lb | fr | pt | en |
D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien
Och als E-Book disponibel
D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien kann ee fir de Präis vu 34,99 € op folgende Plaze kréien:
- an der ErwuesseBildung (5, avenue Marie-Thérèse)
- am Centre Jean XXIII (52, rue Jules Wilhelm)
- am Bistum (4, rue Génistre).
Den Erléis ass fir d’Fondatioun Sainte-Irmine.
Och als E-BOOK disponibel!
2009 ass den „Evangeliar“ mat deenen Evangelientexter op Lëtzebuergesch erauskomm, déi an der Liturgie vun de Sonndeger an de Feierdeeg virgelies ginn, an an de Joeren 2018 an 2019 koumen noeneen d’Evangelien nom Matthäus, nom Johannes, nom Markus an nom Lukas als eenzel Bicher eraus.
Duerno huet den Aarbechtsgrupp „D’Bibel op Lëtzebuergesch“ [1] déi ganz Texter nach eng Kéier kritesch iwwerlies an se elo zu engem eenzege Buch zesummegestallt, dat och mat enger Rei vun usprochsvolle Fotoen aus dem Hellege Land illustréiert ass.
D’Texter aus dem Neien Testament aus dem griichesche Referenztext sinn an e gutt a richtegt Lëtzebuergesch iwwersat ginn, an dat am Respekt vun deenen neitsten Erkenntnesser vun der Bibelwëssenschaft an der Exegees.
Dëst handlecht Buch [A5] ass geduecht fir doheem am private Gebiet, an der Famill, a Bibelkreeser, vrun allem awer och an der Katechees gebraucht ze ginn. Ëmmer méi Leit – jonker an eelerer – sollen an de biblesche Schrëften en deegleche „Kascht“ fir hiert Liewe fannen!
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
[1] Am Iwwersetzergupp sinn: Claude Bache, Fränz Biver-Pettinger a Jeannot Gillen.
- Bildung a Fuerschung . Formation et recherche
- Centre de formation diocésain Jean XXIII
- Luxembourg School of Religion & Society
- Archivum
- Grand Séminaire de Luxembourg
- Neue Leitung an der Sainte-Sophie: Frau Nicola Heckner
- Nouvelle direction à Sainte-Sophie : Madame Nicola Heckner
- Une école familiale, respectueuse des besoins de l’enfant
Bibliographesch Angaben
Erzbistum Lëtzebuerg (Hrsg.), D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien, Norderstedt, Books on Demand, 2023, 280 Säiten (ISBN 978-3-7504-9814-3, 34,99 €).
Och als E-BOOK disponibel!
- Den Aarbechtsgrupp „Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“ huet dem Här Äerzbëschof dat neit Markus-Evangelium iwwerreecht
- Willibrord et Echternach. La procession dansante
- Give your faith as a gift to your (grand) children and friends
- Da tu fe como un regalo a tus hijos, nietos y amigos
- De Willibrord an Iechternach