lb fr pt en
Priedegten  
24. Abrëll 2018

Maria, wéi eng Fënster, fir Gott ze gesinn – Abba, Vater unser / Lk 11,1-13

Dënschdeg, 24. Abrëll 2018 – Pontifikalandacht

Hinführung zur Predigt

Im Alten Testament begegnen wir dem Begriff Gott als „Vater“ 14 mal. Im Neuen Testament dagegen wird Gott sage und schreibe 170 mal als Vater bezeichnet. Das lässt uns etwas vermuten. Jesus Christus hatte zu seiner Zeit ein ganz neues Verständnis für Gott entwickelt. Gott ist nicht Tradition und Gesetz. Gott ist kein Ding, besteht nicht nur auf Papier. Gott ist Vater. Mit Vater verbanden die Menschen das, wonach sie Sehnsucht hatten: Respekt, Herzlichkeit, Liebe, Geborgenheit. Zur Zeit Jesu bekam der Glaube wieder seine Persönlichkeit zurück: Gott als unser Vater. Außerdem heißt es Unser Vater, nicht mein Vater. Wir alle sind Schwestern und Brüder. Gott verbindet. Das bedeutet Kirche. Kirche sein heißt, dass wir zusammen zu Gott, unserem Vater rufen und beten, aber auch, dass wir uns gegenseitig tragen und ertragen.


Léiwen Här Äerzbëschof,
Léif geeschtlech Matbridder,
Léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral,
Léif Leit, déi dir dobausse mat eis verbonne sidd.

Gott, eise Papp. Et war am Juddentum näischt Aussergewéinleches, dass Gott als Papp bezeechent ginn ass. Ëmmerhin, am Alen Testament gëtt Gott 14 mol als Papp bezeechent. An domadden ass sécher net nëmme gemengt, dass Gott den Ursprung vun der Welt a vun eiser Existenz ass. Gott gëtt Papp genannt, well een sech senger Léift a sengem Interessen un eis bewosst ass. Als Papp hält Gott Hand iwwert d’Mënschen. „Der Herr, dein Gott, hat dich auf dem ganzen Weg, den ihr gewandert seid, getragen, wie ein Vater seinen Sohn trägt.“ (Dtn 8,5) Dat war d’Erkenntnis vun den Israelitten, nodeems si vun der Sklaverei an Ägypten befreit gi sinn. Gott huet esou d’Eegeschafte vun engem suergende Papp zougeschriwwe kritt. Gott, deen sech wéi ee Papp ëm seng Kanner suergt, an dat mat Léift a Barmhäerzegkeet.

Mat der Zäit ass awer beim Vollek Israel dëst positivt Bild vu Gott als Papp a Vergiessnis geroden. Zevill ass mat der Zäit just nëmmen no reliéise Gesetzer an Traditioune gelieft ginn. Eng Relioun, déi huet misste funktionéieren ouni awer eng lieweg Bezéiung zu Gott ze hunn. Et huet einfach misste funktionéieren. D’Relioun huet sech deemools als eng Relioun vu Virschrëften entwéckelt. Séier ass bei de Mënschen d’Gefill entstanen, dass wann een dëse Virschrëften net entsprécht, een ausgeschloss ass, a virun allem och schlecht vis-à-vis vu Gott do steet. Dat hat als Konsequenz, dass mat der Zäit de Begrëff „Papp“ fir Gott ëmmer méi vergiess ginn ass. Och sinn déi perséinlech Gebieder zu Gott als Papp manner ginn.

„Abba“ – Papp. Jesus huet Gott als Papp bezeechent. Zu senger Zäit war dat nees nei. Et war ongewinnt. Jesus huet fir säi Gebiet ee Wuert benotzt, dat eigentlech jiddweree kennt, dat awer als Gebiet dach friem geklongen huet. An dobäi gehéiert d’Wuert Papp zu den zwee éischte Wierder, déi Kanner léieren: Mamma a Pappa. A mat dëse Wierder gëtt Wäermt verbonnen, Léift, Doheem. Gott nees als Papp ze bezeechnen, huet wéi ee Wonner gewierkt. Mënschen hu sech fräi gefillt. Si waren net méi agëengt vun Traditiounen a Virschrëften. Gott als Papp ze bezeechnen, war vu grousser Bedeitung. D’Mënschen hunn doranner dat fonnt, no deem si am Liewen op der Sich waren: Respekt, Häerzlechkeet, Vertrauen, Léift, Gebuergenheet, Wäermt an Zäertlechkeet. Abba, Papp – dat war dem Jesus seng Uried fir Gott. Dat huet deemools villes an der Relioun verännert, a virun allem dat Neit Testament geprägt. Ass am Alen Testament Gott 14 mol als Papp bezeechent ginn, esou gëtt Gott am Neien Testament 170 mol als Papp bezeechent.

Mee elo soe mir jo zu Gott net nëmme „Papp“, mee „eise Papp“. Dat ass eng Liewensweisheet. Gott ass de Papp fir d’Mënschen alleguerten. Domadden ass déi ganz Welt gemengt, zu all Moment an an all Situatioun. A wa mir bieden „eise Papp“, da gëtt eis och däitlech, dass mir alleguerte Bridder a Schwësteren hunn. Mir sinn ee fir deen anere Schwësteren a Bridder.

Léif Schwësteren, léif Bridder; wéi ass d’Kierch entstanen? Sécher net duerch ee formalen Akt, esou wéi e Veräin gegrënnt gëtt. Mee Kierch-sinn ass d’Konsequenz vum Jesus sengem Gottesbild an ee Wierk vum Hellege Geescht. D’Kierch ass entstanen, well Mënschen sech duerch d’Gebiet vun „eisem Papp“ matenee verbonne gefillt hunn. All, déi Gott als „eise Papp“ urieden, hunn sech matenaner verbonne gefillt – eng Famill. Dat ass Kierch. Den neie Bléck op Gott, dem Jesus säi Gottesbild huet lues a lues, duerch Joerhonnerten zu der Kierch gefouert. A wann d’Kierch am Laf vun der Kierchegeschicht, awer och haut, a Krise geréit, d’Kierch als Ganzes a Fro gestallt gëtt, dann ass dat och d‘Resultat dovun, dass mir dat Gemeinschaftsgefill verluer hunn. „Eise Papp“, mir biede jo net „mäi Papp am Himmel“, mee „eise Papp“. Do musse mir eis bewosst ginn, dass dat eng Konsequenz muss hunn: Mir sinn eng Famill, déi mir zu Gott eisem Papp bieden. Dat ass Kierch. Sécher, dat perséinlecht Gebiet ass wichteg. Awer genau esou wichteg ass och d’Gebiet an der Gemeinschaft, am Kierch-sinn, wou mir zesumme bieden, „eise Papp“. Dat verbënnt, an ass esou vu Christus gewollt. Villäicht hu mir dat e bësse verluer.

Awer schéin ass et, wa mir haut mierken, wéi dach an neie Gebietsgemeinschaften, an der Kateches een neit Interessen entsteet, Gott nees nei als eise Papp ze gesinn oder esouguer Gott nei als eise Papp ze entdecken. Dat ass d’Chance fir d’Kierch vun haut a fir hir Zukunft. D’Kierch entsteet haut nei duerch déi Mënschen, déi nei léieren ze bieden: Unser Abba, eise Papp, well Gott a jiddweree vun eis verléift ass.

Dir gesitt, Kierch-sinn hänkt dovunner of, wat fir ee Gottesbild mir hunn. Gott ass net iergend eng Kraaft, e Mysterium oder eng Philosophie, mee een DU. Dësen Du-Gott kann net aneschter, wéi Léift sinn. Fir dësen DU kënne mir nëmme Feier a Flam sinn. Gott wëllt net, dass mir Angscht virun him hunn. Déi esou ee Gottesbild vermëttelen, leie falsch. „Merke zuerst, dass Gott mehr geliebt als gefürchtet sein will; daher sagt Jesus ’unser Vater’, nicht ’unser Herr’.“ – esou schreift et de Meister Eckhart.

Natierlech kënnt elo dann d’Fro op, wéi Gott Leed kann zouloossen. Mee dat ass déi falsch Fro. Vergiesse mir net: Eis Welt, mir Mënschen, eis Natur sinn net perfekt. Mir kënne Gott net fir alles responsabel maachen. A villes, wat an der Welt falsch leeft, läit un eis Mënschen, déi Guddes awer och Béises kënne maachen. Wichteg ass villméi, Gott als deen ze gesinn, deen eis an allem dréit, eis wëllt opriichten, eis wëllt tréischten, wéi ee Papp. Wéi Jesus gestuerwen ass, konnt hien net aneschter soe wéi: „Ech vertraue mech dengen Hänn un.“

An nach eppes: Gottes Zorn, de rosene Gott. Nee, mir kréie keng Roserei vum Herrgott ze spieren. Mee, déi dës Wierder geschriwwen hunn, hate genau esou ee positivt Bild vu Gott wéi Jesus. Mat Roserei vum Herrgott wollten si just beschreiwen, datt Gott als Persoun, sech och emol am Stach fillt, eleng gelooss fillt, jo jalous gëtt, wa Mënschen sech vun him distanzéieren, wa Mënschen an hiert eege Verdierfnis rennen. Mir kennen dës Gefiller jo och selwer.

Leider huet eis Kierchegeschicht mat sech bruecht, dass munchmol dëst Vertrauen u Gott als eise Papp, lues a lues verluer gaangen ass, bis haut, wou nees den Akzent méi an esou nei op eise Papp geluecht gëtt.

Kucke mir op Maria, da seet Maria zu eis, dass Gott an dëser Welt duerch Jesus ee konkret Gesiicht krut. Um Liewe vum Jesus erkenne mir, dass Gott eis net wëllt enttäuschen. Also dierfe mir zesumme mat Maria op Christus kucken. Natierlech ginn et der sécher vun iech, déi hei soen: „Mech awer huet hien enttäuscht, well ech hu mäin Haus verluer, ech hu meng Famill verluer. Ech hunn alles verluer, wat mir wichteg war. Ech si schwéier krank.“ An ech verstinn all dës Reaktiounen. A virun allem och Maria versteet dës Enttäuschungen. Awer kucke mir zesumme mat Maria op d’Kräiz. Do ass Jesus, mat sengen Äerm, wäit ausgestreckt, wéi wann hie vun do eis wéilt ëmäermelen. Dës Haltung, dëse Geste enttäuscht net. Och gesi mir um Jesus um Kräiz, dass hien do all dat erlieft, wat mir och oft am Liewe vu Ploen erliewen. Duerfir ass Jesus à même, mat eis ze fillen. Op Karfreiden huet et geheescht: „Er wurde in allem uns gleich.“ Duerfir hu mir Jesus op eiser Säit, deen à même ass, mat eis ze fillen a mat eis ze kräischen. An duerfir ka Jesus fir eis am Liewe Begleeder sinn. Duerch Jesus weess Gott, wéi et munchmol ass, wann et am Liewe vum Mënsch däischter gëtt.

Duerfir, kucke mir mat Maria op Jesus. Hie kann eis verstoen. Awer kucke mir och op Maria, an hale mir eis un hir fest, esou wéi de klenge Jong sech u senger Mamm festklammert. Mir sinn net aleng. Mir hunn eng Mamm, Maria. Mir hu Jesus. Mir sinn net aleng. Mir hu vill Schwësteren a Bridder, déi eis, wann néideg, zur Hëllef kommen. An hëllefen och mir eis géigesäiteg als Schwësteren a Bridder. Eise Papp, mir sinn ee fir deen aneren do.

Maria ass wéi eng Fënster zu Gott. Eng Fënster am Haus huet jo een Zweck. Fënstere sinn Ëffnungen an der Mauer, déi d’Wunneng bannendra mat der Aussewelt verbannen. Och loossen si Luucht vu baussen an d’Wunneng erakommen, an och schütze Fënsteren eis viru Reen, Stuerm, Keelt a Kaméidi. Wann ech soen, dass Maria wéi eng Fënster ass, da mengen ech domadden, dass si déi Fra ass, déi duerch hire Jo zu Gott, Gott an dës Welt erakomme gelooss huet a Gott duerch Jesus ee Gesiicht ginn huet. Wéi wier et, wa mir och eis eege Fënster vum Liewe géifen opmaachen, Gott an eist Liewen eraloossen an him eist Gesiicht schenken. Nach vill méi, dass Mënschen duerch eist Gesiicht, duerch eist Handele gesinn, dass Gott eise Papp an dëser Welt präsent ass. Maria huet eis et virgemaach, huele mir Maria als eis Léiermeeschterin un.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu