lb fr pt en
Priedegten  
28. Abrëll 2018

Maria suergt sech ëm äis / Joh 2,1-12

Samschdeg, 28. Abrëll 2018 – Krankewallfahrt

Hinführung zur Predigt

Die Kranken und Schwachen haben in unserem Kirche Sein ihren festen Platz. Regelmäßig beten wir in unseren Fürbitten für sie. Maria weiß um das Kreuz, das viele Menschen durch Krankheit und Leid zu tragen haben. Maria schaut nicht weg, sondern macht Christus darauf aufmerksam, so wie bei der Hochzeit in Kana, als der Wein ausging. Christus lässt den Menschen in seiner Not nicht allein. Er hilft. Bei der Hochzeit in Kana tut Christus sein erstes Zeichen, nachdem Krüge mit Wasser herbeigeholt wurden. Die Diener auf der Hochzeit in Kana lehren uns, auch dort Hand mit anzulegen, wo wir gebraucht werden. Ob gesund oder krank, auf Pflege angewiesen oder einen Pflegedienst leistend, jeder darf sein Sich-Bemühen und sein Leiden vor Gott bringen. Dort wo es sinnlos scheint, kann Jesus uns den Sinn und unsere Berufung neu zum Vorschein bringen.


Léiwen Här Äerzbëschof,
Léif geeschtlech Matbridder,
Léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral,
Léif Leit, déi dir dobausse mat eis verbonne sidd.

Haut de Mëtten an dëser Krankewallfaart ass et d’Geleeënheet iech, léif Krank an eeler Matmënschen ze betounen an deenen, déi iech pfleegen, dass d’Kierch zesumme mat Maria am Gebiet iech no ass, an dat iwwert dës Krankenandacht eraus.

Ëmmer erëm biede mir an eise Fürbitten, fir eis Krank a fir eis eeler Matmënschen a fir déi, déi sech ëm iech bekëmmeren an iech pfleegen. Haut de Mëtten an dëser Andacht steet d’Evangelium vun der Hochzäit zu Kana mat am Mëttelpunkt, wou Jesus op d’Initiativ vu Maria säin éischt Wonner mécht. Esou wéi Maria, esou vertrauen och mir eis Jesus un, fir dass hien eis mat Gott verbënnt, fir dass mir beschenkt ginn.

Eng Krankheet, besonnesch wann se schwéier ass, d’Aschränkung vun eisem Kierper bedeit ëmmer eng Kris fir de Mënsch. Dobäi komme vill Froen op. Do wiert een sech da fir d’éischt dergéint. Firwat ech? Och wann dës Reaktiounen normal a verständlech sinn, et dierf een net opginn, sech net a Versuchung brénge loossen, sech dësem Däiwelskrees vu Froen an Zweifel ze iwwerloossen. Net soen: et ass alles verluer, et huet elo alles kee Sënn méi.

An esou Situatioune gëtt engersäits de Glawen un eise barmhäerzegen Herrgott a Fro gestallt, awer op der anerer Säit ka grad de Glawen all seng Méiglechkeeten a seng ganz Kraaft entfalen, well mir et grad DANN brauchen. Sécher, de Glawen hëlt eis eis Krankheet an eis Aschränkung net ewech. An awer, de Glawe bitt eis ee Schlëssel, deen eis eng Dier opmécht, fir méi wäit ze kucken. Muncher een entdeckt an der Krankheet seng Beruffung, wat heescht, weiderhin a grad dann sech fir d’Liewen anzesetzen. Anerer ginn nach méi sensibel fir d’Liewen, wëssen ëm wat et am Liewen eigentlech muss goen. Muncher een entwéckelt an der Krankheet op eemol Capacitéiten, wou een ni dru geduecht huet, dass een déi hätt. Anerer fillen sech an der Krankheet nach méi vu Gott gedroen, deen duerch säi Jong Jesus, och eis hëlleft eis Kräiz ze droen. Dëse Schlëssel kréie mir vu Maria, well och Maria dëse Wee vum „Kräiz droen“ ze gutt kennt.

Bei der Hochzäit zu Kana ass Maria wéi eng Mamm, déi sech ëm hir Kanner suergt. Si weess direkt, wou op eemol de Problem ass. De Wäin, Symbol vun der Freed, ass ausgaangen. Maria kuckt net ewech, mee si reagéiert: „Jesus, si hu kee Wäin méi.“ Jesus äntwert: „Meng Stonn ass nach net komm.“ Maria seet zu de betraffene Leit, si solle maachen wat Jesus hinne seet. Da bréngen Dénger Waasser a Jesus wierkt säin éischt Wonner. Wat léiert eis dat?

Dës Hochzäit zu Kana ass ee Bild fir d’Kierch. Am Mëttelpunkt steet Jesus, dee säin éischt Zeeche mécht. Ëm hie sinn d’Jünger versammelt mat Maria, déi biet. Maria hëlt Deel un der Freed vun de Mënschen, a Maria encouragéiert dës Freed an der Welt ze verbreeden.

Maria setzt sech beim Jesus fir d’Gäscht an. Jesus hëlt d’Uleies vu Maria eescht. Mir hunn also eng Mamm, déi sech ëm eis suergt, esou wéi eng Mamm eben ass. Maria huet een Häerz, wéi och Jesus een Häerz fir eis huet. Hir Häerzer si vu Barmhäerzegkeet erfëllt. Hänn, déi wëllen hëllefen, wéi d’Hänn vum Jesus, déi deenen Hongregen d’Brout geschenkt hunn an déi Krank beréiert hunn. Dat hannerléisst Vertrauen, Vertrauen u Gott an u säi Jong Jesus. Den Asaz vu Maria schenkt eis Trouscht. D’Hochzäit vu Kana léiert eis, wie Jesus ass: Jesus, deen d’Mënschen an hire Schwieregkeeten a Problemer net aleng léisst an hinnen hëlleft. Als Messias dréit hien d’Mënschen an hire Krankheeten, an an hire Leiden. „Er tröstet uns in all unserer Not, damit auch wir die Kraft haben, alle zu trösten, die in Not sind, durch den Trost mit dem auch wir von Gott getröstet werden.“ Eng ganz interessant Ausso. Do wou mir mengen, duerch eis Krankheet a Leed eis Würd ze verléieren, do kréie mir eis Würd nei geschenkt. Awer wat heescht dat, eis Würd nei geschenkt ze kréien, do wou mir mengen si verluer ze hunn?

Kucke mir op Maria: Maria mécht Jesus op eis Nout opmierksam. Maria ass ee Spigel vum Herrgott senger Opmierksamkeet zu eis. Esou wéi Maria eis Mamm ass, esou wëllt Gott eise Papp sinn, deen sech ëm eis suergt. Hie wëllt mat eis zäertlech sinn. Dës Zäertlechkeet kritt ee Gesiicht duerch déi Mënschen, déi deene Kranken zur Säit stinn, déi ëm d’Bedürfnisser vun deenen hinnen uvertraute Mënsche wëssen, well hire Bléck vu Léift a Matgefill geprägt ass. Wéi oft vertrauen Elteren hir schwéier krank Kanner der Muttergottes un oder awer och ëmgedréint, d’Kanner déi der Muttergottes hir krank Elteren uvertrauen. An éischter Stell biede mir jo ëmmer erëm fir eis Allerléifst, déi krank sinn, dass si nees gesond ginn. Awer Glawen ass méi. Glawen ass och geliefte Léift. Mir biede fir ënnerleche Fridden a fir Courage, eng Hand mat unzepaken.

Wa Maria seet: „Maacht wat Jesus iech seet“, da sinn dat och geschwate Wierder zu eis haut. Jesus brauch Hëllef. Hie brauch eis Hänn. An esou heescht et, dass op der Hochzäit zu Kana, Persounen d’Kréi mat Waasser gefëllt hunn. Jesus zielt op d’Mataarbecht vun de Mënschen an et ass hien, deen d’Männer freet, d’Kréi mat Waasser ze fëllen. Déi Persounen am Evangelium, déi net mam Numm genannt ginn, léieren eis, wéi wäertvoll et ass Dénger ze sinn. Si follegen net nëmmen, mee si si mam Häerz mat derbäi. Si vertraue Maria, a maachen dat, wat Jesus hinne seet, ouni ze kloen, ouni Kalkül. Et kann een et och aneschter soen: Wéi wäertvoll a wéi gutt fillt een sech, wann een engem aneren ee gudden Déngscht ka leeschten, wann een duerch seng eegen Hänn, duerch seng eegen Iddien an Talenter anere Mënschen an hirer Nout an an hire Schwächte kann hëllefen a bäistoen. Dat ass et: engem Mënsch seng Würd erëmginn.

Duerfir biede mir och bei eiser Muttergottes, dass haut wéi och an Zukunft sech Mënschen asetzen fir déi Mënschen, déi Besoinen hunn, konkret fir eis krank , eis eeler an eis behënnert Matmënschen. Mir kënnen déi Hänn, déi Äerm an déi Häerzer sinn, déi Gott hëllefen, seng oft verstoppte Wonner ze vollbréngen.

Och mir all, ob gesond oder krank, déi mir anerer pfleegen an déi, déi gepfleegt ginn: Jiddweree ka säi Sech-Beméien a säi Leide viru Gott bréngen, esou wéi d’Waasser zu Kana erbäibruecht ginn ass. Jesus kann d’Waasser vun eisem Liewen a gudde Wäin verwandelen. Do wou et sënnlos schéngt ze sinn, do ka Jesus eis de Sënn an eis Beruffung nei weisen.

All deenen, déi am Déngscht sti vun eise kranken, eeleren a behënnerte Matmënschen, wënschen ech de Geescht vu Maria. Hire Bléck vun Trouscht a Kraaft soll iech begleeden an encouragéieren. Vertraue mir all heibannen Maria eis Ängschten an eis Nout un.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu