lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass um Dräifaltegkeetssonndeg gouf vu Bieles iwwerdroen
De 26. Mee gouf d’Houmass vu Bieles iwwerdroen. De Cercle Vocal Belval-Metzerlach huet ënnert der Direktioun vum Csaba Fazekas gesong, op der Uergel begleet vum Claude Clement. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De Cercle Vocal Belval-Metzerlach
De Cercle Vocal as 1960 an der deemoleger neier Par BelVal-Metzerlach gegrënnt gin. No dem Verloscht vun der Heemechtskierch as dee mëttlerweil klenge Grupp vun engagéierte Sängerinnen ëmmer nach ganz aktiv. Virun allem déi musikalesch Gestaltung vun der Liturgie op de Feierdeeg gesin d’Sängerinnen mat hirem Dirigent Csaba Fazekas als hiren Dingscht un der chrëschtlecher Gemeinschaft vun der Par Suessem. Ënnerstëtzen si dach esou mat hirem Talent d’Mënschen am Gebiet.
Si begleeden mat hirem Sangen och d’Famillen an Trauer bei Begriefnisser an deelen d’Freed bei Hochzäiten. D’Sängerinnen vum Cercle Vocal leeën vill Wäert op gutt Sangen a Frëndschaft. An hire Prouwen Dënschdes vun 19.30 – 21.30 Auer heeschen si och gären nei Sänger/innen wëllkomm!
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Improviséierte Prélude | |
---|---|---|
Agangslidd | Sehnsucht nach Frieden | G.F. Händel |
Kyrie | Missa brevis in Es | N. Feibel |
Gloria | Missa brevis in Es | N. Feibel |
Alleluja | Halleluja | C. Mawby |
Credo | gëtt gebiet | |
Fürbitten | O Lord, hear my pray‘r | LD 60 |
Gowelidd | Siehe, wir kommen | W. Mugglin |
Sanctus | Missa brevis in Es | N. Feibel |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa brevis in Es | N. Feibel |
Kommioun | Improvisatioun | |
Schlusslidd | God be in my head | J.Rutter |
Uergel: Sortie | Improviséiert Chaconne |
Foto vun der Kierch: JimHawk at lb.wikipedia