lb | fr | pt | en |
Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich: “Ech wëll mech vun déifstem Häerz entschëllegen bei allen Affer”
Kuckt de Video vun der Pressekonferenz iwwer d’Protektioun vu Mannerjäregen an der Kierch zu Lëtzebuerg
An der Suite vun der Reunioun vum 21. bis de 24. Februar am Vatikan iwwer d’Protektioun vu Mannerjäregen an der Kierch war en Donneschdeg, 28. Februar, eng Pressekonferenz mat der Participatioun vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, dem Generalvikar Leo Wagener, dem Offizial Dr. Patrick Hubert an der Dr. Martine Jungers, Mëssbrauchs- a Preventiounsbeoptraagt vun der Diözes.
Wärend der Pressekonferenz sinn d’Intervenanten op d’Renconter zu Roum agaangen, hunn Informatiounen zu de gemellte Fäll bei der Kontaktplaz fir Mëssbrauchsaffer tëscht 2011 an 2018 ginn, d’Mesurë virstellen, déi d’Kierch zanter 2010 ergraff huet am Beräich vun der Protektioun vun Affer an an der Preventioun, an déi kiercherechtlech Aspekter ugeschwat. Als éischt awer huet den Här Äerzbëschof sech bei allen Affer vun déifstem Häerz entschëllegt.
- Leitlinien der Erzdiözese Luxemburg für den Umgang mit sexualisierter Gewalt an Minderjährigen und schutzbedürftigen Erwachsenen im kirchlichen Bereich
- Kommuniqué der Kontaktstelle für Missbrauchsopfer
- Décret archiépiscopal concernant les prestations en reconnaissance du mal infligé aux victimes de violences sexuelles
- Verhaltenskodex zur Prävention aller Formen von Gewalt im Erzbistum Luxemburg
- Rapport 2021 du ’Point de contact pour les victimes d’abus’