Bëschofswei vum Mgr. Leo Wagener den 29. September an der Kathedral
Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich hat häerzlech agelueden, un der Bëschofswei deelzehuelen
De Mgr. Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, hat häerzlech agelueden, un der Bëschofswei vum Mgr. Leo Wagener e Sonndeg, den 29. September 2019, um 15:00 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg deelzehuelen.
Am Virfeld vun der Bëschofswei waren e Freideg, de 27. September 2019, zwou Gebietsveilléeën: um 18:30 Auer an der Kierch zu Walfer an um 19:00 Auer an der Kierch zu Houschent.
Wie bei Geleeënheet vun der Bëschofswei vum Mgr. Leo Wagener e Geste maache wëllt, kann dëst maache mat engem Don un d’Fondatioun Sainte-Irmine fir de Fonds d’avenir vun der Kierch oder fir den Accueil vun zwou Flüchtlingsfamilljen hei zu Lëtzebuerg (Mentiounen: „Ordination épiscopale – Fonds d’avenir“ oder „Ordination épiscopale – Accueil réfugiés“): CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000.
De leschte 24. Juli war de Chanoine Leo Wagener vum Poopst Franziskus zum Titularbëschof vun Aquae Novae in Numidia an zum Weibëschof an der Äerdiözes Lëtzebuerg ernannt ginn. Seng Bëschofsdevise ass: AD FONTES FIDEI – ZU DE QUELLE VUM GLAWEN – AUX SOURCES DE LA FOI.
Haaptkonsekrator war den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, Matkonsekratore sinn de Mgr. Fernand Franck, emeriéierten Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, an de Mgr. Georg Bätzing, Bëschof vu Limburg.
- Usprooch vum neie Weibëschof Mgr. Leo Wagener
- E Bëschofsstaf fir den nei ernannte Weibëschof Leo Wagener
- Bolla Vescovo Ausiliare di Lussemburgo (LAT)
- De Poopst Franziskus huet de Chanoine Leo Wagener zum Weibëschof an der Äerzdiözes Lëtzebuerg ernannt
- Nos hommages, notre sincère reconnaissance et nos voeux de prospérité à l’évêque auxiliaire