d’Entrée fir dass all Mënsch ëmmer erëm nei ka beschenkt ginn. Ee Jo zu Gott bréngt mat sech, dass ee vu Gott beschenkt gëtt. Esou wéi bei Maria. Hire Jo huet Perspektiven an Heel fir eist Liewe bruecht. Soss wiere mir elo net hei. Soss géif et keng Ursaach ginn, fir de Slogan: Vu Gott beschenkt. Een Nee awer, mécht eng Dier een nom aneren zou.

Gott verlaangert no eisem Jo zu him. Froe mir eis selwer: Wou ass mäi Jo gefrot? Ëmmer erëm héiere mir dem Herrgott seng Stëmm, déi zu eis rifft: Wou maache mir de Schrëtt no vir? Wou brauche mir nëmme Jo ze soen? Maache mir et wéi Maria: Mat Vertrauen a mat Generositéit JO zu Gott soen.

D’Liewe vu Maria ass a kuerze Wierder zesummegefaasst, ee Liewe wou hir alles vu Gott onentgeltlech geschenkt ginn ass. Hire Jo huet dat méiglech gemaach. Gott stoung op éischter Plaz. Bei Maria gouf et keng Trennung zu Gott. Do ass et näischt ginn, wat d’Bezéiung zu Gott gestéiert huet. Maria huet sech Gott zur Verfügung gestallt. Däi Wëll soll geschéien. Opgepasst: Si sot net, ech maachen dat, wats du mir sees. Mee Maria sot, dass den Herrgott an hirem Liewe Realitéit soll ginn. Vu Maria kënne mir léieren, richteg op Gott ze lauschteren a seng gutt Absicht wouerzehuelen. An et gëtt näischt an dëser Welt, wat méi Resultater a gutt Friichte mat sech bréngt, wéi op Gott ze lauschteren, op Christus ze lauschteren, deen op vill Aart a Weisen dem Herrgott säi Wuert fir eis verständlech mécht. Lies et an den Evangelien. Maria ass an der Bereetschaft, fir vu Gott ze empfänken. Dat ass net näischt. Dat ass aktiv sinn.

Wann dem Herrgott säi Wëlle fir eis nach net ganz kloer ass, da lount et sech, op déi 10 Geboter ze kucken. Si weisen eis eppes vum Herrgott sengem Wëllen. Opfalend ass, dass et nëmmen déi dräi éischt Geboter sinn, déi Gott betreffen. Ganzer 7 sinn et, déi iwwert de Mënsch handelen. Net klauen, net dout maachen, näischt Schlechtes maachen, net léien. Domadde ginn eis Perspektive gewisen, also Weeër, wou sech Dieren opmaachen. Si si vill méi, wéi nëmme Geboter, mee éischter ee Gelänner. Si wëllen eis féieren.

Dem Herrgott sengem Wëlle gerecht ze ginn, besteet aus ville klenge Gester an eisem Alldag. Den Herrgott verstoppt säi Wëllen net vis-à-vis vun eis. Hien hëlleft eis, säi Wëlle kënnen ze verstoen, wa mir dat och wëllen. Hien zwéngt kengem säi Wëllen op. Mee Gott waart. Hie waart ëmmer.

Nach eng Kéier zréck op d’Lokomotiv op de Schinnen. Eist Liewen ass net wéi op enger Schinn, wou mir keen Afloss drop hunn, a wéi eng Richtung et geet. Munchmol fille mir eis awer wéi op enger Strooss mat enger Kräizung, a mir wëssen net wouhinner. Mir dierfen drop vertrauen, dass Gott eis genuch Informatioune gëtt, wouhinner mir eis solle bewegen. De Wee, fir dee mir eis dann entscheeden, wäert eis och sécher op iergend eng Aart a Weis prägen. Peile mir dach emol eng falsch Richtung un, da bitt Gott eis Ëmweeër un, fir dass mir eist Zil trotzdeem erreechen. Gott huet ëmmer Méiglechkeeten. Hie bleift bei eis. Dat ass säi Wëllen. Et gëtt eréischt da problematesch, wa mir probéieren am Liewen Ofkierzungen ze huelen, a wa mir duerch eisen Nee, eis géint all Méiglechkeete wieren, déi zum Gudden an eisem Liewen sech ubidden. Da kann et sinn, dass mir eis verrennen. Awer Maria waërt mathëllefen, dass et esou geet, wéi Gott et wëllt: Zu eisem Wuel.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu