lb fr pt en
Oktav 2023 . Octave 2023  

„Bleif bei äis!“

Gedanke fir d’Oktav vum Monique Hermes

Helleg Maria, Gottesmamm,
Virun däi Bild komme mir.
 
Muttergottes, Tréischterin,
Virun dengem Bild biede mir.
 
Bleif bei äis op eisem Wee,
Stäerk äis a schenk eis Mutt.
 
Bleif bei eise Kanner a Jonken,
Beschütz si a gëff hinnen Halt.
 
Bleif bei eise Familljen,
Begleet si an hal si an der Riicht.
 
Bleif bei eisen eelere Leit,
Stäip si an de Gebrieche vum Alter.
 
Bleif bei eise Kranken,
Behitt si a schenk hinnen Trouscht.
 
Bleif bei eiser Kierch,
Féier si duerch eng stiermesch Zäit.
 
Helleg Maria, Patréinesch vu Lëtzebuerg,
Leet äis um Wee bei däi gëttleche Jong.
 
Léif Mamm, du eis Hoffnung,
Bleif bei äis an hal äis d’Trei.
Amen.
 
Monique Hermes (2019)
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu