lb fr pt en
Priedegten  
9. Mee 2020

„Gebuergen a Gottes Hand“

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners bei der Krankenandacht (9. Mee 2020)

Hinführung

Die Heilige Schrift berichtet an vielen Stellen von Gottes Barmherzigkeit uns Menschen gegenüber. Vor allem die Evangelien sind reichlich mit liebevollen Begegnungen von Jesus Christus mit Kranken und Notleidenden gefüllt. Sie alle zeigen uns, wie wertvoll und einzigartig wir Menschen in den Augen Gottes sind. Auch in schweren Zeiten, wo Not und Krankheit uns plagen, lässt Gott uns nicht allein. Die sechste Oktavpredigt will uns helfen, neue Kraft für unser Leben zu schöpfen, unser Vertrauen auf Gottes Barmherzigkeit zu festigen und uns auf die Fürsprache unserer Trösterin zu besinnen.

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,
besonnesch dir, léif krank an eeler Schwësteren a Bridder,

Ongeféier dräi Joer ass et hir, datt ech e ganzt déifgräifend Gespréich mat engem Jugendlechen iwwer Krankheet, Leed a Stierwen hat. Ginn dës Themen an eiser haiteger Gesellschaft éischter verdrängt a virun allem bei Jonke seelen thematiséiert, esou war ech dach erstaunt, wéi direkt ech mat deem Jugendlechen doriwwer schwätzen an diskutéiere konnt, a gläichzäiteg ergraff iwwert seng kloer Gedanken, déi hie sech schonns mat knapps 15 Joer zu där Thematik gemaach hat. Bis haut ass mir aus deem Gespréich ee Saz an Erënnerung bliwen. Mat engem Ausdrock vu vollem Vertrauen a Geloossenheet sot de Jonken: „Egal wat engem Mënsch och passéiert, et fält een ni méi déif, wéi a Gottes Äerm.“ E wonnerbare Saz! An ech betounen, e Saz vun engem 15-Järegen. Hien huet domadden eng déif chrëschtlech Iwwerzeegung zum Ausdrock bruecht: „A Gottes Hand si mir gebuergen.“

Fir den Härgott si mir Mënschen onendlech wäertvoll. Hien huet jiddweree vun äis an d’Liewe geruff, well hien e Géigeniwwer wëll hunn, deen hien a Léift an a Guttheet ukucke wëll. A senger Léift schenkt hien äis och dat, wat mir fir d’Liewe brauchen. A senger Guttheet steet hien äis bäi an de sonnegen ewéi an den däischtere Stonne vum Liewen. „A Gottes Hand si mir gebuergen.“ Vun him si mir ni vergiess. „Kann denn eine Frau ihr Kindlein vergessen, ohne Erbarmen sein gegenüber ihrem leiblichen Sohn? Und selbst wenn sie ihn vergisst: Ich vergesse dich nicht.“ (Jes 49,15)

Fänkt d’Liewen och un zur Laascht ze ginn; komme mir mat eiser eegener Kraaft un d’Enn a sinn op Hëllef a Betreiung ugewisen; schéint eis Situatioun aussichtslos an hoffnungslos – bedingt duerch Trauer, Leed oder Einsamkeet; setze Krankheet an Alter oder en anere Schicksalsschlag eise Liewensméiglechkeete Grenzen; droen eise Kierper an eis Séil och grouss Schmäerzen; steet äis d’Waasser och bis zum Hals a lafe mir Gefor an de Wellen ze erdrénken; mir däerfen drop vertrauen, datt mir ni méi déif falen ewéi a Gottes Hänn. Hie fänkt äis op, ëmschléisst an hält äis. „Fürchte dich nicht, denn ich bin mit dir; hab keine Angst, denn ich bin dein Gott.“ (Jes 41,10)

„A Gottes Hand si mir gebuergen.“ Konkret gëtt dës eis chrëschtlech Iwwerzeegung och an deene Momenter, wou mir d’Sakramenter – virun allem d’Sakrament der Krankesalbung – empfänken däerfen. Grad an deem Sakrament weist Gott äis, datt mir vun him net vergiess sinn. Den Härgott seet jiddwerengem konkret: Dech wëll ech duerch meng Gnod a meng Léift nei opriichten. Dir, mäi Kand, wëll ech nei Kraaft, Trouscht a Courage schenken. Esou däerfe mir seng heelend Präsenz erfueren an domadden d’Gewëssheet hunn: Gott, de Frënd vum Liewen, beréiert äis a vergësst äis net. Och an der Krankheet an am Alter huet eist Liewen eng bleiwend Würd.

Léif Leit – léif Krank an eeler Matchrëschten,

Hätte mir keng Coronakris, hätt dir iech haut de Mëtteg op de Wee hei an d’Kathedral bei d’Tréischterin gemaach, fir grad dës heelend Erfarung vun der Präsenz vum Härgott ze maachen. Elo sidd dir doheem oder an ären Haiser – Altersheimer, Pflegeheimer, Spideeler – a sidd mat äis iwwert d’Medie verbonnen a kënnt d’Sakrament vun der Krankensalbung net direkt empfänken. Ech invitéieren iech awer: Schwätzt – no der Coronakris – mat äre Paschtéier, ären Aumônieren, ären an der Krankepastoral Tätege fir eng Feier an ärem Haus nozehuelen, wou dir déi heelend Erfarung vum Härgott senger Léift maachen däerft duerch den Empfang vum Sakrament vun der Krankesalbung. A vertraut ëmmer drop, datt den Härgott iech a sengen Hänn hält. Loosst de Kapp net hänken. Verléiert de Courage net. Dir sidd net eleng. Den Härgott ass mat iech, eis Tréischterin ass mat iech, jo mir als ganz Kierch si mat iech. Lauschtert net op déi Stëmmen aus der Gesellschaft, déi behaapten, just déi Mënsche géifen eppes leeschten an eppes zielen, déi jonk a gesond sinn. Dir sidd a bleift e wichtegen Deel vun eiser Gesellschaft. Dir sidd e grousse wäertvolle Räichtum vun eiser Kierch! Als Chrëschte musse mir – nom Virbild vu Jesus Christus – iech héchste Prioritéit ginn. Mir hunn all d’Aufgab, drop ze uechten, datt mir net zu engem Mënschebild hindrifften, dat Leit wéinst Krankheet, engem Gebriechen oder hirem Alter aus der Gesellschaft oder der Kierch ausgrenzen. Mat iech a fir iech – léif krank an eeler Pilger – si mir „zesumme Kierch!“

Léif Leit alleguerten,

D’Liewen ass net ëmmer einfach. Grad Krankheet an Alter kënnen zu schlëmmen Erfarunge ginn – zu Wüstenerfarungen, wou mir äis eleng a verluer fillen. An esou Momenter ass et tréischtlech ze wëssen, datt mir a Gottes Hand gebuerge sinn. An esou Momenter ass et awer och wichteg ze wëssen, datt mir eng gutt Mamm am Himmel hunn. Maria, eis Tréischterin, déi selwer vu grousse Schicksalsschléi net verschount blouf. Si schenkt äis Trouscht a leet e gutt Wuert beim Härgott fir äis an. Vertraue mir op dat, wat e Gebiet esou wonnerbar ausdréckt: „Gedenke, o gütigste Jungfrau Maria, es ist noch nie gehört worden, dass jemand, der zu dir seine Zuflucht nahm, deinen Beistand anrief und um deine Fürbitte flehte, von dir verlassen worden ist.” De Bléck op si, huet mir perséinlech schonns dacks Kraaft a Courage ginn. Ech wënschen iech och, datt dir an dëser Stonn, mat Bléck op eis Tréischterin, frësche Courage a Kraaft geschenkt kritt. Ech wënschen iech doriwwereraus dat selwecht Vertrauen, dat Maria hat. Si wousst sech a Gottes Hand gebuergen. Si wousst, datt „egal wat engem Mënsch och passéiert, et fält een ni méi déif, wéi a Gottes Äerm.“ Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu