lb fr pt en
Priedegten  
13. Mee 2019

Bleif bei eis, a gëff eis e gutt Wuert / Ex 3, 1-15

Liest a lauschtert déi 1. Oktavpriedegt vum Abbé Guy Diederich (13. Mee 2019)

Hiféierung

Virun dëser Priedegtrei vun der Oktav 2019 hunn ech riets a lénks nogefrot, wat wichteg wier, fir zur Ried ze bréngen. Ech wëll an dëser Oktav esou wéineg ewéi méiglech Äntwerten op Froe ginn, déi ausser den Theologe kee Mënsch stellt. Ee Virschlag, dee ganz dacks gesot gouf, war: „Ma, gëff eis e gutt Wuert, dat geet eis duer!“

Haut, an dëser éischter Priedegt, geet et ëm e gutt Wuert, besser gesot ëm zwee gutt Wierder: Dat éischt kenns Du scho laang, an Du héiers et dacks. Dat zweet ass dat Wuert, vun deem ech unhuelen, et wier dat allerbescht Wuert, wat mir Mënsche je konnte kréien.

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

Et war an der Bouneweger Kierch, Ufanks November, bei dem Yves senger Diakonewei, do hutt Dir, Här Äerzbëschof, mech gefrot, fir an dëser Oktav d’Priedegten ze halen. Léif Leit, do hat ech mech awer emol misse sëtzen.

A wat gëtt da do?

Ech hat mer eng Zäit fir z’iwwerleeë gefrot, wësst Der, ech si kee groussen intellektuelle Mënsch, deen elo hei mat Iech Situatiounsanalyse maache kann, – dat geet net, an iwwerdeems wësse mir jo alleguer, wéi et ëm eis steet. Et gëtt esou vill Komplizéiertes, an dofir probéieren ech, Iech e puer einfach Gedanke mat op Äre Glawenswee ze ginn. Virun Iech steet e ganzt klengt Kiercheliicht, et muss schonn zimlech däischter sinn, fir et an Uecht ze huelen.

Ech hat mir also eng Bedenkzäit gefrot, a 14 Deeg drop hunn ech gespuert, datt ech net méi zefridde wier, wann ech géng „Nee“ soen. Dat lescht Argument, wat ech nach hat, dat war: „Ma, da loosst mech dach all mat Rou!“ An dat wollt ech net gëlle loossen.

Ech hunn also no 14 Deeg bei de Bëschof ugeruff fir ze soen „ech géif dat da machen“. A wësst Dir, wat lass war? Dee war guer net doheem. Seng Sekretärin sot, hie géif mech dann zréck uruffen.

Dee selwechten Owend nach huet den Telefon gerabbelt, a wësst Dir, ween di aner Säit drop war? Natierlech wësst Dir et: de Bëschof – himself. Hien huet sech awer net virgestallt als den hochwürdegen Här, och net als Bëschof oder Äerzbëschof, nee, op där anerer Säit sot een: „Hei ass de Jean-Claude Hollerich.“ Ass dat dann net schéin? Dat éischt ass Däin Numm, an dat bass Du. Et huet guer näischt ze soen, wéi vill oder wéi wéineg Akommes datt s Du hues, ob s Du Ingénieur, Dokter, Minister, Äerzbëschof oder Bauaarbechter bass, Däin Numm has Du scho laang virdrun, an Du behäls en, esou laang wéi s Du liefs.

Wéi ech mech op dës Priedegte virbereet hunn, do hunn ech esou dorëmmer gefrot: „Wat hätt Dir da gären, datt ech do soll soen?“ Et koume vill Iddien dobäi eraus, a mer wäerten nach virun doriwwer Rieds kréien. Eppes, wat ëmmer erëm koum, ass dat hei: „Gëff eis e gutt Wuert!“ – oder „Gëff de Leit e gutt Wuert!“

Esou e bëssen tëschent den Zeile gelies hunn ech do eraus verstanen: „Et ass egal, wat s Du sees, gëff eis just e gutt Wuert!“ – „Eppes, wou mer erëm e bësse frou ginn!“

Hei ass dann elo dat éischt gutt Wuert, eent, wat eist ganzt Liewe mat eis geet. Et ass eisen Numm. „Hei ass de Jean-Claude“ sot hien. Ech sinn de Guy, net un éischter Stell den „Här Paschtouer“ (dat ass meng Fonktioun zanter 32 Joer), mee de Guy (zanter bal 62 Joer). Zu Rued huet mech eng Kéier e Kand gefrot: „So, wolls Du nach ëmmer Guy ginn?“

Wéi heeschs Du? … Wann Dir wëllt, da soe mer elo alleguer eng Kéier eis Nimm…

Sot eis e gutt Wuert! Ma voilà, Ären Numm, dat ass e gutt Wuert.

A soll ech Iech dann och soen, firwat Ären Numm e gutt Wuert ass? Ma ganz einfach: well hanner Dengem Numm e gudde Mënsch stécht. Jidderee vun eis dréit immens vill Guddes a sech. Duerfir ass Däin Numm an Denge Matmënschen hiren Numm e gutt Wuert. Et ass awer doriwwer eraus och nach e gutt Wuert, well den Herrgott Däin Numm kennt. Net Deng Titelen an net Deng Kontosnummeren, mee Däin Numm.

„Hanner all Numm stécht e gudde Mënsch!“: „Schéin a gutt, ech kennen der, bei deene stécht awer och vill Ondugenheet hannert hirem Numm. Ech gesinn déier een alt mueres am Spigel.“

Den Herrgott kennt Däin Numm, hie kennt net Deng Titelen an Deng Bankkontoen an Deng Sënnen… déi huet hie vergiess.

z. B.: Do erzielen ech Iech nach séier eng schéi Geschicht aus Russland (de Paschtouer vun Ëlwen hat mer déi erzielt). Am ale Russland hat virun 150 Joer eng Fra eng Erscheinung, si huet Gott, de Papp, gesinn. Do ass si bei de Pope (de Paschtouer) vun hirem Duerf gaang an huet him et gesot: „Dat gëtt et net,“ sot de Pope, „den Herrgott ass nach ni selwer erschéngen, héchstens d’Gottesmamm Maria oder en Engel, mee ni Gott selwer“. Wéi d’Fra sech awer behaapt huet, do sot de Pope: „Abee gutt, wann hien Dir dann nach eng Kéier erschéngt, da sees Du him, hie soll Dir eng vu menge Sënne soen, eppes, wat just hien an ech weess!“ Déi nächste Kéier huet d’Fra den Herrgott gefrot, hie soll hir eng Sënd vum Pope soen. An do hätt den Herrgott geäntwert: „Géi, so dem Pope, ech hätt all seng Sënne vergiess!“ An do huet de Pope och gegleeft, datt et wierklech den Herrgott war, deen erschéngen ass.

Den Herrgott kennt däin Numm, Deng Kontosnummer interesséiert hien net an Deng Sënden huet hie vergiess. An elo kënnt et, wat eis aus der Bibel virgeliess gi war, elo d’éinescht, erënnert Dir Iech et nach?

„Moses! Moses!“ huet et aus der däreger Heck geruff. Den Herrgott rifft de Moses mat sengem Numm, hannert deem Numm stécht, wéi bei jidderengem, e gudde Mënsch, mee, hien hat awer net nëmme Guddes opweises, hien hat wéinstens eng fatzeg gestiicht. Hien hat en Egypter dout gemaach an dofir war hie fortgelaf an d’Wëldnes vum Sinaï. Hie koum bei (de Paschtouer vun do) de Priister Jitro, an deen huet hie gedoe mat de Geessen erauszefueren.

Ech denken, et huet nach kee vun eis en Egypter erschloen, och emol net een, dee keen Egypter war, mee datt ech drun zweifelen, datt Guddes a mir stécht, dat hat ech schonn. Ech weess net, wéi et bei Iech ass, mee ech denke mer alt esou dat eent oder dat anert.

Kommt, mer kucken awer nach eng Kéier op de Moses, hie war jo och net esou sécher, datt säin Numm e gutt Wuert wier, mee, säin Numm gëtt geruff: „Moses! Moses!“ Et war keng aner Méiglechkeet, hie war gemengt, et war soss keen do.

Dat ass de Virdeel vu Wüst a Wëldnes, et ass soss keen do, dee kéint gemengt sinn. Do an der Einsamkeet vun der Wëldnes kënns Du Dir selwer net aus de Féiss, a wann s Du Dir selwer net aus de Féiss kënns, da kënns Du och dem Herrgott net aus de Féiss.

„Moses! Moses!“ – Hat Hien elo haart geruff, wéi eng „Voix-off“ an engem Film, vun engem, deen een héiert, awer net gesäit? (Dat wier schéi gewiescht, bombastesch an zeideg fir op Hollywood.) Oder hat de Moses et a sech gespuert, vill méi onspektakulär? Dat sief dohigestallt.

Egal wéi et ass, an der Einsamkeet an an der Stëllt vun der Wëldnes kënns Du dem Herrgott net aus de Féiss, ob hien elo haart rifft oder an Dir wullt, du kënns net laanscht.

„Hei sinn ech!“ äntwert hien, „hei sinn ech, de Moses, mat mengem Numm a mat all deem, wat ech mat dësem Numm ronderëm schleefen. An dann ass do an der Geschicht di Heck. Si brennt, awer si verbrennt net. Gott, deen Dech mam Numm rifft ass eng gliddeg, feiereg Muecht, déi mat all hirer Kraaft an Energie net zerstéiert. Gott mëssbraucht seng Muecht net, si brennt, mee verbrennt an zerstéiert net.

„Do Deng Schong aus, hei ass hellege Buedem!“

Léif Frënn, do wou s Du op eppes Helleges stéiss, op den Herrgott, do muss Du ganz virsiichteg optrieden, näischt iwwerrennen, näischt verdämmeren, mee douce optrëppelen, sou wéi een, dee buerféiss laanscht eng däreg Heck geet.

Do ass nach e gutt Wuert: ech brauch a mengem Glawe keen Hercule ze spillen, mee, besonnesch elo an der Oktav, lues an douce virgoen, wéi mat plakege Féiss laanscht eng däreg Heck a virun allem net vergiessen, bei all Schratt ze staunen.

An hei an dëser Erzielung staunt de Moses, well hien erkennt den Numm vun deem Gott, vun deem hie faszinéiert ass. „Wéi heeschs Du?“ – „Wéi ass däin Numm?“ – „Ech sinn deen ech sinn!“ – „Ech sinn deen, deen do ass.“ Wann Däin a mäin Numm schonn e gutt Wuert ass, dann ass den Numm vu Gott et eréischt richteg. „Ech sinn deen, deen do ass!“

„Gëff eis e gutt Wuert!“ haten der vun Iech fir dës Oktav gefrot; e bessert Wuert huet bis elo nach kee Mënsch kritt: „Ech sinn deen, deen do ass.“

A wann eis Oktav freet: „Bleif bei eis!“ dann äntwert den Herrgott mat sengem Numm: „Ma ech sinn dach scho laang do!“

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu