lb fr pt en
 
13. September 2017

Zesummen an d’Wollek! Wéi kënne mir zesummen an der Cloud schaffen?

De 14. Oktober ass Cathol Web Dag: Häerzlech Invitatioun!

De Service Communication et Presse invitéiert Iech häerzlech op säi Cathol Web Dag 2017 (fréier “Wiefstull-Dag”).

De Cathol Web Dag ass fir all d’Mataarbechter (haaptberufflech oder benevole) vun der Kierch zu Lëtzebuerg, déi iergendwéi an hirer Par, Service, Mouvement, Kongregatioun, asw. matschaffen.

Am Mëttelpunkt vum Programm sti praxisorientéiert Atelieren – vu Seriëbréiwer iwwer sozial Netzwierker an Newslettere bis hin zu Videoe mam Handy, SPIP-Nohëllef an en Update vun der eegener Homepage.

Schwéierpunkt dëst Joer: Zesummen an d’Wollek! Wéi kënne mir zesummen an der Cloud schaffen?

De Cathol-Web-Dag ass e Samschdeg, de 14. Oktober 2017 vun 8.45 bis 16.15 Auer. Dëst Joer ass et am Centre Jean XXIII (Séminaire) op 52 rue Jules Wilhelm, Lëtzebuerg-Neiduerf.

Käschten: 19 Euro (Tarif fir d’Mëttegiessen + Kaffis-Pausen, gëtt op der Plaz bezuelt).

An hei geet et bei d’Umeldung, w.e.g. virum 5. Oktober 2017

All Informatiounen zum Programm vum Dag gëtt et hei

Sidd all häerzlech wëllkomm!

D’Equipe vu cathol.lu freet sech, Iech de 14. Oktober erëm ze gesinn.
Christophe, Domingos, Gilberte, Jang, Jim a Roger

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu