lb | fr | pt | en |
Niklos Expo
Appel fir Fotoe vun Niklosstatuen a Fënsteren an de Kierchen
D’EwB organiséiert an Zesummenaarbecht mam Service communication et presse vum Äerzbistum Lëtezbuerg eng Expo zum Niklos an der Traditioun vum Kleeserchersdag am November/Dezember 2024 an der Kathedral (mat der Por Lëtzebuerg Notre-Dame) an zu Dikrech (mat der Por Dikrich Le bon pasteur) an der Kierch.
Heimat maache mir een Appel un all d’Kierchefabricken an interesséiert Leit fir eis Fotoen aus hire Kierchen ze schécken mat Duerstellunge vum Hellegen Niklos (als Statu, Fënster oder Molerei).
Dir kënnt d’Fotoe schécken
- per Email un de christophe.hubert@cathol.lu mam Vermierk “Foto Niklos Expo”
- oder eroplueden an d’Fotothéik um Intranet vum Bistum wann dir ee Login hutt
Gitt wgl. Folgendes un:
- den Numm vun der Uertschaft (am léifste incl. cp) an eventuell d’Kierch (wann et méi Kierchen a Kapellen do gëtt)
- de Numm vum Fotograf
De Fotograf muss averstane sinn, datt d’Fotoe kënne fir d’Ausstellung genotzt ginn an eventuell och an der Fotothéik vum Äerzbistum ënnert der Creative Commons Lizenz.
Schéckt eis d’Fotoe wgl. bis den 1. Mee!
Mat der Ausstellung wëlle mir weisen, wéi staark verbreet de Kult vun der Kleesercherstraditioun hei zu Lëtzebuerg ass an eise reliéisen an immaterielle Kulturierwen an d’Fënster stellen. Ausserdeem plange mir och eng Konferenz mat engem (Konscht-)Historiker fir déi ënnerschiddlech Duerstellungen iwwert d’Zäit ze beliichten.
Mir freeën eis op Äre Bäitrag.