lb fr pt en
Priedegten 2021  
6. Mee 2021

Begéinung, déi onerwaarten Dieren opbrécht

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (6. Mee 2021)

Die Bekehrung des Paulus / Apostelgeschichte (9,1-22)

Saulus wütete noch immer mit Drohung und Mord gegen die Jünger des Herrn. Er ging zum Hohepriester und erbat sich von ihm Briefe an die Synagogen in Damaskus, um die Anhänger des Weges Jesu, Männer und Frauen, die er dort finde, zu fesseln und nach Jerusalem zu bringen.

Unterwegs aber, als er sich bereits Damaskus näherte, geschah es, dass ihn plötzlich ein Licht vom Himmel umstrahlte. Er stürzte zu Boden und hörte, wie eine Stimme zu ihm sagte: Saul, Saul, warum verfolgst du mich? Er antwortete: Wer bist du, Herr? Dieser sagte: Ich bin Jesus, den du verfolgst. Steh auf und geh in die Stadt; dort wird dir gesagt werden, was du tun sollst!

Die Männer aber, die mit ihm unterwegs waren, standen sprachlos da; sie hörten zwar die Stimme, sahen aber niemanden. Saulus erhob sich vom Boden. Obwohl seine Augen offen waren, sah er nichts. Sie nahmen ihn bei der Hand und führten ihn nach Damaskus hinein. Und er war drei Tage blind und er aß nicht und trank nicht.

In Damaskus lebte ein Jünger namens Hananias. Zu ihm sagte der Herr in einer Vision: Hananias! Er antwortete: Siehe, hier bin ich, Herr. Der Herr sagte zu ihm: Steh auf und geh zu der Straße, die man Die Gerade nennt, und frag im Haus des Judas nach einem Mann namens Saulus aus Tarsus! Denn siehe, er betet und hat in einer Vision gesehen, wie ein Mann namens Hananias hereinkommt und ihm die Hände auflegt, damit er wieder sieht.

Hananias antwortete: Herr, ich habe von vielen gehört, wie viel Böses dieser Mann deinen Heiligen in Jerusalem angetan hat. Auch hier hat er Vollmacht von den Hohepriestern, alle zu fesseln, die deinen Namen anrufen.

Der Herr aber sprach zu ihm: Geh nur! Denn dieser Mann ist mir ein auserwähltes Werkzeug: Er soll meinen Namen vor Völker und Könige und die Söhne Israels tragen. Denn ich werde ihm zeigen, wie viel er für meinen Namen leiden muss.

Da ging Hananias hin und trat in das Haus ein; er legte ihm die Hände auf und sagte: Bruder Saul, der Herr hat mich gesandt, Jesus, der dir auf dem Weg, den du gekommen bist, erschienen ist; du sollst wieder sehen und mit dem Heiligen Geist erfüllt werden.

Sofort fiel es wie Schuppen von seinen Augen und er sah wieder; er stand auf und ließ sich taufen. Und nachdem er etwas gegessen hatte, kam er wieder zu Kräften. Einige Tage blieb er bei den Jüngern in Damaskus; und sogleich verkündete er Jesus in den Synagogen: Dieser ist der Sohn Gottes.

Alle, die es hörten, waren fassungslos und sagten: Ist das nicht der Mann, der in Jerusalem alle vernichten wollte, die diesen Namen anrufen? Und ist er nicht auch hierhergekommen, um sie gefesselt vor die Hohepriester zu führen?

Saulus aber trat umso kraftvoller auf und brachte die Juden in Damaskus in Verwirrung, weil er ihnen darlegte, dass Jesus der Christus ist.

Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

D’Thema vun haut ass „Begéinung, déi onerwaarten Dieren opbrécht“.

Mir all hu villäicht schon emol Mënsche begéint, déi duerch iergend en Ëmstand en totale Liewenswandel matgemaach hunn. Esou eng 180-Grad-Kéier bréngt munchmol eng Entwécklung, déi da schwéier ze erklären ass.

Di biblesch Beruffungsgeschicht vun haut ass bal wéi ee Krimi mat enger Villfalt vu Personnagen a Facetten. Si beschreift ee brutalen Ëmbroch am Liewe vum Saulus, gebierteg vun enger Pharisäerfamill vun Tarsus.

Hie beschreift sech selwer als ee fromme Judd a mécht keen Heel draus, dass hien d’Membere vum „neie Wee“, der Jesusbewegung aus dem Wee wëllt raumen. Um Wee op Damaskus awer geschitt eppes, woumat kee Mënsch gerechent hätt. Den Härgott, un deen hien dach esou fest gegleeft huet, DEEM hien iwwerzeegt war ze déngen, stéiert hien a mécht domat nei Dieren op. De Jesus erschéngt him.

De Saulus fält dobäi ganz héich erof – Konscht an Traditioun stellen dat duer, wéi wann hie vum Päerd gefall wier.

  • 1. Am Bibeltext begéine mir un éischter Stell di „Unhänger vum neie Wee“, wéi den Evangelist Lukas, ee Gefährte vum spéidere Paulus, di jonk Chrëschten nennt. Di jonk Chrëschtegemeinschaft deemools (dat kënne mir eis haut bal net virstellen) – hält net op mat wuessen. Duerch den Temoignage vun de Gleewege verbreet sech de Glawen a kuerzer Zäit am haitegen Israel, Syrien, Griicheland – an duerno – bis op Roum!!!

Dass di Gemeinschaft a kuerzer Zäit esou wuesse konnt ass beandrockend a werft Froen op. Wéi eng Sehnsucht hunn di Mënschen am Häerz gedroen? Wat hu si um „neie Wee“ mam Jesus fonnt, dass si munches opginn a Risiken net gescheit hunn?

  • 2. Dann ass do de fromme Saulus, deen d’Unhänger vum „neie Wee“, Männer a Fraen, fesselen, aspären a hiriichte gelooss huet. Firwat mécht hien dat? Huet hie sech a seng Pharisäer-Kast duerch dee Jesus bedrot gefillt – hat Angscht? Angscht viru wat? Angscht viru wiem?
  • 3. An da begéine mir dem Saulus sengem Sympatisantekrees. Als Kand vun der Nokrichszäit muss ech ëmmer, wann ech dësen Text héieren, un déi Millioune Mënschen denken, déi kengem eppes gedoen an déi vun de Nazi onschëlleg verfollegt an ëmbruecht goufen. Esou wie haut, wa Mënsche wéinst hirer Relioun, Hautfaarf, Geschlecht oder Kultur verfollegt ginn, esou konnt och deemols dee muechtverblente Saulus dës Verbriechen nëmme maachen – well hien eng Lobby hat, déi mam Kapp gewénkt huet. Hätten déi geschlosse gesot – nee – DAT NET! Dann hätt dat alles net kënne geschéien. En héichaktuellt Thema – leider bis haut…

De Paulus ass um Wee op Damaskus – op der Sich no neien Affer. An do – esou beschreift et den Evangelist Lukas – gräift de Jesus selwer an.

Saul, Saul, firwat verfollegst Du MECH? De Saulus fält op de Buedem. Wuel gëtt am Text net preziséiert, wat hie gesäit, mee seng Fro „Wie bass Du Här?“ suggeréiert, dass hien de Jesus gesinn huet, well deen äntwert: „Ech sinn de Jesus, deen s Du verfollegs.“

Dës Äntwert heescht, dass de Jesus sech mat alle Mënschen, déi verfollegt ginn, déi leiden, aarm, krank, ouni Arbecht oder op der Flucht sinn… identifizéiert a – solidariséiert. Mat dëse Wierder bestätegt deen operstanene Jesus säi Message aus dem Matthäusevangelium: „Wat Dir deem Geréngste vu menge Bridder a Schwëstere gemaach hutt, dat hutt Dir mir gemaach.“ De Partner, den Auslänner, de Strummert, de Flüchtling, de Prisonéier – mir begéinen an all deene Mënschen dem Jesus… a si – begéinen HIM an eis!

De Saulus läit um Buedem an ass blann. Hien, dee mächtegen Här – gëtt vun engem Moment zum aneren en aarmen Däiwel. Esou séier kann et goen… hat hien dach gemengt, hie wier de Chef vun Himmel an Äerd… Wéi e klengt Kand huelen di aner hie mat der Hand a féieren hien an d’Stad eran.

An da kënnt de groussen Hummer. Den Hananias, ee Jünger vum Jesus, gëtt vum Härgott bei de Saulus geschéckt. Den Hananias hat vun dësem Saulus Fuerchtbares héieren a mellt seng Bedenken un…

Léif Leit, wat hätte mir gemaach? Wéi reagéiere mir – wann et drëms geet fir ee Schrack op ee Mënsch duer ze goen, deen eis selwer oder enger Persoun, déi eis nosteet, blesséiert oder esou guer schwéier geschuet huet?

„Géi dohinner!“ – an hie geet!!! Hie vertraut – an ass mam Härgott senger Hëllef bereet, fir deem nei Bekéierten d’Hand ze reechen.

De Paulus gesäit näischt méi, huet wärend 3 Deeg weder giess nach gedronk… eng Symbolsprooch fir unzedeiten, dass a sengem Liewen eng Welt an de Koup gefall ass…

Seng bishereg Liewensaufgab, fir déi hie gelieft huet, déi him zu politescher Unerkennung an enger aussiichtsträchteger Karriär verhollef hätt, gouf vu Grond op a Fro gestallt – a wat elo? Op eemol ass alles anescht!!!

Dem Paulus seng Demut a säi Courage si bemierkenswäert. Hien hätt kënne stuer bleiwen. Ech hu Recht – näischt soll änneren. Wéi wier d’Geschicht dann ausgaangen? Nee – hien – an och di jonk Chrëschten, loosse sech op dee Paradigmewiessel an. Villäicht war dëst an hirem Liewen ewéi eng éischt Erfarung vum Ouschtergeheimnis? De Schmäerz vum Verloscht war grouss – awer d’Vertrauen an de Jesus huet Neies méiglech gemaach.

An elo soll dee Paulus sech där Gemeinschaft uschléissen, déi hie virdru verfollegt huet…? Di jonk Jesus-Gemeinschaft, déi virdru Männer, Fraen, Familljememberen duerch de Paulus gesinn hu stierwen, déi sollen dann elo dee Verbriecher an hirer Mëtt ophuelen. An da soll hien, deen dem Jesus seng Frënn bis elo verfollegt huet, och nach an der Ëffentlechkeet säi Message verkënnegen…

Léif Leit, ech denke mir sinn eis eens. Mënschlech gesinn iwwersteigt eis dat. Zu esou engem Changement gehéiert fir béid Parteien – de Paulus an d’Gemeinschaft – nieft vill Demut, Glawen a Vertrauen, awer och d’Hëllef vun uewen. Eleng konnte si – a kéinten och mir haut – esou ee Wee net goen. Awer si hu sech drop agelooss. Hätte mir dat och gemaach?

De Paulus schreift a sengem Bréif un d’Gemeinschaft vu Philippi (3,7-9): „Was mir damals ein Gewinn war, das habe ich um Christi willen als Verlust anerkannt… Seinetwegen habe ich alles aufgegeben und halte es für Unrat um Christus zu gewinnen und in IHM zu sein.“

Dem Paulus säi Verdéngscht ass et, dass sech di jonk Kierch deemols opgemaach huet fir d’Mënschen ausserhalb vum jüddesche Vollek. Dank senger kennen och mir haut de Jesus.

Léif Leit, de Glawen, d’Relatioun mam Jesus huet – wéi all Relatioun – och ee Präis. An dee fuerdert lassloossen – deemools an haut: De Paulus hat de Courage fir sech vum Jesus stéieren ze loossen – an domat Reegelen a Konzepter, déi fir hien ewéi a Stee gemeesselt waren, lasszeloossen. Villäicht mussen och mir, wëlle mir, dass d’Kierch vu muer lieweg bleift, wéi de Saulus – vun eisem Päerd erofklammen – oder erof gehäit ginn – an dee Perspektivewiessel – Kierch vun ënnen – woen.

Zum Ofschloss en Ustouss fir Gebiet a Reflexioun:

  • Et gëtt bestëmmt Erfarungen, déi sinn a ware fir eist perséinlecht Glawensliewen ausschlaggebend. Gëtt et eppes, wat ech a menger Relatioun mat HIM wéilt/misst änneren – wa jo – wat? Wat géing mir dobäi hëllefen?
  • Un chrétien seul est un chrétien en danger de mort, heescht et op franséisch. Awer wéi wënschen ech mir di chrëschtlech Gemeinchaft? Wéi kéinte mir als Gemeinschaft d’Kierch vu muer gestalten? Wat misst ech, wat misste mir dofir lassloossen?

Stëllt

Helleg Maria, Gottesmamm, Tréischterin am Leed – biet fir eis Sënner, elo an an der Stonn vun eisem Doud! Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu