lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 26. Juni gouf vun Éinen iwwerdroen
D’Sonndesmass um 13. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Éinen iwwerdroen. Den Ensemble vocal Ste Cécile Éinen séngt d’Mass. Organist ass de Paul Wio. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
Den Ensemble vocal Ste Cécile Éinen
Den Ensemble vocal Sainte Cécile Éinen féiert a solistescher Besetzung d’Traditioun vun der Chorale Ste Cécile Ehnen weider, déi 1852 als eelsten Duerfveräin gegrënnt gouf. D‘Sänger setzen sech fir de Musel-Repertoire an, z. B. mat hirer CD „Léiderschall am Museldall“, si organiséiere klassesch Concerten doheem an am Ausland a sangen säit e puer Joren d’Radiosmass an der ronner Kierch vun Éinen.
Dëst Joer widmen se d’Tëleesmass dem Undenken vun hirem den 23. Mee 2022 verstuerwenen Comitees-Member Camille Hein.
Et sangen: Anna Berna, Lynn Schumacher, Jean-Marie Sadler a Carlo Entringer.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Praeludium | Michael Haydn |
---|---|---|
Agangslidd | Lobe den Herren | J. Neander / Stralsund 1665 |
Kyrie | Hier liegt vor deiner Majestät - Deutsches Hochamt (1795) | Michael Haydn |
Gloria | Gott soll gepriesen werden | Michael Haydn |
Alleluja | Alleluja KV 165 | Wolfgang A. Mozart |
Credo | gebiet | |
Offertoire | Nimm an, o Herr, die Gaben | Michael Haydn |
Sanctus | Singt heilig, heilig, heilig | Michael Haydn |
Benedictus | Missa brevis KV 275 | Wolfgang A. Mozart |
Agnus Dei | Laudate Dominum / Vesperae solennes KV 339 | Wolfgang A. Mozart |
Kommioun | O Herr, ich bin nicht würdig | Michael Haydn |
Ave verum KV 618 | Wolfgang A. Mozart | |
Schlusslidd | Mäi Wéngert | N. Hein / N. Entringer |
Sortie | Kirchensonate A-Dur KV 145 | Wolfgang A. Mozart |