lb | fr | pt | en |
D’Mass um 17. Sonndeg am Joreskrees gouf de 25. Juli vun Eschweiler iwwerdroen
Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 25. Juli aus der Kierch vun Eschweiler iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Eschweiler séngt ënnert der Direktioun an op der Uergel begleet vum Yves Plier. D’Mass gëtt als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Chorale Sainte Cécile Eschweiler
D’Chorale Ste Cécile Eeschwëller ass eng kleng Chorale bestehend aus 18 Membren, 9 Fraen an 9 Männer. 1923 gouf d’Chorale gegrënnt an et hu just Männer gesongen. 1970 ass dunn aus dem Veräin eng Chorale Mixte ginn.
Virun der Pandemie hu mir haaptsächlich d’Masse verschéinert a waren och op weltlichem Plang engagéiert. Leider war et eis eng lang Zäit net méi méiglich zesummen ze sangen a mir si frou, dat elo rëm kënnen ze maachen.
Fir kënnen ouni Mask ze sangen leeft d’Mass ënnert dem Covid-Ceck. Fir d’Mass an der Kierch mat ze feieren, muss all Acteur an der Kierch, sou wéi och d’Chorale um Ducksall geimpft oder getest sinn. Dëst gëtt virun der Mass kontrolléiert. Ee Schnelltest kann nach virun der Mass op der Plaz gemaach ginn.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Entrata | H. Knecht |
---|---|---|
Agangslidd | Venez, approchez-vous | Danielle Sciak |
Kyrie | Herr, erbarme dich | Simple Mass - Stefan Trenner |
Gloria | Ehre sei Gott in der Höhe | Simple Mass - Stefan Trenner |
Alleluia | Halleluja Kanon | Georg Friedrich Händel |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowebereedung | Pain des merveilles | Jo Akepsimas |
Sanctus | Heilig, heilig | Simple Mass - Stefan Trenner |
Agnus Dei | Gottes Lamm | Simple Mass - Stefan Trenner |
Kommioun | Jesus nahm das Brot | Peter Strauch |
Schlusslidd | Der Grund unsrer Dankbarkeit | Henry Smith |
Sortie | Cantabile | G. Frech |
Et séngt d’Chorale Sainte Cécile Eschweiler
Direktioun an Uergel: Yves Plier