lb fr pt en
Aktivitéiten 2022 . Activités 2022  
28. März 2022

Friddensgebiet an der Kierch Sacré-Coeur

Réckbléck op e staarke Moment e Freideg 25.3.

Klickt op d’Foto fir d’Billergalerie ze kucken...

Als Äentwert op dem Poopst Franziskus säi weltwäite Gebietsopruff fir de Fridden, an op Ufro vun den ukrainesche Bëscheef fir souwuel Russland wéi d’Ukrain an dësen dramateschen Deeg der Muttergottes ze weien, huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich de leschte Freideg, 25. Mäerz, a Presenz vun der ierfgroussherzoglecher Koppel am Kader vun engem besonnesche Gebietsmoment, och zu Lëtzebuerg Russland an d’Ukrain der Kinnigin vum Fridde uvertraut.

Iwwer 400 Gleeweg aus verschiddene Gemeinschaften, Nationalitéiten a Mouvementer haten sech an der Garer Kierch afonnt fir mat enger Stëmm fir de Fridden ze bieden. Musikalesch gouf d’Feier vum jonken Organist Sidney Scho op der Uergel begleed. D’Giulia Pagliarini huet um Cello gespillt an d’Mme Solomia Storozhynska, eng ukrainesch Musikerin, huet d’Weiegebiet op der Gei begleet. Och verschidden Ambassaden, dorënner d’Verënnegt Staten a Polen waren um Rendez-vous.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu