lb fr pt en
Oktav 2019 . Octave 2019  
6. Februar 2019

Oktav 2019: Participatioun vun de Kanner un der Wallfahrt

Grondschoul: Bréifmodell fir eng Dispens vun de Coursen fir Äert Kand online

D’Pilgeren an der Oktavzäit huet eng laang Traditioun a gehéiert zum reliéisen a kulturelle Patrimoine vun eisem Land.

Vum 11. Mee bis de 26. Mee 2019 ginn an eisem Äerzbistum eng Rei vu Pilgerfahrten an d’Kathedral organiséiert. (De Programm vun der Oktav).

D’Schoulklasse vun der Grondschoul sinn op dem Pilgerdag net méi fräi.

Heimat maache mir Iech drop opmierksam, datt all Kand un dem Pilgerdag deelhuele kann – mat sengen Elteren oder mat engem Grupp vun der Por –, wann d’Elteren eng entspriechend Dispens beim Enseignant ufroen.

Eng Circulaire vum 19. Mee 2015 vum Ministère de l’Éducation nationale seet dozou: “…le jour de pèlerinage en question sera consideré dorénavant au même titre que d’autres fêtes religieuses et les enseignants sont invités à accepter d’éventuelles excuses écrites concernant les absences d’élèves, sans que pour autant les élèves soient libérés collectivement des cours”.

Heidrënner fannt Dir eng Textpropos, déi Dir notze kënnt, fir eng schrëftlech Demande un de verantwortlechen Enseignant ze riichten.

Octave 2019: Modèle de lettre au titulaire de classe
Modèle de lettre - version imprimable
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu