lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf aus der Buerg iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 26. November um 9 Auer aus der Kierch vu Buerglënster iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Buerglënster-Amber huet ënnert der Leedung vum Guy Engels gesongen, op der Uergel huet d’Kirsten Elmquist begleet.
Chorale Ste Cécile Buerglënster-Amber
Fir d’éischte Kéier gëtt eise Gesangveräin erwäänt bei der Konsekratiounsfeier vun der Bierger Kierch am Joer 1868. Mir géifen also dat nächst Joer 150 Joer feieren.
Mir sinn e gemëschte Chouer a bestinn aus 20 aktiven Sängerinnen a Sänger. D’Haaptaktivitéiten sinn d’Gestaltung vun de Samschdesmassen, déi am Prinzip zwee Mol am Mount ofgehalen ginn, vun de Gottesdéngschter bei kierchleche Feierdeeg a vun Hochzäits- a Begriefnismassen.
Wéi all Chouer géifen och mir eis iwwer nei Memberen freeën. Prouwen sinn ëmmer mëttwochs, vun 19.30 Auer bis 21.30 Auer, an eisem Proufsall an der Gonnerengergaass, direkt nieft der Jugendherberg. Weider Informatiounen gin et ënnert Tél. 780242 (M.Houwen).
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | La Pace | Giovanni Paolo Cima |
---|---|---|
Agangslidd | In Christi Namen seid willkommen | Samuel Scheidt |
Kyrie | Missa choralis | Oreste Ravanello |
Gloria | Missa choralis | Oreste Ravanello |
Psalm | Der Herr ist mein Hirte | Magnificat 535,6 |
Alleluja | Alleluia | Tim Brace |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Wir weihn der Erde Gaben | Markus Karas |
Sanctus | Missa choralis | Oreste Ravanello |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa choralis | Oreste Ravanello |
Kommuniounslidd | Comunione | Federico Caudana |
Schlusslidd | Lobe den Herren | Magnificat 258 |
Sortie: Uergel | Fuga | Giuseppe Bencini |
Chouer: Chorale Ste Cécile Buerglënster-Amber
Dirigent: Guy Engels
Organistin: Kirsten Elmquist