lb fr pt en
Priedegten  
5. Mee 2020

„Nos autem populus tuus“ – Mir awer däi Vollek (Devise vum Mgr. Léon Lommel)

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (5. Mee 2020)

Hinführung

Ein Blick in die Geschichte zeigt, dass sich unser Land und seine Bevölkerung immer wieder verändert haben. Als Teil dieser Gesellschaft musste sich auch die Kirche mit dem oft rasanten Wandel zurechtfinden und sich immer wieder neu positionieren. Ihr Auftrag jedoch, für Christus und seine Botschaft Zeugnis abzulegen, blieb und bleibt durch alle Zeiten hindurch derselbe. In der zweiten Oktavpredigt gehen wir der Frage nach, wie wir Christen diesem Auftrag gerecht werden können, damit unsere Kirche auch heute noch in der pluralistischen Gesellschaft begeisternd auf unsere Zeitgenossen wirken kann.

cathollu · „Nos autem populus tuus“ – 2. Oktavpriedegt vum Abbé Jean-Pierre Reiners (05.05.2020)

Eminenz, Exzellenz,
Léif Leit, déi dir mat äis duerch d’Medie verbonne sidd,

Wéi keen anere virun him an no him, huet eise 5. Diözesanbëschof, de Mgr. Leo Lommel, seng Spueren hei an der Kathedral hannerlooss. Net nëmmen, datt hien 1963 den neien Deel vun eiser Kathedral konsekréiert huet, och op ville Plaze sinn Uspillungen op säin Numm – zum Beispill d’Léiwekäpp um Bëschofssëtz – oder säi Wopen ze fannen. Ausgezeechent huet hie sech duerch säin Asaz fir d’Land an d’Verséinung mat Däitschland nom Zweete Weltkrich; ausgezeechent och duerch seng Léift zur Tréischterin. Béides huet säin Nidderschlag a sengem Wope fonnt, wou mir de Roude Léif fir Lëtzebuerg an de groussen M op bloem Hannergrond fir Maria, eis Patréinesch, fannen. Och seng Bëschofsdevise geet an déi selwecht Richtung: „Nos autem populus tuus“ – „Mir awer däi Vollek“. Him war et en Uleies, eist Vollek an eis Kierch zu Lëtzebuerg dem Härgott unzevertrauen an ënnert de Mammeschutz vun eiser Tréischterin ze stellen. Deemools war säin Uleies novollzéibar. Leedvoll Erfarunge vum Krich luchen nach net laang zréck; eis Gesellschaft war soziologesch zimlech uniform, eist Vollek reliéis, chrëschtlech, geprägt.

„Nos autem populus tuus“ – „Mir awer däi Vollek“: Zäiten hu geännert. Eist Land huet geännert! Iwwer 47 % vun eiser Bevëlkerung sinn Net-Lëtzebuerger. Haut liewe mir an enger pluralistescher Gesellschaft. Sproochen- a Kulturevielfalt beräicheren eist Vollek. Doriwwer eraus gi mir konfrontéiert mat groussen Erausfuerderungen. Stéchwierder wéi Wuesstum, Globaliséierung an Digitaliséierung charakteriséieren eis Zäit. Dobäi kënnt – am Ënnerscheed zur Zäit vum Mgr. Lommel – dat trotz allen technesche Kommunikatiounsméiglechkeeten, d’Individualiséierung ëmmer méi ëm sech gräift. Mënsche vereinsamen, trotz hiren Accounten op onzielege sozialen Netzwierker. Dobäi mécht sech leider och nach op ville Plazen eng Desolidariséierung breet. Och wann duerch d’Coronakris d’Solidaritéit op ville Plazen zum Virschäi koum a kënnt, zielt dach bei villen nëmmen dat eegent Liewen. „Vive le moi!“, esou kann een dës egoistesch Liewensastellung vu villen Zäitgenosse beschreiwen. „Es lebe das eigene Ich.“

Awer net nëmmen d’Gesellschaft an d’Land hu geännert. Och eis Kierch hei zu Lëtzebuerg ass net méi déi, déi se nach an de 60-/70-er Jore vum leschte Jorhonnert war. An dobäi mengen ech net nëmmen, datt Kierch a Staat eng Trennung hannert sech hunn an d’kierchlech Strukturen nei definéiert hu misse ginn. Mir all mierken, datt mir Chrëschten zur Minoritéit gi sinn. Mir bekloen en akute Priister- a Gleewegemangel. Mir vermëssen dacks engagéiert Fraen a Männer an eise Paren. Vill Still a Bänke bleiwe sonndes an eise Kierchen eidel. Dobäi kënnt, datt vill Themen, déi mir haut an der Kierch diskutéieren, net méi intresséieren, net méi verstane ginn, an och – grad eiser Jugend – dacks schwéier verständlech ze maache sinn. All dat weist äis: D’Vollekskierch, déi mir esou gären haten, ass zu Enn. An et notzt näischt dem Alen nozetraueren. Et bréngt näischt – fir et e besse provokativ ze soen –, datt mir e Groussdeel vun eise kierchleche Bluttkonserve fir en doutgesote Patient mam Numm „Lëtzebuerger Vollekskierch“ opbrauchen. Mir all musse léiere lassloossen, vun deem, wat mir wärend Jore léif gewonnen hunn.

Léif Leit,

Dëse kuerze Bléck op déi gesellschaftlech a kierchlech Verännerunge sollen äis elo net decouragéieren an äis schonns guer net eng Ëntschëllegung gi fir ze lamentéieren. Mee dëse Bléck soll äis Undriff sinn, fir mat frëschem Elan eiser Kierch zu neier Unzéiungs- an Ausstralungskraaft ze verhëllefen. „Zesumme Kierch sinn“ heescht, äis gemeinsam op de Wee maachen als Vollek Gottes – als säi Vollek, dat senger Beruffung aus dem Evangelium gerecht gëtt: „Salz vun der Äerd“ a „Liicht vun der Welt“ ze sinn.

Salz a Liicht: wuel zwee schéi Vergläicher, déi de Jesus gebraucht. Mir wëssen all: Ouni Salz ass en Iwwerliewe schwéier méiglech. Salz ass noutwendeg: Noutwendeg beim Würze vum Iessen, noutwendeg beim Konservéiere vun Iesswueren. Wa mir Chrëschten als „Salz vun der Äerd“ bezeechent ginn, da läit dodran d’Opfuerderung un äis, datt mir eis Welt „würzen“ an äis an d’Gesellschaft abrénge sollen. Dat heescht: Eis Standpunkter an dem Mier vun de Meenungen argumentativ vertrieden, eis chrëschtlech Wäerter verteidegen an d’Frou Botschaft am Alldag liewen. „Das Zeugnis des Christen ist ein Zeugnis rund um die Uhr, da es am Morgen beginnt, wenn ich aufstehe, bis zum Abend, wenn ich zu Bett gehe. Es ist ein einfaches, anonymes, demütiges Zeugnis, das keinen Anspruch auf Anerkennung und Verdienste erhebt.” [1], seet eise Poopst. Wärend a fréierer Zäit – jo och nach zur Zäit vum Bëschof Lommel – eis Wäerter praktesch selbstverständlech gedeelt goufen, an d’Frou Botschaft bekannt war, esou ass dat haut – wéi mir virdu festgestallt hunn – an eiser pluraler Welt net méi selbstverständlech. Hei gëllt et en einfacht Zeechnes ze gi vun deem, wat äis als Chrëschte wichteg ass. Mat Begeeschterung dat vertrieden a virliewen, vun deem mir iwwerzeegt sinn, vun deem, wat eist eegent Liewen „würzt“. Unzéiend wierke bedeit deemno: Eis Begeeschterung zum Ausdrock bréngen – Geschmaach an eis dacks fad Gesellschaft erabréngen – datt d’Mënsche ronderëm äis erkennen, wéi wichteg äis de Glawen a wéi schéin d’Evangelium sinn! Si duuschtereg maachen no Christus a senger Botschaft, no dem Waasser vum Liewen. Wann d’Mënsche ronderëm äis gesinn, wéi mir aus eiser chrëschtlecher Haltung eraus zum Gudden hin handelen, an op positiv Aart a Weis erfueren, wat mir verkënnegen, da solle si en Duuscht no Gott verspieren, deen nëmmen eng Begéinung mat Jesus Christus stëlle kann. Kuerz gesot: Als Salz solle mir Wierkung weisen, wou ëmmer mir optrieden.

Änlech – léif Leit – verhält et sech mat der zweeter Ausso vu Jesus Christus: „Dir sidd Liicht vun der Welt“. Liicht erfreet a mécht hell. Wa Christus äis also zourifft, „Dir sidd Liicht vun der Welt“, da wëll hien domadden zum Ausdrock bréngen, datt et an der Natur vun all Chrëscht läit, Hellegkeet an d’Däischtert vun eiser Welt ze bréngen: Fridden, Verséinung a Vertraue schenken; en Zeeche setze géint Mësstrauen. Liicht bitt doriwwer eraus och eng noutwendeg Orientéirungshëllef a weist op Geforen an Hindernisser hin. Op äis als Chrëschte bezunn, bedeit dëst wuel, dat mir eiser Welt de Wee zum Härgott ze weisen hunn, de Wee vum Liewen, de Wee zu deem, dee selwer vu sech sot: „Ech sinn de Wee, d’Wourecht an d’Liewen.“ „Das Licht erleuchtet nicht sich selbst, nie. Das Licht erleuchtet die anderen, es ist für die anderen, es ist für die Leute, es ist dazu da, um uns in den Stunden der Nacht, der Finsternis zu helfen.” [2], seet de Poopst Franziskus.

Ech verstinn net, virwat mir als Chrëschten eist Liicht dacks ënnert de Sieschter stellen a verstoppen. Ech verstinn och net, virwat mir esou oft iwwert all méiglesches schwätzen, awer net iwwert eise Glawen an eis Bezéiung zum Härgott. Feelt äis de Courage oder feelen äis Begeeschterung an Iwwerzeegung? Mir schwätzen iwwer eis Hobbien, Vakanzen, Kanner, eventuell perséinlech Problemer, an esou weider – awer iwwert eise wierkleche Liewensinhalt, iwwert Christus a wat hie fir äis bedeit, doriwwer hale mir de Mond. „Euer Licht soll vor den Menschen leuchten!”, dat ass d’Opfuerderung vu Christus. An dës Opfuerderung gëllt et eecht ze huelen – grad an enger Zäit, déi – zwar momentan um Stëllstand ass – awer no Corona nees wäert rasant virulafen, grad an enger Gesellschaft, déi drastesche Verännerungen ënnerworf ass.

Eist Land, eis Gesellschaft an eis Kierch sinn net méi déi, wéi se zur Zäit vum Bëschof Lommel waren. Dat musse mir unerkennen a respektéieren. Awer dat heescht net, datt mir haut als Chrëschte manner attraktiv sinn an äis an eis Sakristeien zréckzéie sollen, andeems mir Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen. Mir hunn als Kierch e wichtegen Apport fir eist Land ze leeschten – dovu sinn ech iwwerzeegt. Virenthale mir dofir eiser Lëtzebuerger Gesellschaft, esou plural si och ass, d’Evangelium net. Gi mir nees „Salz a Liicht”. Féiere mir eist Vollek mat Courage an Zouversiicht, virun allem awer duerch eist unzéiend, freedegt a glafwierdegt Zeechnes erëm zum Quell vum Liewen: zu Christus. Mir sinn eiser Zäit dat schëlleg!

„Nos autem populus tuus“ – „Mir awer däi Vollek“ wëllen, o Här, nei zu dir fannen, äis dir nei schenken an uvertrauen. D’Firsprooch vun eiser Patréinesch soll äis dobäi hëllefen. Amen.


[1Poopst Franziskus a senger Priedigt an der Fréimass am Gäschtehaus „Domus Sanctae Marthae“, Dënschdeg, 12. Juni 2018.

[2Idem.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu