lb fr pt en
Priedegten  
4. Mee 2020

„Iter para tutum“ – Bereet e séchere Wee (Devise vum Mgr. Jean-Théodore Laurent)

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (4. Mee 2020)

Hinführung

In den letzten Jahren haben die Katholische Kirche weltweit und unsere diözesane Kirche in Luxemburg tiefgreifende Veränderungen erlebt und unruhige Zeiten durchstehen müssen. Nicht ohne Grund fragen sich daher viele, wie es um die Zukunft unserer Kirche bestellt ist. Wie soll es weitergehen, angesichts der immer grösser werdenden gesellschaftlichen Säkularisation, der innerkirchlichen Probleme und der vor uns liegenden Herausforderungen? „Kirche, wohin gehst du?“ Dieser Frage wollen wir in der ersten Oktavpredigt nachgehen, in der Hoffnung gemeinsam eine Antwort zu finden.

cathollu · „Iter para tutum“ - 1. Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (04.05.2020)

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis an dëser ganz spezieller Oktav duerch d’Medie verbonne sidd,

Virun etleche Joren – genee 1995 – huet den haitege Kardinol Kurt Koch e klengt Bichelchen iwwert déi deemoleg Kierchesituatioun verfaasst. Den Titel vun deem Buch ass eng Fro – eng – wéi ech mengen – iwwert all Zäiten ewech aktuell Fro: „Kirche: Wohin gehst du?“ Dës war sécher d’Fro vu ville Chrëschten hei zu Lëtzebuerg virun 150 Joer, nodeems endlech no ville Beméiungen hire Wonsch no engem eegestännege Bistum an Erfëllung gaangen ass. Grad am neigegrënntene Bistum stungen esouwuel de Bëschof wéi all d’Chrëschte viru groussen Erausfuerderungen, well eng Kierchestruktur op enger konkretener Plaz opbauen an „zesumme Kierch sinn“, ass net eng Saach vu Pabéier a vum Poopst ënnerschriwwen Dokumenter, mee dat ass eng gemeinsam Aufgab vun alle gleewegen an engagéierte Fraen a Männer.

„Kirche: Wohin gehst du?“ Dës Fro hu sech dann och am Laf vun den 150 Joer ëmmer nees Gleeweg a Bistumsverantwortlech gestallt, wann et drëms gaangen ass, eis Kierch hei zu Lëtzebuerg duerch d’Stierm vun der Zäit ze féieren – wärend de Weltkricher, no de villen Neierunge vum Zweete Vatikanesche Konzil an och an de leschte Woche vun der Coronakris.

„Kirche: Wohin gehst du?“, dat ass a bleift deemno eng aktuell Fro – eis Fro an eiser Zäit, wou d’Kierch op ville Plazen an enger grousser Kris stécht a sech Gedanken iwwert hir Zukunftsfäegkeet gemaach musse ginn.

Ware bei eiser Bistumsgrënnung de Leit vun deemools „hir Kierch“, den Härgott an d’Frou Botschaft nach wichteg a Bezugspunkten an hirem Alldag, esou stelle sech vill vun eisen Zäitgenossen, d’Fro no Gott a Kierch haut guer net méi. D’Kierch spillt am Liewe vu ville keng Roll méi, a Gott ass e Frieme ginn. Wien haut nach an d’Kierch geet, gëtt dacks zum Aussesäiter – grad Jonker erfueren dëst! Wien haut nach gleeft, gëllt als almoudesch a weltfriem. Bezeechnend fir dës zäitgenësseg Astellungen ass wuel d’Äntwert vun engem Schrëftsteller op d’Fro, wat fir hie Gott ass. Hie sot: „Gott ass en trageschen Hokuspokus!“ D’Gottes- an d’Kierchefinsternis sinn deemno zum Markenzeeche vum moderne säkulariséierte Mënsch ginn. An d’Fro an deem Kontext ass berechtegt: „Kirche: Wohin gehst du?“

Awer net nëmmen äusserlech dacks indifferent Astellunge maachen eiser Kierch ze schafen. Och innerhalb vun der Kierch maache sech ongesond Tendenze bemierkbar: Reiwereien, Jalousie, wéi och Lagerbildungen, jo esouguer géigesäiteg Belagerungen. Irgendwéi ass et net verwonnerlech, well an Zäite vun enger allgemenger Veronsécherung gi bekanntlech déi extrem Stëmme méi haart – an dat net nëmmen an der Kierch. An ëmmer méi gëtt den Toun méi rau: Déi eng beloosse gären alles beim Alen; déi aner krempelen alles gären ëm a passe sech an allem gären der moderner Welt un. Oder wéi de fréieren Innsbrucker Bëschof Stecher et mol ausgedréckt huet: „Der Traditionalist schaut mit nostalgisch-umflortem Blick in eine gute alte Zeit, die es nie gab. Der Progressist erträumt sich ein utopisches Morgen, das es nie geben wird. Beide versäumen das Heute.“ Do fält mir de Saz vun eisem haitegen Doumpropst, mengem fréiere Seminärspräses, dem Mgr. Georges Hellinghausen, an: „All Extrem ass falsch!“

Dës puer Beispiller vu Problemer – léif Leit – an nach vill anerer – mir wäerten déi nächsten Deeg nach op muench aner Problemstellunge mussen agoen –, maache villen Angscht virun der Zukunft vun eiser Kierch. Dat ass verständlech. Mee, Angscht ass ëmmer Feel op der Plaz, well Angscht ass e Gefill, dat alles schwaarz gesäit, dat negativ Gedanken ervirbréngt, äis all op d’Dauer läämt an d’Géigewaart versäumt. Loosse mir deemno eis Angscht hannert äis a stelle mir äis ganz bewosst der aktueller kierchlecher Situatioun. All Krisenzäit bitt nämlech eng Chance – eng Chance fir Verännerung, eng Chance vun neiem Opbroch. Och wa mir äis momentan an enger – mam Theolog Karl Rahner gesot – kierchlecher Wantersituatioun befannen; vergiesse mir net: Nom Wanter kënnt d’Fréijoer. „Zesumme Kierch sinn“ heescht – fir am Bild vum Rahner ze bleiwen: „In den Winter hinausgehen und sich gleichsam in kirchlichem Wintersport zu üben, um dadurch einen neuen Kirchenfrühling zu inaugurieren“. Dat geet awer just wa mir äis der Situatioun bewosst ginn; wa mir zesummestinn, zesummenhalen, „zesumme Kierch sinn!“, wa mir iwwert eisem dacks begrenztenen an egoisteschen Horizont erauskucken; virun allem awer, wa mir zesumme feststinn an eisem Glawen. Dofir sief op dëser Plaz d’Fro erlaabt, déi de Bëschof Leo Lommel sengerzäit schonns a sengem Hierdebréif fir d’Honnertjorfeier vum Bistum Lëtzebuerg 1970 gestallt huet: „Heute ist für uns die große Frage, ob unser Glaube in der Botschaft Christi so fest verankert ist, dass wir uns freimütig, ohne Ängstlichkeit, den Problemen unserer Zeit stellen können.“ Kënne mir dat? Grad am Jubiläumsjoer – a vläicht oh grad an dëser spezieller Oktav an der Coronakris – si mir opgeruff, eise Glawen ze erneieren an ze festegen, andeems mir äis nei op dem Härgott seng Botschaft aloossen. Seng Frou Noriicht léisst äis all Angscht iwwerwannen an nei Hoffnung fir d’Zukunft opbauen.

Léif Leit,

Ech stelle meng vum Kardinol Kurt Koch ausgeléinte Fro nach eng Kéier: „Kirche: Wohin gehst du?“ An ech wëll meng Äntwert ginn: Mat Hoffnung an d’Zukunft. Keng Situatioun – och net eis kierchlech – ass esou verfuer an aussichtslos, datt keng Hoffnung méi méiglech wier. Esouguer wann all Erwaardungen quasi op Null stinn, wann et keng Unzeeche op Besserung ginn, wann alles dout ausgesäit, dann iwwerlieft d’Hoffnung. Well, mir wëssen et jo all: D’Hoffnung stierft bekanntlech fir d’lescht. Nom Wanter kënnt d’Fréijoer!

Ech sinn iwwerzeegt, Gott huet äis d’Hoffnung net nëmmen als e schéint Gefill ginn, fir datt mir d’Wierklechkeet irgendwéi erdroen. Hien huet äis d’Hoffnung an d’Häerz geluecht, datt si äis verännert – positiv verännert –, an datt duerch äis d’Wierklechkeet verännert gëtt. D’Wuert „Hoffnung“ kënnt ursprénglech aus dem alen däitsche Wuert „hope“, wat esou vill heescht wéi „onroueg sprangen“. Wa mir deemno als Chrëschte mat Hoffnung an d’Zukunft ginn – an dat solle mir –, da musse mir „onroueg sprangen“, äis a Beweegung setze loossen an esou all Zukunftsangscht iwwerwannen. Viraussetzung dofir ass awer, datt mir all eist negativt Denken ofleeën; datt mir léieren nees positiv ze denken. Am Ufank vun all Handlung steet nämlech e Gedanken! Deemno net stänneg schwaarz-wäiss denken, fir just mat Verdrossenheet ze agéieren, mee faarweg denken a mat Freed handelen. Dat bréngt Zukunft fir eis Kierch an hirer momentaner Wantersituatioun. Nom Wanter kënnt d’Fréijoer… an d’Fréijoer ass faarweg a bréngt Freed!

Léif Leit,

Fir äis Chrëschten huet d’Hoffnung, déi äis zum „onrouege Sprangen“ oprifft, e konkreten Numm: Jesus Christus. Hien, dee fir äis gekräizegt gouf an operstanen ass, ass a bleift eis Hoffnung. Dank him, musse mir ni ouni Hoffnung sinn. Hien ass et, dee bei äis bleift. „Ich bin bei euch alle Tage bis zum Ende der Welt.“ Am Vertrauen op dëst Verspriechen, kënne mir eise Wee an d’Zukunft goen. A mat der Devise aus dem Wope vun eisem zweeten Apostolesche Vikar, dem Mgr. Jean-Théodore Laurent – stamend aus dem marianeschen Hymnus ‚Ave maris stella‘ – kënne mir och eis Tréischterin froen, si soll äis e gudde Wee bereeden: „Iter para tutum!“ „Maria, bereet e séchere Wee!“ Bereet äis, bereet der Kierch zu Lëtzebuerg, e séchere Wee! Da kënne mir – trotz allen haitegen Erausfuerderungen, Problemer, ongesonden Tendenzen – zesummen an eng gutt, fruchtbar a verheissungsvoll Zäit goen – an eng nei Zäit vun där mir elo nach net wëssen, wéi se sech gestallte wäert; eng Zäit awer – an dovu sinn ech fest iwwerzeegt –, déi ouni Glawen a Gott an d’Sënn- an d’Orientéirungslosegkeet ofdriffte wäert. Dofir maache mir äis d’Wierder vum Bëschof Lommel aus sengem schonns zitéierten Hierdebréif zu eegen: „Seien wir ohne Furcht, der ruhelosen, aufgewühlten Zeit den Gottesglauben vorzuleben und Gott, dem Totgesagten aber ewig Lebendigen, eine Bahn zu brechen.“ Dat ass eis Aufgab fir d’Zukunft! Dat ass d’Missioun vun eiser Kierch.

An deem Sënn ass d’Äntwert kloer: „Kirche: Wohin gehst du?“ Äntwert: Zesumme mat Jesus Christus a senger Mamm, eiser Tréischterin, eran an eng gutt an hoffnungsvoll Zukunft, wou eis Kierch als Ganzt a mir als Chrëschten eng wichteg, onverzichtbar Missioun hunn an eiser dacks esou orientéierungsloser Gesellschaft – grad och hei zu Lëtzebuerg. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu