lb fr pt en
 
11. Januar 2018

Accueillir, protéger, promouvoir, intégrer les migrants et les réfugiés

Journée des migrations: Mass intercommunautaire dëse Sonndeg an der Kathedral

Am Kader vun der “Journée mondiale des migrations” ass dëse Sonndeg, 14. Januar, um 18 Auer eng Mass intercommunautaire an der Kathedral, presidéiert vum Här Äerzbëschof. De Gottesdéngscht ass iwwerschriwwen: “Accueillir, protéger, promouvoir, intégrer les migrants et les réfugiés”.

No der Mass ass e “Verre de l’amitié”. D’Mass gëtt vum Service de la Pastorale/Pastorale intercommunautaire a vu Reech eng Hand virbereed.

Wéi gewinnt ass virun der Mass um 17 Auer eng Prouf fir all Interesséiert, déi gäre matsange wëllen.

Message vum Poopst Franziskus fir de Weltdag vum Migrant a Flüchtling 2018

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu