lb fr pt en
 
5. Dezember 2017

D’Sonndesmass gëtt vu Biekerech iwwerdroen

Dëse Sonndeg live um 9 Auer a Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gëtt um 2. Advent, den 10. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vu Biekerech iwwerdroen. D’Chorales réunies “Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul & Réiden/Atert” sangen ënnert der Leedung vum Josette Ourth, op der Uergel begleet de Carlo Philippe.

Chorales réunies “Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul & Réiden/Atert”

Siwwenzéng Joer scho schaffen déi dräi Choralle Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul matenaner an hu fir de Moment emol esou op eng elegant Manéier hire Problem vum Nowues geléist. Zënter siwe Joer besteet och eng Zesummenaarbecht mat der Chorale Ste-Cécile Réiden/Atert, well béid Formatiounen déi selwecht Dirigentin hunn. Wann d‘Aufgab vun dësen zwee Gesangveräiner doranner besteet, Massen an aner reliéis Feiere musikalisch z’encadréieren, esou stinn och weltlech Optrëtter vun Zäit zu Zäit um Programm. Mat iwwer véierzeg Membere wäert dës gutt opgestallte Formatioun, d’Choralle Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul an d’Chorale Réiden/A., och iwwer d’Joer 2017 eraus besuergt bleiwen, dee richtegen Toun ze fannen an e gutt Klangbild ofzeginn.

Weider Informatioune ginn et iwwer Tel.: 621-227130 (A. Brauch).

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Präludium in g (BWV 558) J. S. Bach
Agangslidd Wir warten auf das Licht Klaus Heizmann
Kyrie Petite Messe du St-Sacrement Abbé Bourguignon
Zwëschegesang Fais-nous voir, Seigneur, ton amour (Ps. 84)
Alleluja Halleluja Jerry Sinclair / Klaus Heizmann
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Alle Menschen höret auf dies neue Lied Wim ter Burg / Peter Reulein
Sanctus Missa in hon. S. Mariae A. Löhle
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei La paix aura ton visage Bernard Rey / Patrick Colombo
Kommuniounslidd Macht hoch die Tür Halle / Siegfried Singer
Schlusslidd Lichterzeit - Freudenzeit Klaus Heizmann
Sortie: Uergel Nun komm der Heiden Heiland (BWV 659) J. S. Bach

Chouer: Chorales réunies “Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul & Réiden/Atert”
Dirigentin: Josette Ourth
Organist: Carlo Philippe

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu