lb fr pt en
Priedegten  
6. Mee 2020

„Tuus sum ego“ – Ech sinn däin (Devise vum Mgr. Pierre Nommesch)

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (6. Mee 2020)

Hinführung

Als Christen sollten wir stets dankbar sein für das große Geschenk der Taufe. Gott selber hat uns persönlich mit unserem Namen gerufen und uns aufgenommen in die Gemeinschaft der Kirche, in der wir fortan als Brüder und Schwestern leben sollen. In der dritten Oktavpredigt wollen wir uns bewusst an unsere Taufe erinnern. Zudem versuchen wir eine Antwort auf die Frage zu finden, was es heißt, getauft zu sein. Reicht es im Leben eines Christen das Sakrament der Taufe bloß empfangen zu haben, oder steckt mehr hinter diesem für uns Menschen wunderbaren göttlichen Geschenk?

cathollu · „Tuus sum ego“ - 3. Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (06.05.2020)

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,

A senger Generalaudienz vum 11. Abrëll 2018 huet eise Poopst Franziskus sengen Nolauschterer – an doriwwereraus – äis all eng Hausaufgab ginn. All Chrëscht soll säin Dafdatum recherchéieren. „Jiddwereen“ – esou sot de Poopst – „soll säin Dafdatum kennen, et ass en zweete Gebuertsdag.“ Ech hunn doropshin emol nogekuckt, an hu mäin Dafdatum fonnt. Gedeeft gouf ech um Festdag vun der helleger Maria Magdalena, den 22. Juli 1973 an der Kierch zu Schëffleng vum deemolege Kaploun a spéidere Chanoine, dem Abbé Raymond Streweler. Ech kenne mäin Dafdatum also, mee kennt dir ären och? Wa mir eisen Dafdatum net kennen, lafe mir Gefor, d’Erënnerung ze verléieren un dat, wat den Härgott un äis gemaach huet, d’Erënnerung un dat grousst Geschenk, dat mir empfaangen hunn. Da betruechte mir eis Daf um Enn nëmmen als e Moment aus der Vergaangenheet – deen dacks net mol duerch eise Wëllen, mee duerch dee vun eisen Elteren zustane koum, an deen dofir keen Afloss méi op eis Géigewaart huet.

Léif Leit,

Den Härgott huet äis net einfach an d’Liewe geholl an äis an eng Liewenssituatioun gestallt an duerno verlangt, dat mir äis eleng duerch d’Liewe wurschtelen. Éier mir op dës Welt koum sinn, hat hien äis schonns a senge geniale Gedanken erduecht. „Du bist gewollt, kein Kind des Zufalls, keine Laune der Natur, ganz egal, ob du dein Lebenslied in Moll singst oder Dur, du bist ein Gedanke Gottes, ein genialer noch dazu.“ – schéi Wierder aus engem Lidd vum Jürgen Werth. Gott huet äis gewollt – jiddwereen eenzelne vun äis – an äis d’Liewe geschenkt. An d’Daf ass d’Zouso vu Gott, datt eist Mënscheliewen onwidderufflech a Gott verwuerzelt ass; datt et wéi d’Drauwen um Wäistack vun him d’Liewenskraaft kritt – eng Liewenskraaft, déi wäit iwwert dat irdescht biologescht Liewen erausgeet. D’Daf ass d’Versprieche vu Gott, datt eist Liewe schonns bei him ukomm ass, well seng Léift Trei bedeit – dat ganz Liewen erduerch an iwwert den Doud eraus. Gott, deen äis an d’Liewe geruff huet, huet äis a Léift bedingungslos ugeholl, an huet äis an der Daf zu senge Kanner gemaach. „Tuus sum ego“ – „Ech sinn däin“, sot Gott zu äis. A mir kënnen äis d’Bëschofsdevise vun eisem drëtten Diözesanbëschof, dem Mgr. Pierre Nommesch, och zu eege maachen a Gott vis-à-vis t’selwecht äntwerten: „Tuus sum ego“ – „Ech sinn däin.“

An dat „Ech sinn däin“, däerfe mir – léif Leit – och gären an de Plural setzen: „Mir sinn däin“. Duerch d’Daf si mir nämlech agegliddert ginn an eng grouss Famill; opgeholl an d’Hoffnungs- an d’Glawensgemeinschaft vun der Kierch. Mir stinn a Solidaritéit mat alle Mënschen op der Welt, déi u Christus gleewen – iwwer all Grenzen ewech vun ënnerschiddleche Kulturen an Traditiounen, ekonomesche Bedingungen a praktesche Liewensverhältnisser. Als Gedeefte si mir „Weltbierger“. Mir liewen net ofgekapselt fir äis selwer, mee si verbonne mat de Chrëschte weltwäit vun alle Kontinenter. Grad d’Daf mécht däitlech, wat et heescht „Zesumme Kierch sinn“. Si schaaft eng fundamental Gemeinschaft. Duerch d’Daf si mir ënnerenee verbonnen an Ebenbürtegkeet, well den Härgott selwer sech mat äis verbonnen huet. Prägnant kënne mir dëst och mat de Wierder vum Mgr. Hugo Aufderbeck, dem fréieren Erfurter Bëschof, soen: „Wir sind als Kirche keine Monarchie, denn wir alle sind Schwestern und Brüder; wir sind aber auch keine Demokratie, denn wir alle haben einen Herrn!“ Ënnert der Féierung vun deem engen Här, solle mir äis als Bridder a Schwësteren ëmmer nees bewosst ginn, datt mir alleguer Kierch sinn. D’Kierch gehéiert net de Bëscheef a Priister, mee Kierch si mir all. Dorop huet äis d’Zweet Vatikanescht Konzil opmierksam gemaach, wann et a senger Konstitutioun iwwert d’Kierch Lumen Gentium vum „gemeinsame Priistertum vun alle Gleewege“ schwätzt (vgl. LG 10). Duerch d’Daf hu mir Chrëschten Undeel um Priistertum vu Jesus Christus, an esou hu mir Undeel um gemeinsame Priistertum vum ganze Vollek Gottes. Dat awer bréngt och Verantwortung mat: Kierch a Welt am Geescht vu Jesus Christus mat ze gestalten. De Poopst bréngt et op de Punkt, wann hie seet: „Duerch d’Daf lieft Christus an äis a mir an him, a mir ginn zur Mataarbecht an der Kierch befäegt, fir d’Welt ze verwandelen.“ [1]

Léif Leit,

D’Daf ass eben net just en Ereegnes aus der Vergaangenheet, mee si muss eis Géigewaart beaflossen a gestalten. Andeems den Härgott äis bei der Daf mat eisem Numm geruff huet, wëll hien, datt mir äis net nëmme Chrëschten nennen, mee och Chrëschte sinn. Dofir ass äis mat der Daf och en Optrag – kinnt ee bal soen – an d’Wéi geluecht ginn: Aus der Kraaft an der Léift vum Härgott eraus, Engagement weisen an der Kierch a fir d’Kierch, an d’Welt zum Gudden hi verbesseren. D’Daf ass deemno higeuerdnet op d’Apostolat. All Gedeeften ass – fir et mam Karl Rahner ze soen – „e geweite Seelsorger“. Déi däitsch Bëscheef drécken et esou aus: „Das eigene Leben soll immer mehr durch Hoffnung und Liebe geprägt sein und so zum Zeichen werden und in Handlungen münden, die auch andere Menschen in diesen Raum der Hoffnung und Liebe mit hineinnehmen. Vor allem Armen und Bedrängten, Suchenden und Fragenden gilt diese Zuwendung. Nach dem Vorbild Jesu geschieht dies jedoch nicht ‚von oben herab‘, sondern als Begegnung ‚auf gleicher Augenhöhe‘.“ [2]

Léif Leit,

Eis mat eiser Daf verbonne chrëschtlech Aufgab – nenne mir et Dafberuffung – konkret ze liewen, gesäit bei jiddwerengem aneschters aus. Sech fir d’Kierch an d’Welt ze engagéieren, Zeechnes vum Evangelium an dem Härgott senger Léift ofzeleeën, „Seelsorger ze sinn“, huet vill Facetten. Et ass gewëssermoossen eng Liewensaufgab, erauszefannen, wat dat fir deen eenzelne bedeit. Gutt Begleeder op eisem Wee kënnen hëllefräich sinn. Wichteg ass och, ëmmer erëm a sech eranzelauschteren, an am Gebiet de Wëlle vum Härgott ze erkennen. Hien ass et och, deen äis ganz ënnerschiddlech Talenter a Fäegkeete mat op de Wee ginn huet. Vun dësen ënnerschiddleche Begabunge solle mir roueg Gebrauch maache bei der Ëmsetzung vun eiser Dafberuffung. Muenchmol erfuerdert déi Ëmsetzung Entbehrung an duerchkräizt eis eigentlech Liewensplanung. Grad da solle mir äis nei bewosst sinn, datt Gott äis zur Säit steet. D’Daf ass net nëmmen en Zeeche fir eist Bekenntnis zu Gott, mee Gott huet sech doran och zu äis bekannt. „Tuus sum ego“ – „Ech sinn däin“ – e Saz mat Wiesselwierkung.

Léif Leit,

Biede mir, datt mir eis Dafberuffung ëmmer nei erkennen, datt mir zu enger méi déiwer perséinlecher Dafidentitéit fannen. Eis Kierch brauch Mënschen, déi hir Dafberuffung liewen, déi der Kierch en hoffnungsvollt a freedegt Gesiicht ginn a si matgestalten, haut méi wéi je. An eis Welt brauch Chrëschten, déi der Léift vum Härgott e Wee opmaachen; déi Zeeche vun der heelender Presenz Gottes an der Gesellschaft sinn; déi Freed an Hoffnung, Trauer an Angscht vun de Mënsche vun haut deelen. An déi Chrëschte si mir, déi mir „zesumme Kierch sinn“. Dofir biede mir: „Deinem Auftrag, Deinen Forderungen, Deinem Beispiel wollen wir folgen. Unser Ziel ist nicht Macht, Einfluss oder persönlicher Nutzen, sondern das Mitbauen an Deinem Reich, der Einsatz für die Menschen, das Streben nach Einheit und Frieden, nach Hoffnung und Liebe als Dein Zeichen in unserer Diözese, damit die Menschen Heimat behalten, die zu uns gehören, und damit wir einladend sind für alle die Menschen, die dich suchen. Öffne uns für das, was die Menschen bewegt, damit wir an ihnen die Botschaft neu lernen, die wir verkündigen. Auf dich vertrauen wir und dich loben wir heute und alle Tage.” Amen.


[1Poopst Franziskus a senger Generalaudienz zu Roum vum 11. Abrëll 2018.

[2Däitsch Bëschofskonferenz: „Gemeinsam Kirche sein: Impulse – Einsprüche – Ideen“, Arbeitshilfen Nr. 286, S. 10.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu